Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen
International Neiegkeeten

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen

„D‘Palestinenser wäerte kee Friddensplang dee vun den Amerikaner virgeluecht gëtt

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée
International Neiegkeeten

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée

Ufangs der Woch ass am Pafendall eng nei “Bud” fir

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus
International Neiegkeeten

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus

Den Donald Trump an de Xi Jinping un e Samschdeg

Tropestuerm iwwert de Philippinnen: 200 Doudeger

Tropestuerm iwwert de Philippinnen: 200 Doudeger

Den Tropestuerm „Tembin“ huet am Süde vun de Philippinnen 200 Mënschen d’Liewe kascht. Dausenden hu misste Flüchten, hunn d’Police an d’Rettungsdéngschter um Sonndeg matgedeelt.

Aus dem Bilan, deen d’Police um Sonndeg virgeluecht huet geet ervir, datt 208 Mënsche verstuerwe sinn, 164 Persoune gi vermësst. Eng 40.000 Awunner hunn hir Haiser verlooss fir an engem vun den Evakuéierungszentren en Ënnerdaach ze fannen. An engem Communiqué vun der internationaler Federatioun vun de Gesellschafte vum Roude Kräiz, ass rieds vu 70.000 déi hiert Doheem solle verluer hunn.

„D’Leit hunn bei hirer Flucht alles hanner sech gelooss“, esou de Patrick Elliott, verantwortlech fir d’Operatiounen an d’Programmer vun der Federatioun. Tembin, deen d’Archipel um Freideg getraff hat, zitt elo iwwer d’Süd-chinesescht Mier.

Laut de lokalen Autoritéite, sinn 135 Mënschen am nërdlechen Deel vu Mindanao verstuerwen an 72 sinn der vermësst gemellt. Op der Hallefinsel Zamboanga (Osten) hunn 47 Leit hiert Liewe verluer an och hei ginn 72 Persoune vermësst.

An der Stad Kabasalan op Zamboanga hunn sech Dosende Familljen iwwer Chrëschtdag bei Nopere verschanzt, nodeems d’Iwwerschwemmunge 40 Haiser zerstéiert a dräi Affer gefuerdert

haten. Esouwäit d’Informatioun vun der Cheffin vun der Zivilverdeedegung Junalyn Maravillo. „Et ass eng Katastroph. Se denken net u Chrëschtdag. Se denke just un dat wat se haut z’Iesse kréien“.

Zudeem huet an der Zentralprovënz vu Lanao del-Sur weider 26 Affer an 20 vermësste Persoune ginn. Hei befënnt sech och d’Duerf vun Dalama, dat den Tropestuerm souzesoe vun der Landkaart geblosen huet.

Onvirstellbar Zerstéierungen

An de Filmbeiträg vun der philippinnescher Tëlee ABS-CBN huet een Haiser gesinn, déi wéi Kaartenhaiser vum Stuerm einfach ewechgeblose gi sinn. Aner Haiser stinn déif ënner Waasser an hei konnt ee gesi, wéi d’Rettungsdéngschter nach eenzeg de Kierper ouni Liewe vun engem Meedchen aus dem Bulli gezunn hunn.

Polizisten, Zaldoten a Fräiwëlleger hunn deels just mat hiren Hänn an den Trëmmer no Iwwerliewende gesicht. Iwwer honnert Haiser vum Duerf Dalama, dat ronn 2.000 Séilen zielt, sinn an de Flute verschwonnen.

Iert sech den Tropestuerm Tembin an d’Süd-chinesescht Mier verofschid huet, ass déi touristesch Insel Palawan och nach duerchgerëselt ginn. De Chef vun der Protection Civile, Zaldy Ablana, huet um Radio DZMM matgedeelt: „Mir hunn aktuell keng Affer ze bekloen, mee et gi Leit vermësst“.

E Mann vun 53 Joer ass allerdéngs ëm d’Liewe komm. Hie war vun engem Krokodil ugegraff ginn, wéi hien dobäi nozekucken, op säi Boot nach ëmmer uerdentlech festgemaach wier. Esou d’Informatioun vun der Police.

Trouscht vum Poopst Franziskus

De Poopst Franziskus huet um Sonndeg fir d’Affer vun den Iwwerschwemmunge gebiet. 80% vun den Awunner op de Philippinnen si Katholiken. „Ech well der Populatioun vu Mindanao meng Gebieder widmen (…)“.

Den Tropestuerm Tembin huet knapp eng Woch nom Tropestuerm „KaiTak“ zougeschloen. Deen hat den Zentrum vun de Philippinnen verwüst an 54 Affer gefuerdert. 24 Persoune goufe vermësst.

Schonn am Juli 2014 hat eng grouss Naturkatastroph ginn. Deemools hat den Taifun „Rammasun“ (Gott vum Donner op thailännesch N.v.d.R.) trotz der massiver Evakuatioun vu bal 400.000 Awunner, honnerten Affer gefuerdert. „Rammasun“ hat och de Vietnam a China schwéier getraff.

A 2013 war et den Taifun Haiyan, een vun de stäerksten Taifune dee jeemools Land getraff hat, deen de Zentrum vun de Philippinnen getraff hat. De hat mat Wandspëtzten iwwer 315 Km/H eng grouss Zerstéierungskraaft antwéckelt.

Risewellen, gläich deene vun engem Tsunami, haten op hirem Wee alles zerstéiert. Ze bekloe waren 7.350 Doudeger, dausende goufe vermësst a iwwer véier Millioune Mënschen haten hir Wunnege verluer.

mam Cecil Morella/AFP

Foto: E Polizist dréit ee jonkt Meedchen duerch d’iwwerflute Stroossen zu Cagayan City. © Josep Devaza/AFP

Ähnlech Sujeten Philippinnen, Tembin, Tropestuerm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel