Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen
Neiegkeeten

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen

Lëtzebuerg ass eent vun de leschten europäesche Länner, datt sech

money
Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA
Neiegkeeten

Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA

Et si schwiereg Zäite fir den US-Handelsbeoptraagte Robert Lighthizer. Bei

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp
Neiegkeeten

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle

Tripartite-Loftfaart: Si hunn ee Plang!

Et geet dem Loftfaartsecteur net gutt a Restrukturatiounen imposéieren sech, mee d‘Sozialpartner schéngen e Wee fonnt ze hunn, wéi sech alles arenke léist

Tripartite-Loftfaart: Si hunn ee Plang!

Nom Protestpiquet um fréie Muere virum Héichhaus op der Europaplaz, haten sech Regierung, d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL mat den Direktere vu LuxAirport, Luxair an der Cargolux zu engem éischte Gespréich zesummegesat. Kuerz viru Mëtteg hunn se da géintiwwer der Press „wäissen Damp“ opklamme gelooss…

Den Transportminister François Bausch (déi gréng) huet aleedend nach emol drop higewisen, datt de Loftfaartsecteur ee mat de betraffenste Secteuren am Kontext vun der Coronaviruskris, dem Lockdown an dee Reesbeschränkunge war an och nach ëmmer ass. De Minister geet dann elo och net dovunner aus, datt dëse Secteur virun 2024 nees eng gewëssen Normalitéit erreeche kann.

Tripartite

Den Transportminister François Bausch geet net dovunner aus, datt et esou eppes wéi eng Normaliséierung am Loftfaartsecteur virun 2024 ka ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Fir d‘Jalonen ze setzen, déi et bis zu dësem Stéchdatum solle méiglech maachen d‘Loftfaart zu Lëtzebuerg um Liewen ze erhalen an eventuell och méi kompetitiv ze gestalten, hätt ee sech an der Gespréichsronn drop accordéiert een Aarbechtsgrupp anzesetzen, deen elo zäitno soll ee Plang ausschaffen, mat deem d‘Bréck bis 2024 ka geschloe ginn. Erhofft gëtt sech ee Plang 2020-2023.

Tripartite

De President vum LCGB, Patrick Dury, hat de passende Gesiichtsausdrock matbruecht. © Martine de Lagardère / moien.lu

Wann d‘Cargolux eppes manner betraff wier, esou den Transportminister, heescht et net, datt och si Deel vun der grousser Famill ass, esou wéi och LuxAirport. D‘Luxair awer déi betraffenst vun den Entreprisen, wat op de gravéierenden Abroch bei de Passagéierzuelen zeréckzeféieren ass, och wann den Direkter Gilles Feith gëschter do nees eppes méi Zouversiicht opkomme gelooss huet.

Tripartite

Vum Michelle Cloos (OGBL) gouf begréisst, datt d‘Gespréicher konstruktiv gelaf sinn, an et eng Eenegung ze gi schéngt, keng Leit entloossen ze wëllen. All déi zur Verfügung stoend Mechanissem solle genotzt ginn, fir dëser Kris entgéintzewierken. © Martine de Lagardère / moien.lu

Am genannten Aarbechtsgrupp solle Vertrieder vum Aarbechts-, Finanz- an Transportministère zesumme mat de Vertrieder vun de Gewerkschaften an den Entreprisen e Wee fannen, mat deem d‘Aarbecht erhale bleift an et net zu de sougenannte „licenciements secs“ komme soll. Säitens de Gewerkschaften hätt et an dëser Hisiicht och schonn eng ganz Rei valabel Propose ginn.

Tripartite

De CEO vun der Luxair, Gilles Feith, huet keen Ëmwee benotzt an einfach emol däitlech gemaach, datt et der nationaler Fluchgesellschaft richteg schlecht geet. Et wier een awer och net drop aus, leit mussen ze entloossen, firwat dem Aarbechtsgrupp vill Verantwortung zoukënnt. © Martine de Lagardère / moien.lu

De François Bausch geet dovunner aus, datt bis Enn Oktober ee Plang ka virgeluecht ginn, mat deem esouwuel d‘Zukunftsperspektive vun der Luxair, wéi och den Ëmgang mat de längst geplangten Investitioune beliicht kënne ginn. Gewosst ass awer, datt et eng Beschäftegungsgarantie gëtt, d‘Preretraite an d‘Ausléine vun Aarbechtskraaft hei eng wichteg Roll ze spille kréien.

Tripartite

Wann de CEO vun der Cargolux, Richard Forson, fir den Ament net déi Problemer vun der Luxair huet, esou ka seng Entreprise awer ee Schlësselelement vun der Léisung sinn. Wéi dat ausgesäit, wäert een no der nächster Sëtzung vun der Tripartite Mëtt Oktober kënne gewuer ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Fir de President vum LCGB, Patrick Dury, war schonn erfreelech, datt d‘Tripartite-Gespréich ganz konstruktiv verlaf ass, an och wann een net op déi strukturell Problemer konnt agoen, een hei elo eng Grondlag geschafen hätt. Wichteg wier et elo sech eens ze ginn, wéi ee mam iwwerschëssege Personal gedenkt ze verfueren. Hie war awer net méi esou pessimistesch wéi nach um Moien.

Tripartite

LuxAirport, mat senge ronn 330 Salariéeën, ass wuel och an enger mitigéierter Situatioun, mee de CEO Rene Steinwachs stellt kloer, datt déi lancéiert Investitiounen an d‘Infrastrukture bäibehale solle ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Konstruktiv mam Problem ëmgoen, datt ass och de Wonsch vun der OGBL-Vertriederin Michelle Cloos. Si leet grousse Wäert drop, datt d‘Kollektivverträg respektéiert a méiglechst jidderee kann an Aarbecht gehale ginn. De Luxair-Direkter Gilles Feith huet un a fir sech och keng Loscht Leit entloossen ze mussen, an geet dovunner aus, datt een zesummen dësem Problem kann Här ginn.

De Richard Forson, CEO vun der Cargolux, weist drop hin, datt et fir déi Gesellschaften, déi majoritär op Passagéieropkommes ugewise sinn, am schwieregsten ass. Mee d‘Cargolux géif net vun sech ofzeechnender Wirtschaftskris verschount. De CEO vu LuxAirport, Rene Steinhaus, huet drop higewisen, datt déi geplangten Infrastrukturprojete wéi virgesi solle realiséiert ginn.

Foto: Moies haten sech d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL zum engem Protestpiquet afonnt, an esou waren déi vill Leit, déi onmëttelbar um der Tripartite-Sëtzung bedeelegt waren, dann och schonn eppes drop higewise ginn, datt ee keng Zweiwel wéilt opkomme loossen, wat et mat der Kampfbereetschaft op sech hätt. D‘CGFP huet sech dann och mat de Salariéeë vum Secteur solidaresch erkläert. © Shari Pleimelging / moien.lu

Ähnlech Sujeten Cargolux, François Bausch, Gilles Feith, LCGB, Luxair, LuxAirport, Michelle Cloos, OGBL, Patrick Dury, René Steinhaus, Richard Forson, Tripartite Aviation
Nächsten Artikel Virrechten Artikel