Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De François Bausch zitt ee positiven Tëschebilan zum PDS
is okcupid a good dating website

De François Bausch zitt ee positiven Tëschebilan zum PDS

De Lëtzebuerger Politiker äussert sech zouversiichtlech zu den ëffentlech Enquêten

mumbai female dating
is okcupid a good dating website

https://moien.lu/online-dating-search-without-joining/

Am Kader vun Nationalfeierdag huet um vergaangenen Dënschdeg d’Familljen- an

What the Fakt – De Saturn a seng Réng
is okcupid a good dating website

What the Fakt – De Saturn a seng Réng

Den technesche Fortschrëtt erlaabt et eis, d’Bild vun eiser Ëmwelt,

Trotz Klimanoutstand…

Investéiert de Lëtzebuerger Pensiounsfong FDC weider a Klimaschiedegend Entreprisen?

Trotz Klimanoutstand…

Déi aktuell Ausschreiwung vum Kompensatiounsfong (FDC) werft op en Neits d‘Fro op, ob d‘Direktioun vum FDC an d‘Regierung et mam Klimaschutz wierklech eescht mengen. De FDC huet am September de Management vun dräi Deelfonge vum Pensiounsfong, mat engem Gesamtvolumme vu bal 5 Milliarden Euro ausgeschriwwen.

De Management vun engem vun dësen dräi Deelfonge vum FDC soll sech um Aktienindex „MSCI Emerging Market Index“ orientéieren – dem Index mat deem héchste Kuelestoff-Foussofdrock vun allen wichtege MSCI-Indexer – ass fir Greenpeace en „No-Go“.

„De FDC huet allem Uschäin no keng Ambitiounen, klimaschiedlech Investitioune konsequent aus sengem Portfolio ze verbannen. Greenpeace appelléiert un dee fir de Pensiounsfong zoustännege Minister Romain Schneider an de Regierungschef Xavier Bettel, dofir Suerg ze droen, datt d‘Ausschreiwung vun den dräi Deelfonge vum FDC, d‘Ziler vum Paräisser Klimaschutzofkommes respektéiert“, erkläert d‘Martina Holbach, Campaigner fir nohalteg Finanze bei Greenpeace Lëtzebuerg. „Wann d‘Regierung de Klimaschutz wierklech eescht hëlt, muss si hir Glafwierdegkeet ënner Beweis stellen an de Pensiounsfong generell dozou verflichten, d‘Investitioune vum Fong a fossil Energie wéi Kuel, Ueleg a Gas ze stoppen“.

Laut dem Paräisser Ofkommes, mussen d‘Finanzmëttelflëss an Aklang bruecht ginn, mat engem Wee hin zu enger, hisichtlech den Zäregaser emmissiounsaarmen a géintiwwer Klimaverännerunge widderstandsfäeger Entwécklung. Fir Greenpeace bedeit dat, datt de Pensiounsfong seng Investitiounen an Kuel-, Ueleg- a Gasentreprise beendege muss.

Greenpeace hat sech Ufank August an engem Schreiwes un dee vir de Pensiounsfong zoustännege Minister Romain Schneider adresséiert. An dësem hat d‘Ëmweltschutzorganisatioun ënnert anerem Informatiounen dozou ugefrot, wéi de Fonds seng Investitiounen an Aklang mat den Ziler vum Paräisser Klimaschutzofkommes brénge wëll. Ausserdeem hat Greenpeace am Schreiwes Informatiounen iwwert d‘Klimafinanzrisiken, déi den Investitioune vum Fong verbonne sinn erfrot. Leider huet sech den zoustännege Ministère bis haut enger Äntwert verwiert, firwat Greenpeace elo versicht iwwert de Wee vum Verwaltungsgeriicht dës Informatiounen ze kréien.

Ënnerstëtzt eis Petitioun: www.fossilfreepensions.lu

Matgedeelt vu Greenpeace Lëtzebuerg, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Oliver Graumnitz / Pixabay

Ähnlech Sujeten FDC, Greenpeace, Klimanoutstand, Kompensatiounsfong, Pensiounsfong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel