Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten
International Neiegkeeten

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten

Den Innokenty Tobonov rammt seng Harpun an e laangen Äisblock,

Noutstand zu Lëtzebuerg: Mesuren, Sanktiounen an Ëmsetzung
International Neiegkeeten

Noutstand zu Lëtzebuerg: Mesuren, Sanktiounen an Ëmsetzung

Zesumme mat der Lëtzebuerger Police an dem Parquet huet den

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik.

Den Trump an de Juncker entschäerfen d‘Kris tëscht Washington a Bréissel

Den Trump an de Juncker entschäerfen d‘Kris tëscht Washington a Bréissel

Den US-President Donald Trump an de Chef vun der europäescher Exekutive, Jean-Claude Juncker hunn um Mëttwoch déi duerch den Handelskrich ausgeléiste Kris entschäerft. Si hunn zudeem eng Rei Decisiounen ugekënnegt, déi d‘Beräicher: Landwirtschaft, Industrie an Energie ofdecken. Wat do am Detail fir béid Partner gläichermoosse profitabel, ass nach net gewosst.

Aus dem Ëmfeld vun de Gespréichspartner war gewuer ze ginn, datt et net soll zu weidere Steieren oder Douanestaxe kommen. Dobäi hat den US-President jo gedreet och den Import vun Autoen aus der EU ze besteieren, wa gewësse Fuerderungen net erfëllt ginn. Virun eppes méi wéi enger Woch, hat den Donald Trump nach an engem Interview gemengt: „Europa ass de Géigner“.

Eppes euphoresch, huet den Donald Trump vun engem „groussen Dag fir de Fräihandel“, an de Gäert vum Wäissen Haus geschwat. D‘Relatiounen tëscht den USA an der EU géifen an eng nei Phas antrieden. No méintelaangem Gestreits a Menacen op béide Säite vum Atlantik, soll et nees eppes méi harmonesch tëscht den Handelspartner hiergoen.

Si hunn dann och allebéid de gemeinsame Wëllen ausgedréckt, d‘Douanestaxe beim industriellen Echange (den Automobilsecteur ass dovunner ausgeholl) ganz ewechfalen ze loossen. Europa soll sech verflicht hunn – quasi elo direkt – vill Soja bei den US-Produzenten ze kafen. An den Donald Trump soll versprach hunn, sech nach emol d‘Besteierung vum Stol an Aluminium ze iwwerleeën.

Gett elo den Handelskrich mat Europa bäigeluecht?

Den däitsche Wirtschaftsminister Peter Altmaier huet d‘Noriicht aus Washington begréisst. Et wier en Duerchbroch mat deem een den Handelskrich verhënneren a Milliounen Aarbechtsplaze rette kann. „Douanestaxen erof, net erop! Fräien Handel a Mio Jobs geséchert“, Twittert den Altmaier. Hien ass erfreet, datt de Jean-Claude Juncker an d‘Cecilia Malmström gutt verhandelt hunn.

„D‘Weltwirtschaft profitéiert wann sech d‘Länner op konstruktiv Aart a Weis ausenanersetze fir hir Differenze beim Handel ze léisen, ouni op aussergewéinlech Moossnamen zréckzegräifen“, huet d‘Christine Lagarde, Generaldirectrice vum Weltwährungsfong (IMF) d‘Entrevue vu Washington kommentéiert. Si hat méintelaang virum Protektionismus gewarnt, deen der Weltwirtschaft schued.

„Mir hunn et haut zu engem Accord bruecht“, verséchert de Jean-Claude Juncker. Zudeem huet den EU-Kommissiounspresident de Wëlle vun der EU ënnerstrach den Import vu Flësseggas (LNG) aus den USA ze intensivéieren, an esou den energeteschen Approvisionnement ze diversifizéieren.

Beim „Véier-Aen“ Gespréich am Oval-Office, hat de Jean-Claude Juncker sech op de Fakt beruff, datt d‘USA an d‘EU d‘Hallschent vum Welthandel duerstellen. Dat een enk Partner an Alliéierter ass, a keng Feinden. Am Owend huet de Milliardär eng Foto op Twitter gestallt, op där ee béid Männer gesäit wéi se sech „Kussen“, woumatter soll verdäitlecht ginn, datt ee Frou mateneen ass.

An am Hannergrond laueren d‘Chinesen…

Fréier vum US-President als „intelligenten awer haarde Verhandlungspartner“ bezeechent, huet den EU-Kommissiounspresident e Mëttwoch „eng verstäerkten Zesummenaarbecht am Energiesecteur“ genannt. De Meeting ass a Südafrika Opmierksam verfollegt ginn, a vu Johannesburg aus huet de chinesesche President Xi Jinping, nees gewarnt, datt et beim Handelskrich keng Gewënner ka ginn.

An datt dem Donald Trump seng Entscheedungen net wierklech déi beschte sinn, léisst sech dann och dorunner erkennen, dat seng Administratioun um Dënschdeg eng „urgent Hëllef“ an Héicht vun 12 Milliarden US-Dollar fir d‘Bauere beschloss huet. Geld datt gebraucht gëtt, fir de Verloscht deen duerch d‘Géigemoossname vu China, Kanada an der EU entstanen ass, opzefänken.

De republikanesche Milliardär huet dann och nach bekannt ginn, datt d‘USA an d‘EU sech wäerten zesummesetzen, fir d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) ze reforméieren. Den Donald Trump huet es déck op d‘Chinese sëtzen, deenen hie virwërft sech intellektuell Proprietéit unzëeegnen an den Entreprisen den Transfert vun Technologien opzezwéngen.

„Mir wäerten enk mat Partner zesummeschaffen déi eis Iddie fir d‘Reform vun der WTO deelen, an eis dem Problem unhuelen, deen duerch deloyal Handelspraktiken, inklusiv dem Déifstall vun der intellektueller Proprietéit, dem erzwongenen Technologietransfert, den Industriesubventiounen, der Verzerrung deen duerch Staatsentreprisen an der Iwwercapacitéit entsteet“, esou den Trump.

Sech „Zréckhalen“ kann den Donald Trump nach ëmmer net

Wann d‘Entrevue dann „zefriddestellend“ war, esou hat den Donald Trump en Dag virun der Visite, nees seng diplomatesch Kompetenzen ënner Beweis gestallt. En Dënschdeg huet de Milliardär, wéi gewinnt Europa verbal ugegraff. Hien ënnerstellt dann och der EU, mat hirem Exportiwwerschoss déi amerikanesch Wirtschaft ze ënnergruewen.

Esou huet hie sech, op déi provokativ Aart a Weis déi ee mëttlerweil vun him gewinnt ass, erfreet, datt all déi Länner déi sech mat den amerikaneschen Douanestaxen erëmschloe mussen „bei hien op Washington komme fir ze verhandelen“. Hien ass deemno iwwerzeegt, datt seng Strategie richteg a noutwenneg war: „Dat wäert seng Friichten droen, d‘Resultat um Enn ass et Wäert“.

Allerdéngs gefält dem Donald Trump seng Verhandlungsweis nach laang net jidderengem. An och an den eegene Reien ass ee vun engem Handelskrich wéineg begeeschtert. D‘Republikaner stinn traditionell fir de Fräihandel: „Ech denken net, datt d‘Douanestaxen déi richteg Äntwert sinn“, esou de Paul Ryan, Fraktiounschef vun de Republikaner am Representantenhaus.

Woubäi de Paul Ryan, deen aus dem Wisconsin staamt, der Heemecht vun Harley Davidson, en eegene politeschen Interêt verdeedegt. Harley Davidson hat zudeem däitlech zum Ausdrock bruecht, datt den Handelskrich sech wäert op den Ëmsaz néierschloen. Et ass dovunner auszegoen, datt et fir déi „Grand Old Party“ bei de Mid-Term Walen net dierft einfach ginn.

mam Jérôme Cartillier an dem Delphine Touitou/AFP

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker mam US-President Donald Trump am Oval-Office. Et wier eng konstruktiv Entrevue gewiescht an et géif een drop hischaffen, sech allen Douanestaxen ze entleedegen. Dofir wier ee bereet och amerikanescht Flësseggas a Soja ze kafen. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, EU, Handelskrich, Jean-Claude Juncker, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel