De Bolsonaro „spillt“ mam Feier
Zanter Wochen hänken eekeleg Dampwolleken iwwert der Stad Rio Branco.
Zanter Wochen hänken eekeleg Dampwolleken iwwert der Stad Rio Branco.
US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de
[onionbuzz quiz-id=65][/onionbuzz] Wien all Dag Lëtzebuergesch schreift, dee weess, datt
D‘Stroosse vun der Küstestad am US-Bundesstaat Louisiana si schonn iwwerschwemmt. Vill Leit versichen sech mat Sandsäck ze schützen, anerer kucken sech op héijer geleeë Plazen a Sécherheet ze bréngen. Den Tropestuerm „Barry“ wier derbäi sech am Golf vu Mexiko zu engem Hurrikan ze entwéckelen an dirigéiert sech direkt op New Orléans zou.
Zur Stonn gëtt alles mobiliséiert wat geet: Pompjeeën, Police an Zaldote bereeden sech a Louisiana op den Hurrikan vir. Dee sollt um Freidegowend, eventuell eréischt um fréie Samschdeg antreffen, a mat Wandgeschwindegkeete vu bis zu 120 Km/H iwwer Land zéien. D‘Meteorologen hu „Barry“ zu engem Hurrikan vun der „Klass 1“ agestuuft a behalen dëse Minutt fir Minutt am A.
Gefaart gëtt staarke Reen, deen iwwer Stonnen unhale kann an zu weideren Iwwerschwemmunge wäert bäidroen. Den Hurrikan selwer soll sech lues iwwert d‘Küstestad an d‘Ëmgéigend beweegen an dann an d‘Hannerland ofzéien. De Mississippi soll seng Kapassitéitsgrenz erreecht hunn, firwat de Gouverneur vum Bundesstaat, Jon Bel Edwards, en Donneschdeg den Noutstand ausgeruff huet.
Begrënnt gëtt den Noutstand mam besonneschen Ëmstand an der geographescher Lag vun dësem US-Bundesstaat. Déi dräi gréisste Geforen: Stuermflut, héich Waasserstänn an stonnelaang Reen. Esouwäit een déi aktuell Wiedermodeller berécksiichtegt, muss een dovunner ausgoen, datt New Orléans sech allen dräi Bedreeunge wäert erwiere mussen. Dat alles rappt al Wonnen op…
2005 hat New Orléans et mam Hurrikan „Katrina“ ze di kritt. Well iwwert Joerzéngten ewech kaum bis guer net a Schutzmoossnamen investéiert gi war, koum et zur Katastroph. Enn August 2005 hat „Katrina“, en Hurrikan vun der „Klass 5“ d‘Küstestad zu 80% ënner 7,5 Meter Waasser gesat. Hei waren um Enn 1.836 Mënsche verstuerwen. Zanterhier ass nees an d‘Schutzmoossnamen investéiert ginn…
Op der Säit vum „National Hurricane Center“ (NOAA) kann een d‘Entwécklung vun dësem Stuerm quasi an Echtzäit verfollegen. Méiglech mécht dat de Wiedersatellit GOES-16.
mat indymedia/mia
Satellittefoto: © NOAA