Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm
Neiegkeeten

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm

Ëlwen / Troisvierges, Gehaansbierg / Mont Saint Jean, Larochette /

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral
Neiegkeeten

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral

D‘Rechter vun de Fraen am arabesche Raum waren nach ni

Ride2Go – Mat Covoiturage géint de Stau
Neiegkeeten

Ride2Go – Mat Covoiturage géint de Stau

Europäesch Automobil-Clibb wëllen ee länneriwwergräifend Pendlernetz a Lëtzebuerg, der Schwäiz,

Éischt konstruktiv Léisungsusätz

Éischt konstruktiv Léisungsusätz

Op dësem Freideg huet am Schlass zu Senneng op Drock vun den dräi national representative Gewerkschaften déi éischt Tripartite-Sëtzung zanter 10 zéng Joer stattfonnt. Regierung, Vetrieder vum Patronat a Gewerkschaften – dorënner och d‘CGFP – hu gemeinsam no engem Auswee aus der Covid19-Kris gesicht.

Bei der ronn fënnefstënneger Verhandlung, ass haaptsächlech drëms gaangen. d‘Wirtschafts- a Finanzlag, esou wéi d‘Lag um Aarbechtsmaart am Liicht vun den Auswierkunge vun der Covid19-Kris ze beroden. Regierung a Sozialpartner haten ee Meenungsaustausch zu verschiddene Mesuren, déi besonnesch den Erhalt vun Aarbechtsplazen an d‘Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet assuréiere sollen.

D‘Gespréicher si wäitgoend konstruktiv verlaf: D‘Verhandlungspartner konnten sech op Léisungen eenegen, déi déi ugespaante Lag um Aarbechtsmaart entschäerfe sollen. Dës Moossname ginn déi nächst Woch vum Staatsminister Xavier Bettel, esou wéi vu béide Vizepremierministeren Dan Kersch a François Bausch am Detail virgestallt. Gläichzäiteg gëtt am Permanente Comité fir Aarbecht a Beschäftegung (CPTE) – mat der Bedeelegung vun der CGFP – auféierlech iwwert d‘Resultater vun dëser Sëtzung beroden.

Am Uschloss un déi haiteg Tripartite-Sëtzung, huet den CGFP-Nationalpresident Romain Wolff, géintiwwer de Medien nach emol eng Lanz fir eng gerecht Steierreform gebrach. Eenzelheeten zu dësem Projet ware vu Regierungssäit och e Freideg net an Erfarung ze bréngen.

D‘CGFP begréisst et, datt deen an tuddele gerodene Sozialdialog lues awer sécher nees u Faart gewënnt. Nach Enn d‘lescht Joer haten sech déi dräi national representativ Gewerkschaften op enge gemeinsamer Protestkundgebung iwwert ee Mangel un Gespréichsbereetschaft säitens dem Patronat beschwéiert. Mat Zefriddenheet hëlt den Daachverband vun allen ëffentlech Beschäftegten elo zur Kenntnis, datt sech d‘Regierung um Freideg derzou verflicht huet, de Rekrutement am ëffentlechen Déngscht fortzesetzen an déi fir 2020 virgesi Plaze bis Joresenn ze besetzen.

Mat Bedauere stellen d‘CGFP-Vertrieder allerdéngs fest, datt eng Rei vu wichtegen Theme bei dëse Verhandlungen net ugeschnidde goufen, wei zum Beispill, wéi en Afloss d‘Covid19-Kris op de Sozialversécherungssystem hëlt. Fir d‘CGFP steet vu virera fest, datt et keng Verschlechterunge bei de Sozialleeschtungen dierf ginn. Zil muss et sinn, de Sozialdialog zugonschte vum wirtschaftlechen Opschwong ze stäerken, ouni dobäi de sozialen Zesummenhalt ausser Uecht ze loossen. Nieft der Ofsécherung vun der Beschäftegung, stellt den Erhalt vun der Kafkraaft eng weider CGFP-Prioritéit duer.

Positiv aus der Siicht vun der CGFP ass, datt d‘Regierung dës Sëtzung net als eng lästeg Flichtübung ofgedoen huet. Zur Rentrée no der Summervakanz, fënnt eng weider Tripartite statt. Ee konkreten Datum steet zur Stonn nach net fest. Bei dëser zweeter Sëtzung soll ënnert anerem deng Bilan vun den Aarbechte gemaach ginn, déi bis dohinner am CPTE erfollegt sinn. Dees Weidere sol déi weider Entwécklung vun der Covid19-Kris an d‘Iwwerleeungen afléissen.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Jean-Christophe Verhaegen / SIP

Ähnlech Sujeten CGFP, LCGB, OGBL, Regierung, Sennenger Schlass, Tripartite, UEL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel