Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ukrain: E Komiker gëtt President
International Neiegkeeten

Ukrain: E Komiker gëtt President

Et hat sech beim éischten Tour ofgezeechent, datt et bei

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an
International Neiegkeeten

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an

De reliéise Leader vum Iran, Ali Khamenei setzt sech resolut

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille
International Neiegkeeten

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

70 järeg „Bope“… déi nach ëmmer legendär an onermiddlech Rolling

Trump-Diplomatie vum feinsten

Milliardär gëtt Brite Rotschléi a verdeedegt den haarde Brexit

Trump-Diplomatie vum feinsten

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson als neie Premierminister agesat huet, kréien d‘Briten elo – kuerz virum Staatsbesuch – och nach Rotschléi, wéi se mam Brexit sollten ëmgoen. Domatter mëscht sech den US-President op en neits a friem Ugeleeënheeten an.

E Samschdeg huet den Donald Trump, dem all Form vun diplomateschem Ëmgang abhande komm ass, sech widderholl zur britescher Innepolitik geäussert. Hie „réit“ de Briten an der Sunday Times: „Wann der net kritt wat der wëllt, da géif ech nach dëst Joer d‘EU ouni Accord verloossen“. An am Interview geet den US-President nach e Schratt méi wäit, léisst seng Gedanke fräi schwäifen…

Milliardär

Hie schéngt et drop ofgesinn ze hunn, tëscht Groussbritannien an der EU de Käil esou anzeschloen, datt eng Zesummenaarbecht op Joerzéngten zumindest „schwiereg“ gëtt. Esou mengt hie ganz am Eescht, datt d‘Briten hir „Scholden“ (ronn 44 Milliarden Euro) net bezuele sollten. „Dat ass eng deck Zomm. Ech géif keng 50 Milliarden US-Dollar bezuelen“, esou den Donald Trump gëschter.

Déi britesch Oppositioun ass „not amused“

Fir sécherzestellen datt et zu engem haarde Brexit kënnt – anescht kann een d‘Message net verstoen – réit de Milliardär de Briten, dem Leader vun der Brexit-Partei an EU-Deputéierten Nigel Farage an d‘Verhandlungen anzebannen. De Nigel Farage wier ee ganz intelligente Mënsch, dee schonn eleng wéinst senger Victoire bei den EU-Wahle sollt belount ginn. Deen hätt vill unzebidden…

Op der Insel ginn „déi gutt Rotschléi“ ënnerschiddlech opgeholl. Wien sech souwisou fir de Brexit agesat huet an /oder bei der EU-Wahl fir UKIP oder Brexit-Party gestëmmt huet, deem dierften dem US-President seng Wierder wéi Hunneg geschmaacht hunn. Och an Europa, dierft et Geselle ginn, déi dëse, vläicht gewoten awer richtege Schratt vum Locataire aus dem Wäissen Haus erfreet huet.

Natierlech treffen dem US-President seng Aussoe bei der Oppositioun (Labour) net op Géigeléift. De Jeremy Corbyn huet den trumpsche Virstouss schaarf veruerteelt, an d‘Kand beim Numm genannt: „Et handelt sech heibäi ëm eng inakzeptabel Amëschung. De nächste Premierminister sollt weder vum US-President nach vun 100.000 Torie-Memberen, mee vun de Brite gewielt ginn“.

Den europäesche Projet bewosst zerstéieren

Hëlt een en Ament Ofstand vun der britescher Politik – ëmmerhi wëllen si ouni eis eens ginn an esou ass den Trump hire Problem – esou ass dem US-President seng „Amëschung an déi intern britesch Ugeleeënheeten, mat de Rotschléi zu Brexit an der explizitter Ënnerstëtzung vum Nigel Farage och eng Beaflossung vun der europäescher Politik. Hei gëtt eng rout Linn iwwerschratt.

Milliardär

Wann et Bréissel dierft egal sinn, wéi wäit d‘Briten dem US-President hannen era krauche wëllen, esou kann d‘EU-Kommissioun, den EU-Rot an natierlech d‘EU-Parlament – déi sech all zesummen net wierklech op Réckhalt aus der Bevëlkerung verloosse sollten – esou eng Ausso net ouni Folleg loossen. Zumindest steet fest datt de NATO-Partner alles dru setzt de Staatebond ze zerrappen.

mat indymedia/lon/nyc/bru

Illustratioun: Amber Avalona / Pixabay

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Diplomatie, Donald Trump, Groussbritannien, Nigel Farage, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel