Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes
International Money Neiegkeeten

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes

Während d‘Kierchemänner am Vatikan un hiren anzestrale Gebueter festhalen, Homosexualitéit

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal
International Money Neiegkeeten

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal

De Kommandant vun der amerikanescher Küstewaach, Paul Zukunft, huet haut

dislike
Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen
International Money Neiegkeeten

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“

money

Trump gewënnt Aarmdrécke mat TikTok

Eigentlech hat den Donald Trump ni Wëlles de Kanner hir léifsten App ze verbidden

Trump gewënnt Aarmdrécke mat TikTok

Wann ee bedenkt datt TikTok, eng Videoplattform déi majoritär vu Kanner a Jugendleche genotzt gëtt, als „Gefor fir déi national Sécherheet“ duergestallt ginn ass, kann een elo bestätegen, wat jo längst gewosst war: et geet just ëm dat grousst Geld, an als Milliardär ass den US-President dann och éischter a sengem Element.

Am Gaart vum Wäissen Haus huet de gréissten Diplomat an der amerikanescher Geschicht de Medie gëschter nees bewisen, dat et nëmmen een Donald Trump ka ginn. Laut dem US-President, soll dat globaalt Geschäft vun TikTok an den USA ugesidelt ginn. „Et ass ee grousst Geschäft fir Amerika“, esou dee Mann, deen d‘Applikatioun nach e Freideg wollt an den USA verbidden.

TikTok huet sengersäits bestätegt, datt et Accorde mat ORACLE a WalMart gëtt. En „Deal“ dee méiglech mécht, datt TikTok och weiderhin an den USA operéiere kann. Laut dem Donald Trump, deen iwwert vill Expertise betreffend Internet a sozial Netzwierker verfüügt, géif hei eng ganz nei Entreprise entstoen, déi näischt méi mat China ze dinn huet an zu 100% Sécher wäert sinn.

TikTokAn de Mann weess Bescheed, nëmmen US-Entreprisen a Konzerner wéi Microsoft, Apple, Twitter a Facebook (fir just déi gréisst ze ernimmen) kënnen de Konsumenten hir Date wierklech schützen, a wann TikTok säin Haaptquartéier am Texas opriicht, sinn d‘Date besser opgehuewe wéi d‘Gold zu Fort Knox. Zudeem solle mëttelfristeg bis zu 25.000 Mataarbechter bei „TikTok USA“ schaffen.

100 Milliounen Abonnenten

Datt TikTok eleng an den USA iwwer 100 Milliounen User huet, spillt natierlech och eng gewësse Roll, an esou ass et duerchaus verständlech, datt et säitens der Plattform ee grousst Interessi ginn huet, ze bewäerten op – oder op net – den Zesummeschloss mat Oracle (als Technologiepartner) a WalMart (als Geschäftspartner) duer geet fir d‘Aktivitéite gewënnbréngend weiderzeféieren.

TikTokGeplangt ass, datt Oracle a WalMart bis zu 20% vun den TikTok Undeeler iwwerhëlt, iert dann TikTok Gobal un d‘Bourse goe soll. Oracle soll eegenen Aussoen no, d‘Cloud-Déngschter fir déi nei US-Entreprise bereetstellen. WalMart sengersäits wëll schéi Biller mat Reklamm a senge Geschäfter ophänken. Am US-Handelsministère ass een den Ament nach verhalen zefridden.

Dem Wilbur Ross seng Beamten hunn an engem Communiqué bestätegt, datt de Verbuet elo emol ëm eng Woch, op de 27. September verréckelt gëtt. Dobäi war eigentlech geplangt, datt een d‘App vum chinesesche Besëtzer ByteDance schonn ab dem Méindeg net méi hätt dierfen Eroflueden. Mee geet dem Locataire aus dem Wäissen Haus säin Accord duer, fir dëse „Problem“ ze léisen?

Eng App… séiss-sauer…

Datt et dem Donald Trump an dëser Saach ëm zwou grondsätzlech Saache gaangen ass, déi wuel näischt mat der nationaler Sécherheet ze dinn hunn, dat weess och de Feind am Räich vun der Mëtt. Zum enge war et dem Donald Trump wichteg eng Schluecht am Handelskrich ze gewannen, an zum anere gëtt et berechtegt Wirtschaftsinteresse fir eng App, déi ee risegt Zukunftspotential versprécht.

TikTokBeim éischte Versuch, also d‘Chinese quasi ze zwéngen hir App u Microsoft ze verklappen, ass de Schoss nach no hanne lass, a Peking huet den direkte Verkaf torpedéiert. D‘Chinesen hunn sech eng nei „Reegel“ vergënnt, laut där Software-Algorithmen nëmme mat der Erlaabnis vun den Autoritéiten an d‘Ausland dierfe verkaf ginn. Op den neien „Deal“ vu Peking accordéiert ka ginn?

An et geet jo elo net nëmme méi ëm TikTok. Och déi chinesesch App „WeChat“ soll, well och si eng Gefor fir déi national Sécherheet duerstellt, verbuede ginn. Ab muer Méindeg dierf dës App an den USA net méi an de virtuelle „Stores“ ugebuede ginn a Funktioune mussen ofgeschalt ginn. Ee Geriicht a Kalifornien muss sech elo dësem Fall unhuelen. Et bleift also och weiderhin interessant.

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © Hello I‘m Nik / unsplash

 

Ähnlech Sujeten ByteDance, China, Donald Trump, ORACLE, TikTok, USA, WalMart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel