Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral
International Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019
International Neiegkeeten

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019

Och an dësem Joer proposéiert d’Theaterschoul an der Stad Lëtzebuerg

Diesel-Sommet: Esou laang wéi ee sech eens ass
International Neiegkeeten

Diesel-Sommet: Esou laang wéi ee sech eens ass

Ma do hunn sech déi richteg zu Berlin zesummegedoe. D‘Vetrieder

„Mir hunn en Deal!“ – Trump beendegt Shutdown

„Mir hunn en Deal!“ – Trump beendegt Shutdown

No 35 Deeg Shutdown (Haushaltsspär) ass de Sträit – virleefeg zumindest – tëscht dem Donald Trump an den Demokrate bäigeluecht, an eng 800.000 Mataarbechter kënnen nees op eng Pai oder Schaff hoffen. Déi politesch Kris selwer, ass allerdéngs nach net iwwerwältegt.

Wéi den US-President e Freideg am Rousegaart vum Wäissen Haus virun d‘Mikroe getrueden ass, huet hir gebläert: „Mir hunn en Deal!“. Eng him eegen Interpretatiounsaart, well eigentlech ass nach näischt gekläert, et ass sech eenzeg an eleng op en Iwwergangshaushalt gëeenegt ginn, an dat och nëmme fir d‘Dauer vun dräi Wochen.

Hie muss de Wësch elo nach just ënnerschreiwen a scho kann nees geschafft ginn. Mee den Trump wier net den Trump, wann hien aus dësen „dräi Wochen“ kee politescht Kapital géif erausschloen. Hien ass folgerichteg immens houfreg op sech selwer, a riichtewech aus dem Haischen dierfen ze verkënnegen, datt d‘Regierung nees „op“ gemaach gëtt.

Shutdown

Déi dräi Woche sollen elo vun de Republikaner an den Demokrate genotzt ginn, fir sech iwwert déi vum Donald Trump agefuerdert Grenzsécherung ze eenegen, heescht et aus dem Wäissen Haus. De Milliardär sot awer, datt Barrièren en Deel vum endgültege Plang zur Grenzsécherung musse sinn, an huet op e neits seng Mauer an d‘Gespréich bruecht.

A well et a senger Natur läit, huet de fréiere Star vun enger Tëleerealitéitsshow – den aktuelle muss nach mat enger Ënnerschrëft „erléist“ ginn – och scho Menacen op den Dësch geluecht, an deen nächste Shutdown inklusiv Noutstandsmoossnamen ugekënnegt, sollt et net zu engen „fairen Accord“ kommen. Hien ass de Boss, an dat gëllt.

Wouhinner geet d‘Rees?

Wann de Shutdown sech elo zumindest emol eng Paus gënne kann, esou ass net gekläert, wéi et am Sträit ëm dem US-President seng gefuerdert 5,7 Milliarden US-Dollar, fir déi ominéis Grenzmauer zu Mexiko, steet. Den Oppositiounsleader am US-Senat, Chuck Schumer, huet via Twitter wësse gelooss: „De President huet eiser Fuerderung zougestëmmt de Shutdown ze beendegen an dann d‘Thema Grenzsécherheet op en Enn ze bréngen.

Deem entgéint den Donald Trump: „Si hunn endlech a vollstänneg unerkannt, datt eng Barrière oder en Zonk, oder Maueren, oder wéi och ëmmer si et bezeechne wëllen, e wichtegen Deel vun der Léisung wäerte sinn“. Domatter ass awer – egal wéi een et dréit a kéiert – nëmmen eppes sécher: et huet bis ewell keng Léisung ginn, an de Locataire aus dem Wäissen Haus huet elo dräi Wochen Zäit fir sech mat den Demokraten op „wat och ëmmer“ ze eenegen.

Shutdown

Et ass zudeem net am Detail gewosst, wéini de Shutdown dann elo tatsächlech eriwwer ass, well och den US-Kongress muss dëser Iwwergangsfinanzéierung nach zoustëmmen. Den US-President soll awer dem Leader vun der Majoritéit am Senat, dem Republikaner Mitch McConnell gebieden hunn d‘Propose direkt anzebréngen. Widderstand vun den Demokraten ass net ze erwaarden, et ass schliisslech hir initial Fuerderung.

Ähnlech Sujeten Chuck Schumer, Demokraten, Donald Trump, Haushaltsspär, Nancy Pelosi, Republikaner, Shutdown, US-Kongress, US-Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel