Search

You may also like

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet
Neiegkeeten

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet

Et ass en Trappewitz vun der Geschicht an et sollt

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung

Den 21 September 2018 huet de Regierungsrot seng Zoustëmmung zum

Mazedonien wëll an d’EU
Neiegkeeten

Mazedonien wëll an d’EU

De Sozialdemokrat Zoran Zaev, deen haut als Premierminister vu Mazedonien

+30°C ab elo?

Et sollen „tropesch“ Temperaturen op eis duer kommen… heescht et

+30°C ab elo?

Wann de Mee nach verhältnesméisseg kill bliwwen ass, esou soll et schonn ab dësem Samschdeg zolidd méi waarm ginn. Dat zumindest wëlle Wëssenschaftler unhand vu Wiedermodeller erausfonnt hunn. Hei geet esouguer rieds vun tropeschen Nuechten. Alles quatsch oder doudeescht?

D‘Wiederprevisioune fir déi nächst Deeg ginn dat elo net wierklech hir. E Bléck op déi aktualiséiert Wiederkaart weist éischter op Reen hin. D‘Langzäitprevisioune (10 Deeg) verweisen op e gëllegt a summerlecht Wieder, mat geleeëntleche Schauere bis hin zu Onwieder. Behalen dës Previsioune Recht, kann et Landeswäit dagsiwwer bis zu 30°C waarm ginn.

Interessant hei de Constat, datt – esou zumindest verschidde Wiedermodeller – et nuets net méi esou ofkille soll. Dat géif bedeiten, datt mir eis un Nuetstemperature vun ëm déi 20°C gewinne missten, wat besonnesch fir eis eeler an krank Matbierger eng éischter schlecht Nouvelle ass. Et dierf een och net vergiessen, datt esou Temperaturen nach aner Gefore verbiergen.

Fir gewéinlech bréngen esou héich Temperaturen och Onwieder mat sech. Wien sech un d‘Biller vum leschte Joer (an déi vun 2016) erënnert, deem dierft dës Informatioun net gefalen. Richteg ass et awer och, datt sech d‘Wieder net ëmmer un d‘Previsiounen hält, een awer gutt beroden ass, déi am A ze behalen. Mat der Wieder-App vum IRM wier een zumindest informéiert.

Illustratioun vun Imagine

Related topics Klimawandel, MeteoLux, Previsiounen, Tropesch temperaturen
Next post Previous post