Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”
Neiegkeeten

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”

Bicher a Verfilmungen – dat ass esou eng Saach… Well

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen
Neiegkeeten

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen

Wann een zréck op d‘Joer 2017 bléckt, wou mat 25

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass

Bei der éischter Sëtzung vun der Tripartite hu sech Regierung, Gewerkschafte a Patronat op Grondsätzleches verstännegt kritt: d‘Relance vun der Aarbecht

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass

D‘Verhandlungen hunn sech iwwer fënnef Stonnen higezunn, wat schonn eng Undeitung ass, datt d‘Gespréicher an der déift gefouert goufen. Dës Tripartite gouf vum Premierminister Xavier Bettel geleet, an dëse konnt de Medien uschléissend bestätegen, datt den Austausch transparent a konstruktiv war. Et dierf een drun erënneren, datt d‘Patronat bilateral Gespréicher bevirzucht hätt.

Fir de Premier war et och wichteg ervirzehiewen, datt d‘Sozialpartner hei gutt berode sinn sech net géigesäiteg d‘Schold zouzeweisen, schliisslech wier kee fir déi sanitär Kris verantwortlech. De Xavier Bettel stellt weiderhi fest, datt ee sech bei dëser Entrevue net an alle Punkte konnt verstännegen, mee all d‘Acteuren zougesot hunn sech fir d‘Wirtschaft an d‘Aarbecht anzesetzen.

D‘Siicht vun de Sozialpartner

Säitens dem OGBL gëtt d‘Sëtzung vun der Tripartite als „ee gudden Ufank“ bezeechent. Hei huet d‘Presidentin Nora Back ënnerstrach, datt et elo wichteg ass, nees d‘Vertraue bei de Leit opzebauen an déi richteg Entscheedungen ze huelen. Bei dësem éischten Echange huet dann och d‘Aarbecht, respektiv de Chômage, d‘Diskussioune beherrscht. 10 Moossname goufen hei zréckbehalen.

De President vun der CGFP begréisst, datt ee sech konnt drop verstännegen, datt et an dësem jo awer schwieregen Dossier zu weideren Entrevue komme wäert, an de LCGB-President Patrick Dury ass zefridden, datt „positiv Gespréicher zu positive Resultater“ gefouert hunn. Déi nächst Treffe fannen am Kader vum Permanente Comité fir Aarbecht a Beschäftegung (CPTE) statt.

Eng Institutioun déi am Hiecht vum Verband vun de Lëtzebuerger Entreprisen (UEL) boykottéiert ginn ass, an am Sennenger Schlass vun hirem President Nicolas Buck representéiert gouf. Dee verlaangt d‘Aktivatioun vum gesamte Privatsecteur an d‘Bäibehale vun der Investitiounspolitik. Hie begréisst, datt een sech drop eenege konnt, datt sech op d‘Welt muer muss virbereet ginn.

10 Mesure goufe festgehalen:

1) D‘Hëllef bei der Astellung vu Chômeure gëtt op d‘Demandeuren ënner 45 Joer ausgewäit. Hei kënnen d‘Employeure déi sozial Cotisatioune fir 12 Méint rembourséiert kréien;

2) d‘Stagen zur berufflecher Qualifikatioun gi bäibehalen. Dat ass ee Programm deen den Demandeuren ënnert 30 Joer virbehalen ass;

3) d‘Modalitéite vum Vertrag zur berufflecher Widderaglidderung (CIE) mussen op de Leescht geholl a reviséiert ginn. Esou kënnen Employeuren, déi Mënschen ënnert 30 Joer astellen, en Deel vum Gehalt, mee d‘Integralitéit vu soziale Cotisatiounen (de Partonatsundeel) rembourséiert kréien;

4) Entreprisen déi zousätzlech Léierplaze schafe gi vum Staat ënnerstëtzt;

5) d‘Hëllefe fir d‘Kreatioun vun enger Entreprise gi verstäerkt;

6) D‘Rekrutementer beim Staat an de Gemenge gi bäibehalen. Zil wier et elo séi déi fräi Plazen ze besetzen;

7) d‘Schafung vun 300 zousätzlechen Unitéiten am Kontext vun der entschiedegter temporärer Beschäftegung (OTT) ass aktéiert. Hei geet et drëms d‘Demandeure fir Asyl, déi schon entschiedegt ginn, engem Patron zur Verfügung ze stellen;

8) d‘Schafung vun enger Task-Force zur Entwécklung vun de Kompetenze schéngt decidéiert. Den Aarbechts- an den Educatiounsminister, mussen elo mat de Gewerkschaften iwwert d‘Modalitéite beroden;

9) bei der ADEM gëtt de Comité, dee sech mat der Gestioun vum Placement fir d‘Demandeure beschäftegt, verstäerkt;

10) eng Investitiouns Task-Force soll och geschafe ginn. Des nei Ekipp soll sech mat de groussen Infrastrukturprojeten, wéi och dem Opbau vum 5G-Reseau ausenanersetzen.

Foto: © Jean-Christophe Verhaegen / SIP

Ähnlech Sujeten CGFP, LCGB, OGBL, Regierung, Sennenger Schlass, Tripartite, UEL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel