Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa
mass flow meter hook up drawing https://moien.lu/how-to-send-a-first-message-online-dating/

online dating is hard reddit

De Buergermeeschter (a gréngen Deputéierten) vun Déifferdeng gëtt vun den

https://moien.lu/dating-site-for-ivy-leaguers/
mass flow meter hook up drawing https://moien.lu/how-to-send-a-first-message-online-dating/

Pipo Peng: Vum Picasso gemoolt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Griicheland am Streik: d‘Gewerkschafte kämpfen ëm d‘Streikrecht
mass flow meter hook up drawing https://moien.lu/how-to-send-a-first-message-online-dating/

Griicheland am Streik: d‘Gewerkschafte kämpfen ëm d‘Streikrecht

Esouwuel am Privatsecteur wéi am ëffentlechen Déngscht, ass um Donneschdeg

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen ass „wäit iwwert seng verrécktsten Dreem eraus, an den USA fir Chaos ze suergen“. Dat als Zeeche vun der Kritik géintiwwer den ongezielten Enquêten an Auditiounen an der „Russland Affäre“. Mee mat kengem Wuert ass en op d’Amëschung vu Moskau an d’US-Presidentewahl agaangen.

„Se hu sech zu Moskau Doutgelaacht. Amerika erwäch!“, esou dem US-President säin Tweet um fréie Moien. „Wann et d’Zil vun de Russe sollt gewiescht sinn, Sträit, Onuerdnung a Chaos an de USA ze stëften, dann, mat alle den Auditioune bis hin zu de Kommissioune, den Enquêten an dem Haass tëscht de Parteien, ass hinne wäit iwwert d’Erwaardunge gelongen“, esou den Trump weider.

Den Donald Trump huet ab 06.30 eng Lawin vun Tweets op d’Welt lass gelooss. Den US-President verbréngt dëse laange Weekend – well haut an Amerika e Feierdag ass – a senger Residenz an Florida. D’Experten op den amerikaneschen Televisioune sinn sech net eens, op en sech elo gelangweilt huet, oder vu senger „Onentschlossenheet“ am Fall vun der Schéisserei zu Parkland wëll oflenken.

All seng Tweets bezéien sech op d’Enquête vun der russescher Amëschung an d’Presidentielle vun 2016. Net een eenzegen Tweet zu der Schéisserei déi 17 Affer an enger Highschool, déi grad emol eng Autosstonn vu senger Residenz zu Mar-a-Lago geleeën ass. Dobäi hat den US-President nach um Samschdeg den FBI beschëllegt, all Unzeeche verkannt ze hunn, déi op d’Dot vum 19 järegen Täter higewisen hunn. Den FBI géif sech „ze vill“ mam russeschen Dossier beschäftegen.

Déi „russesch Ligen“

Um Samschdeg hat Washington formell 13 Russen ugeklot. Dorënner ass och eng Persoun ze fannen, déi dem Vladimir Putin nostoe soll. Si sollen 2016 d’Kandidatur vum Donald Trump favoriséiert an ënnerstëtzt hunn. Déi amerikanesch Geheimdéngschter hate scho Russland beschëllegt, Afloss op d’Presidentewahl geholl ze hunn.

Beschëllegungen, déi an dësem amerikanesche Wahljoer besonnesch sensibel sinn! Virun allem am Hibléck op d’Parlamentswahle vum November, déi als Entscheedend fir d’Republikaner betruecht ginn. De Chef vum Geheimdéngscht, Dan Coats, hat dann och scho gewarnt, datt Russland seng bewäerte Method vu 2016 kéint uwennen, fir dës Walen ze beaflossen.

Mee den Donald Trump deet säit e Freideg gutt Uecht, eng Amëschung vu Moskau unzeprangeren. Hien steet am Fokus vu senger eegener Administratioun. Hie behaapt awer och weiderhin, datt seng Equipe sech während der Campagne näischt zu Schold komme gelooss huet.

„Ech hunn ni behaapt, datt sech Russland net an d’Wahlen agemëscht hätt. Esch sot: ‘vläicht ass et Russland, oder China, oder en anert Land oder e Grupp. Et kann och e Genie vun 180 Kilo sinn, deen a sengem Bett sëtzt a mat sengem Computer spillt’. Déi ‘russesch Ligen’ ass, datt d’Equipe vun der Trump-Campagne Komplize vun de Russe sinn. Dat war ni de Fall“, esou den Trump e Sonndeg.

Keng „Entschëllegung“

A sengen Tweets, huet den Donald Trump d’Kollusioun mat de Russen op d’Demokraten, säi Virgänger Barack Obama an seng Géignerin Hillary Clinton ofgedréckt. Als Beispill dësen Tweet: „Den Obama war President, huet vun der Bedreeung gewosst a näischt ënnerholl“.

Tatsächlech ass et esou, datt d’US-Autoritéiten dovunner ausginn, datt déi mat Milliounen US-Dollar finanzéiert „Amëschung“ scho 2014 ugefaangen soll hunn. Dat geet zumindest aus der Ukloschrëft vum Sonner-Procureur, Robert Mueller, dee mat der Enquête beoptraagt ass, ervir.

Den Demokrat Adam Schiff huet e Sonndeg op CNN drun erënnert, scho viru laanger Zäit d’Ontätegkeet vun der Obama-Administratioun an dëser Affär denoncéiert ze hunn. „Mee dat ass keng Entschëllegung, fir dëse President näischt ze ënnerhuelen. De President hält och weiderhi Sanktiounen zréck, déi de Kongress géint Russland wëll wéinst dëser Amëschung ëmsetzen“, esou de Member vun der Geheimdéngscht-Kommissioun am Representantenhaus.

Vereent géint d’Russen

Den US-Beroder fir déi national Sécherheet H.R. McMaster hat sengersäits e Samschdeg zu München op der Sécherheetskonferenz verséchert, datt d’Beweiser vun enger russescher Amëschung „wierklech net méi ze widderleeë sinn“. Iert hien ironesch bäigefüügt huet, datt „mat dëser politesch-subversiver Campagne, et de Russe gelonge wier, d’Republikaner an d’Demokraten ze vereenen, hinne Sanktiounen opzëerleeën“.

„De Generol McMaster huet vergiess ze soen, datt d’Resultater vun de Walen 2016, net vun de Russe verännert gi sinn“, preziséiert den Donald Trump. Hie berifft sech mat dëser Ausso op de Justizministère. Dësen huet de Freideg ënnerstrach , datt et kee Beweis gëtt, datt d’Amëschung vun de Russen en Impakt op den Ausgang vun de Walen hat.

Et ass dann alt nees mat gliddege Steng op d’Lager vum Hillary „Crapule“ Clinton geschoss ginn. Dat ouni ze vergiessen eng Rei Skandaler ze zitéieren, déi d’Campagne vun der demokratescher Kandidatin beréiert huet: „déi eenzeg Kollusioun huet et tëscht Russland an H d’Crapule, den DNC an d’Dems ginn“.

mam Elodie Cuzin an dem Jim Watson/AFP

Foto: Den US-President Donald Trump an de russesche President Vladimir Putin (Archivfoto aus dem November 2017). Si ginn emol als „zimlech no“ an dann erëm als „zerstridde“ betruecht. Et schéngt erwisen, datt sech d’Russen an d’Presidentielle vun 2017 agemëscht hunn. Op elo dem Trump seng Equipe eppes domatter ze dinn hat, dat ass bis ewell esou nach net erwisen. © Jorge Silva/pool/AFP

Update 11:10: Generell Verbesserungen

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Hillary Clinton, Robert Mueller, Russland, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel