Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini
International https://moien.lu/swedish-american-dating-site/

https://moien.lu/double-your-dating-libro/

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo

44 Migranten aus Séinout gerett
International https://moien.lu/swedish-american-dating-site/

44 Migranten aus Séinout gerett

E Sonndeg eréischt hat d‘Rettungsschëff Alan Kurdi, vun der däitscher

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker
International https://moien.lu/swedish-american-dating-site/

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker

Kann een an Amerika den „second amendment“ aus der Verfassung

Deen „aneren“ US-Besuch: Den Trump huet d‘Bundeskanzlerin empfaangen

Deen „aneren“ US-Besuch: Den Trump huet d‘Bundeskanzlerin empfaangen

Den US-President huet um Freideg d‘Angela Merkel empfaangen, an hir Qualitéiten an den héchsten Téin gelueft. „Eng aussergewéinlech Fra“ esou den Trump. Zu gudder Lescht huet déi ongläich Koppel awer virun allem hir Onstëmmegkeeten aktéiert.

Et war dann och eng Entrevue, déi am krasse Kontrast zum Besuch vum franséische President Emmanuel Macron gestanen huet. D‘Bundeskanzlerin ass net stänneg gedréckt an ëmäermelt ginn, et den Trump huet d‘Angela Merkel och net un der Hand duerch säi Räich gefouert. Nee hei war de Staatsbesuch éischter e „klasseschen“, a vun der „Distanz“ gekennzeechent.

No der Entrevue mam Macron ass den Donald Trump dann net konkret op den Dossier „Douanestaxen“ op Stol an Aluminium agaangen. Et ass just deklaréiert ginn, datt een determinéiert ass am Gaascht zesummenzeschaffen „an d‘Obstakel fir den US-Export ze verklengeren an déi wirtschaftlech Relatiounen ze stäerken“.

D‘Menace vum Handelskrich bleift

D‘Bundeskanzlerin huet dann awer däitlech drop higewisen, datt d‘Gespréicher schwiereg waren. „Mir hunn iwwert déi lafend Verhandlungen ausgetosch an d‘Positioune vun deenen engen an deenen anere betruecht (…) D‘Entscheedung bleift awer beim US-President“, esou d‘Erklärung.

Nodeems den Donald Trump verkënnt hat den Import vu Stol mat 25%, an den Aluminium mat 10% ze besteieren, ass d‘EU bis zum 1. Mee vun dëser Mesure ausgeholl ginn. Eng Entscheedung op a wéi et duerno weider geet, ass nach net geholl ginn. Sollt hei awer net zäitno eng Léisung fonnt ginn, ass en Handelskrich net auszeschléissen.

De Larry Kudlow, dem Trump säin Haaptwirtschaftsberoder, hat en Donneschdeg gewarnt, datt dës Ausnamen nëmme kënne verlängert ginn, wann den USA Konzessiounen zougestane ginn. Hei besonnesch am Automobilsecteur. Eng Entscheedung op déi d‘Angela Merkel net wierklech Afloss huet, vu datt esou eng Entscheedung op EU-Niveau geholl muss ginn.

An der Diplomatie kritt den Trump eng Datz

Den Trump an d‘Merkel, hunn sech nëmme ganz kuerz d‘Hand am Oval Office ginn. Bei hirer gemeinsamer Pressekonferenz war d‘Stëmmung spierbar ugespaant. A wéi den US-President e Witz doriwwer gemaach huet, wéi einfach hien et huet inkompetent „Personal“ aus senge Ministèren ze geheien „mindestens esou séier wéi an Däitschland“, huet d‘Kanzlerin net gelaacht.

Bléift zréckzebehalen, dat ofgesi vun der ënnerschiddlecher Aart a Weis mam US-President ëmzegoen, Däitschland a Frankräich déi selwecht Ziler verfollegen a bei der Virbereedung vun den Entrevue mam Donald Trump enk zesummegeschafft hunn.

Wéi de Macron virun hir, huet d‘Angela Merkel versicht den US-President dovunner ze iwwerzeegen, datt d‘Nuklearofkommes mam Iran muss erhale bleiwen. Wier deem net esou, géif een Teheran ermonteren säin Atomwaffeprogramm nees opzehuelen. Dat géif zu enger Oprëschtung an enger Regioun féieren, déi alles anescht wéi „stabel“ ass.

Den Iran net onnéideg provozéieren

D‘Kanzlerin huet dem Donald Trump zougestanen, datt den Accord vu Wien wäit dovunner ewech wier „perfekt ze sinn“, mee et wäert wier erhalen ze bleiwen. Si huet dann och offenbar versicht, dem US-President d‘Iddi ze verkafen, datt den Text nëmmen ee Puzzelstéck vun enger méi breetgefächerter Verhandlung ass, déi sech de regionalen Ambitioune vum Iran soll unhuelen.

„Den Accord léisst net all d‘Problemer déi mam Iran bestinn. Et ass ee vun den Elementer vun enger Mosaik, e Steen op deem een gréisser Struktur opbaue kann“, esou d‘Angela Merkel. Mee et ass net méi wäit bis zum 12. Mee, Datum zum wellechem gefaart gëtt, datt den Donald Trump dem Barack Obama säin Accord zerrappe kéint.

No sengem Besuch zu Washington, huet den Emmanuel Macron ausgesot, datt hien d‘Gefill hätt, datt den Donald Trump d‘USA aus dësem Accord wäert eraushuelen. „Dat huet bannepolitesch Ursaachen“, esou de franséische President.

Geféierlech an onberechenbar

Op d‘Fro wat den US-President als méiglech Alternativ zum bestoenden Text gesäit, ass den Donald Trump net wierklech agaangen. Hien huet just gemengt: „Si kréie keng Atomwaffen, dat kann ech iech soen“. An Ausser dem Locataire aus dem Wäissen Haus, sinn all d‘Signatairen an déi international Inspekter der Usiicht, datt sech Teheran un d‘Ofkommes hält.

Béid Staatscheffen hu begréisst, datt den US-Senat d‘Nominatioun vum Richard Grenell als Botschafter fir Däitschland ugeholl huet. De Grenell (51) ass e fréiere Spriecher vun der US-Missioun op der UNO ënnert der Bush-Administratioun. Hien hat notamment mam John Bolton, engem „Bussar“ deen elo als Beroder fir déi national Sécherheet, dem Trump zur Säit steet.

Oppen Homosexuell an e Verdeedeger vum Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppelen, huet de Richard Grenell an der Equipe vum Mitt Romney, bei der Campagne zur Presidentewahl 2012, matgeschafft. Hien huet sech awer séier der Campagne vum Donald Trump ugeschloss, deen hien am September 2017 designéiert hat.

mam Jérôme Cartillier/AFP

Foto: Iwwert dem Donald Trump seng „flaach“ Witzer bei der gemeinsamer Pressekonferenz, konnt d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel net laachen. © Brendan Smialowski/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Donald Trump, Iran, Nuklearofkommes, Staatsvisite
Nächsten Artikel Virrechten Artikel