Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Chorale Mixte vum Conservatoire mat super Programm
https://moien.lu/methods-of-dating-in-history/

D’Chorale Mixte vum Conservatoire mat super Programm

D’Gemeng Koplescht invitéiert Iech e Samschdeg, den 26. Januar 2019

bowes lyons dating
https://moien.lu/methods-of-dating-in-history/

llama dating

Eng nei politesch Beweegung déi dem lénke Spektrum zougeschriwwe gëtt,

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen
https://moien.lu/methods-of-dating-in-history/

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

An der Demokratescher Republik Kongo (DRK) ass ee Sonndeg gewielt

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn

Dem Donald Trump seng Situatioun gëtt vun Dag zu Dag ëmmer méi ongemittlech. Grad nach beschëllegt ginn, ze vill liichtfankeg mat de russeschen Diplomaten ëmgaangen ze sinn, steet den amerikanesche President elo och nach am Verdacht versicht ze hunn eng Enquête vum FBI wollten ofzeschléissen.

Manner wéi véier Méint no senger Nominatioun an ee puer Deeg viru senger éischter gréisserer Auslandsrees wierken sech dës Revelatiounen negativ op d’Vertrauen an d‘Wäisst Haus aus. Nom Washington Post kënnt d‘New York Times mat enger weiderer Enthüllung, aus där ervirgeet, datt den Donald Trump Mëtt Februar den FBI-Direkter James Comey soll opgefuerdert hunn, d’Enquête zu laaschte vum Michael Flynn, säin deemolege Sécherheetsberoder, falen ze loossen.

Pikanten Detail: Den James Comey huet dëst Gespréich an enger schrëftlecher Note festgehalen, déi vun der Zeitung zitéiert gëtt „Hien (de Michael Flynn) ass ee gudde Mënsch. Ech hoffen, datt der dat kënnt fale loossen“, soll entspriechend dëser Notiz vum FBI-Direkter, de President gesot hunn. Vum Wäissen Haus gëtt dës Versioun vun de Faite kategoresch kontestéiert.

Wann deem esou wier, wier dëst e weidere Fall vun „Obstruktioun vun der Justiz“. An der offizieller Stellungnahm gëtt affirméiert, datt den Donald Trump „ni den Här Comey oder iergendeen anere gefrot hätt, eng Enquête ofzeschléissen.“ Eng anonym Source aus dem enke Krees huet uginn, datt et sech net ëm en exakte Wuertlaut vum Entretien tëscht dem President an dem FBI-Direkter handelt.

Bei senger Zeienausso virum Senat, huet den Interimsdirekter Andrew McCabe leschten Donneschdeg affirméiert, datt et kee Versuch ginn hätt, d‘Enquête iwwert méiglech Lienen tëscht der Trump-Equippen a Russland ze verhënneren oder ze beaflossen. Richteg wier awer och, datt d‘Enquête zu laaschte vum Flynn nach Bestand huet an separat zu der Enquête vun der Trump-Equippe gefouert gëtt.

De Flynn huet den 13. Februar misse säi Poste raumen, well hien et ënnerlooss hat seng regelméisseg Treffen am russeschen Ambassadeur bekannt ze ginn. Bei dësen Treffe sollen ënnert anerem och d‘Sanktioune vun den USA zum Nodeel vu Moskau ëmmer nees en Thema gewiescht sinn.

Am Projekter vun der Geschicht

Laut der New York Times war de James Comey bei senge Mataarbechter dofir bekannt, all Gespréicher vun deenen hien ausgaangen ass, datt se een Diskussiounsthema kéinte ginn, ëmmer mat Suergfalt schrëftlech festzehalen. Verständlech, datt am Kongress, wou den Drock vun Dag zu Dag zouhëlt, gefuerdert gëtt, datt de fréiere FBI-Direkter seng Siicht vun der Affär soll duerleeë kommen.

De Chuck Schumer, Fraktiounschef vun der demokratescher Oppositioun, seet sech „gerëselt“ vun de leschte Revelatiounen. „Et ass een Test ouni Präzedenzfall fir d‘Land. Ech soen all de Kollegen am Senat: Mer stinn Am Projekter vun der Geschicht“, huet hien am Senat ze bedenke ginn. An den demokratesche Senater Dick Durbin leet eng drop: „Et ass eng vun de schlëmmste Beschëllegungen déi ee géint ee President ka virdroen.

De Republikaner Richard Burr, President am Senat vun der Geheimdéngschtkommissioun, huet sech méi virsichteg gewisen. „Ech denken, datt eis den Direkter wahrscheinlech informéiert hätt wann et eng däraarteg Demande ginn hätt“, a jugéiert, datt et schonn eppes méi misst ginn „wéi eng anonym Source“ fir hien ze iwwerzeegen.

Via AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, James Comey, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel