Kulturfabrik – De Programm vum 27. Juli bis den 1. August 2020
Och an dëser Woch huet d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht nees e
[onionbuzz quiz-id=30][/onionbuzz] Nodeems mer d‘lescht Woch schonn e puer méi
E Méindeg huet de Schäfferot siwen nei Eefamilljenhaiser, déi als
Wa Cargolux a LuxAirport elo net déi grouss Suergekanner waren, esou gesäit dat bei der Luxair däitlech méi schlecht aus. Hei solle bis zu 20% vun den Effektiver ofgebaut ginn. Gëschter am Nomëtte gouf dann awer ee prinzipiellen Accord fonnt, a kee vun de 600 betraffene Mataarbechter soll ouni Perspektiven entlooss ginn.
Fir den Transportminister ass déi sougenannt Tripartite-Aviatioun elo schonn en Erfolleg. Hie war siichtlech erfreet, datt d‘Gespréicher konstruktiv an op Aenhéicht konnte gefouert ginn. Nach muss dat elo alles zu Pabeier bruecht ginn, mee och dat sollt sech zäitno erginn, wëll schonn den 9. November wëllen d‘Sozialpartner hire Krop ënnert den Accord setzen. Den Haaptakzent huet dann och um Plang fir de „Maintien dans l‘emploi“ geleeën, dee sech iwwer 3. Joer erstreckt.
Esou huet de François Bausch drop higewisen, datt entspriechend de virleiende Previsiounen, vun de 600 betraffene Luxair-Mataarbechter, der ronn 300 vum Prepensioun-Mechanissem profitéiere sollten, déi aner ginn an enger Cellule de Reklassement integréiert. Dat alles huet awer säi Präis. Wat et kaschte wäert konnt de Minister gëschter nach net soen, och wann eng Zuel an de Raum gestallt gouf, esou hunn hei d‘Finanz- a Aarbechtsministeren och nach ee Wuert matzeschwätzen.
De CEO vun der Luxair, Gilles Feith, deen am Virfeld déi lescht Zuele virgeluecht huet ass sech bewosst datt senger Entreprise turbulent Zäite bevirstinn an et dierf een him gleewen, net mat Begeeschterung seng Leit an d‘Preretraite oder de Reklassement ze schécken. Seng Missioun ass awer elo d‘Jalonen ze setzen, fir datt een dës Kris esou gutt wéi méiglech iwwersteet, fir dann, wann et mat de Konjunktur nees Biergop geet, nees Zukunftsfäeg ze sinn. Einfach gëtt dat net.
Esou huet d‘Luxair tëscht Januar a September ee Minus vu 69% bei der Passagéierzuelen notéiert, bei LuxairTours ass et ee Minus vun 63% bei de Vakanzereservatiounen. Dat wierkt sech dann och op eng ganz Rei aner Servicer aus, wéi beispillsweis de Catering. Wann et op Säite vun der Fracht an den Déngschtleeschtungen nach iwwersiichtlech bleift, esou sinn awer och dës Servicer immens Konjunktur ofhängeg. De „worst case“ wier hei eng konjunkturell Rezessioun, esou de Gilles Feith.
Als éischt emol muss een drop hiweisen, datt d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB sech och ganz zefridde gewisen, wat déi ganz Gespréicher betrëfft. Si haten den Erhalt vum Kollektivvertrag als eng vun de grondsätzleche Konditiounen an d‘Entrevue matgeholl an hu Satisfaktioun kritt. Gutt et gëtt eng Konzessioun, déi si gemaach hunn: et kënnt iwwert déi nächst dräi Joer net zu Erhéijungen an der Pai. Dat mécht Sënn an et dierft esou och de Fall an nach ganz vill anere Secteure sinn.
De President vum LCGB (Majoritär), Patrick Dury, huet nach emol drop verwisen, datt ee sech hei an enger duerchaus dramatescher Situatioun befënnt, an et sécherlech richteg ass festzestellen, datt hei d‘Personal zolidd eppes ofverlaangt kritt. D‘Géigeleeschtung wier awer den Erhalt vun der Aarbecht, an dat wier erwisenermoossen déi éischt Prioritéit vun der Tripartite-Aviatioun gewiescht.
D‘Michelle Cloos, Zentralsekretärin vum OGBL, begréisst datt am Kontext vum Kollektivvertrag net un den Errongenschafte gefréckelt gouf. Well och gewosst ass, datt de Fonds fir d‘Aarbecht net eleng d‘Luxair rette kann, wäerten sech och d‘Aktionäre positionéiere mussen. Gutt de Staat ass dee gréissten Aktionär a vun dëser Säit sollt et keng Diskussioune ginn. Mee och déi aner: Spuerkeess (21,4%), d‘BIL (13,2%) an den italienesche Grupp „Delfin“ (13,2%) mussen dat wëllen.
Illustratioun: © Christoffer Engström / unsplash