Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Anger Fest 3.0 – Headbange fir de gudden Zweck!
International Meenung Neiegkeeten

Anger Fest 3.0 – Headbange fir de gudden Zweck!

Et war schonn déi drëtt Editioun vum Metal Festival an

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer
International Meenung Neiegkeeten

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer

Gëschter huet S.E. d’Arlette Conzemius, Ambassadrice vu Lëtzebuerg zu Bréissel

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?
International Meenung Neiegkeeten

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?

21 Punkte fir véier „Themeberäicher“ sollen am Kontext vun der

Trump-Géigner offiziell nominéiert (kommentéiert Analys)

Um virtuelle Parteidag vun den Demokraten ass den Joe Biden als Kandidat bestätegt ginn

Trump-Géigner offiziell nominéiert (kommentéiert Analys)

Mam Joe Biden schécken d‘Demokraten en Greis an d‘Renne fir den Job als Hausmeeschter vum Wäissen Haus. De fréieren US-Vizepresident gëtt, wann hien da sollt de Republikaner s‘Show stielen, am November 78 Joer al, firwat een Zweiwel dierf erhiewen, wat d‘USA sech als eng fortschrëttlech Gesellschaft definéieren. Mee gutt, méi schlecht wéi deen aktuelle kann et net ginn.

De Joseph Robinette Biden Junior, huet um Parteidag vun den US-Demokraten déi noutwenneg Delegéiertestëmme kritt. Dat ass keng Iwwerraschung, all aner Decisioun hätt den US- Wahlkampf beendegt an dem Donald Trump de Wee zu engem zweete Mandat fräi gemaach. De Joe Biden huet vum Familljesëtz zu Wilmington (Delaware) aus erkläert: „Et bedeit mir a menger Famill alles“.

Et ass dovunner auszegoen, datt hien zum Ofschloss vum Parteidag dës Nominéierung wäert unhuelen. Och säi Géigner an amtéierenden US-President, dierft vu senger Partei déi nächst Woch bestätegt ginn. Deen „ale wäisse Mann“ war vun zwee aneren „ale wäisse Männer“ dem Bill Clinton (74) an Jimmy Carter (95) als den Heiland fir dat gespléckte Land presentéiert ginn.

Offiziell heescht et, dat den Jimmy Carter soll gesot hunn: „Mir verdéngen eng Persoun mat Integritéit an Urteelsverméigen, een deen éierlech a fair ass, een deen sech fir dat asetzt wat am beschte fir dat amerikanescht Vollek ass“. Datt ee mat „éierlech a fair“ net US-President ka ginn, muss net bewise ginn, a mat „Vollek“ ass ganz kloer déi amerikanesch „upper-class“ gemengt.

De Bill Clinton huet sengersäits gemengt: „Wann dir ee President wëllt (gemengt ass den Donald Trump) dee säi Job esou definéiert, datt hie deeglech Stonne virun der Tëlee verbréngt an op de sozialen Netzwierker d‘Leit beleidegt, dann ass dat äre Mann. Mam Joe Biden géif awer ee buedemstännege Mann an d‘Wäisst Haus anzéien, dee seng Aarbecht gewëssenhaft erleedegt“.

Een urale Mann, wéi den Joe Biden wäert mat Sécherheet – zumindest net selwer -d‘Welt net mat stännegen Tweets an anere virtuellen Insanitéiten nerven an/oder veriergeren. Hien dierft och aus diplomatescher Siicht mat de bessere Manéieren ausstafféiert sinn, wéi de misogynen, rassisteschen an homophobe Milliardär, deen d‘Welt politesch a wirtschaftlech op d‘Kopp gestallt huet.

Mee mam Joe Robinette Biden Junior gëtt weder Amerika nach d‘Welt besser. Och hie wäert an éischter Linn d‘Interesse vun der US-Wirtschaft verdeedegen an den US-Afloss op der Welt weider ausbauen. Et geet ëm Ressourcen, Geld a Muecht fir eng vun der Gier zerfriesse Gesellschaft déi et dréngend noutwenneg sech nei ze erfannen an opzestellen. Mee dat wëll keng vun de Parteien.

D‘USA bréichten dréngend ee Gesondheetssystem an deem d‘Bierger eng staatlech Krankekeess hunn, si bréichten ee Bildungssystem deen iwwer „Liesen a Schreiwen“ erausgeet a wou eenzeg finanziell Elitten Etüde maache kënnen. Et bréicht och ee Waffegesetz dat d‘Bierger an net déi schéisswüteg Idiote schützt. An et brauch eng Reform vun der Police, déi nees fir d‘Bierger do ass.

A jo dat verspriechen d‘Demokraten, esou wéi all Politiker (an net nëmmen an den USA) ëmmer nees versprécht, datt d‘Minoritéite besser berécksiichtegt ginn, méi Gläichberechtegung an/oder Selbstbestëmmung, an dees Villes méi komme wäert. Um Enn ginn als éischt déi eege Besoine befriddegt, dann déi vun de „Frënn“, de grousse Wirtschaftsacteuren, an dem Militärkomplex…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Martin Sanchez / unsplash

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Joe Biden, Republikaner, US-Wahlkampf 2020, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel