Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine
https://moien.lu/trimester-dating/ Neiegkeeten

who is dating rihanna 2017

D‘Hunneg-Bei ass aus wirtschaftlecher Siicht een vun de wichtegste Bestäuber

when did baekhyun and taeyeon start dating
https://moien.lu/trimester-dating/ Neiegkeeten

Am Schleidergang

Am vergaangene Joerzéngt schéngt de Gruef tëscht Republikaner an den

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
https://moien.lu/trimester-dating/ Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

  Et ass d’Stad vum Stol a wuel eng vun

dislike

Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt

Den Dekret trëtt den Donneschden a Kraaft

Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt

Den ieweschte Geriichtshaff an den USA huet um Méindeg dem Donald Trump eng grouss politesch Victoire zougestanen. Sengem Dekret zur Immigratioun hunn se a groussen Zich zougestëmmt. D’Riichter hunn bekannt ginn, datt si am Oktober den Dossier an enger Audienz um Fong géife behandelen.

Et handelt sech hei ëm „eng kloer Victoire fir d’national Sécherheet“ sot den Trump. Den amerikanesche President gëtt et sech net midd ze behaapten, datt dës Mesure néideg ass, fir ze verhënneren, datt auslännesch Terroristen an d’Land areesen. Dat géint d’Meenung vu villen Experten. „Ech kann net Leit an eist Land eraloossen, déi eis Schlechtes wëllen“, esou de Trump weider.

Den Dekret, dee Bierger aus sechs moslemesche Länner – Syrien, Libanon, Iran, Sudan, Somalia a Yemen – temporär d’Arees an d’USA verbitt, gëtt ugewannt géint all Persoun „déi keng Relatioun an Trei a Glawe mat enger Persoun oder Entitéit an Amerika huet“. Am Kloertext bedeit dat, datt ee Mënsch, dee komplett onbekannt ass, de Zougang zu den USA refuséiert kritt. Am Géigesaz dozou, dierfe Bierger, déi Famill besiche kommen, wéi och Studenten déi vun enger Universitéit ugeholl sinn, och weiderhin areesen.

Laut dem US-Ausseministère trëtt den Dekret um Donneschdeg a Kraaft. D’Iwwerpréiwung vun der Relatioun „an Trei a Glawe“ kann eng Quell vu Willkür sinn, warnt den Steven Choi, Direkter vun NYIC (New York Immigration Coalition). Dës Organisatioun huet sech géint d’Entscheedung agesat.

Tëscheléisung

Fir d’Camille Mackler, eng vun der Verantwortleche bei NYIC, sinn an éischter Linn all déi Leit aus de genannte Länner betraff, déi een Touriste-Visa ufroen. Den Impakt op d’Fluchhäfe sollt allerdéngs begrenzt bleiwen, esou d’Meenung vu Spezialisten.

Den David Cole, juristeschen Direkter vun der ACLU, der grousser Vereenegung zur Verdeedegung vun den ziville Fräiheeten, geet dervunner aus, datt déi grouss Problemer am Oktober wäerten optrieden. Mat hirem Uerteel hunn d’Riichter „sech fir eng Tëscheléisung“ entscheet, tëscht deem wat d’Regierung wollt (eng Bestätegung) an der Fuerderung vun der ACLU (d’Aussetze vum Dekret).

Dës juristesch Deel-Victoire ass fir den Trump trotz allem e politeschen Erfolleg. Seng Mesure war vu ville Riichter ausgesat ginn, dëst an éischter Instanz an och am Appell. Déi héchst Magistrate vum Land, bidde mat hirem Uerteel dem Trump eng Aussiicht op eng juristesch Victoire an esou gläichzäiteg politesch Réckendeckung.

Den ieweschte Geriichtshaff huet elo d’Méiglechkeet den Dekret ganz opzehiewen

Omar Jadwat, Affekot vun der ACLU

„Den Areesverbuet fir Moslem verstéisst géint de fundamentale konstitutionelle Prinzip, nodeem d’Regierung weder eng Persoun dierf Bevirdeelegen nach no reliéis diskriminatorescher Aart, benodeelegen. D’Geriichter hunn de Verbuet successiv blockéiert. Den ieweschte Geriichtshaff huet elo d’Méiglechkeet den Dekret ganz opzehiewen“, kommentéiert um Méindeg den Omar Jadwat, Affekot vun der ACLU, d’Uerteel.

D’Mesure déi fir vill Opreegung suergt, soll applikabel sinn: 90 Deeg fir d’Bierger aus de sechs Länner an 120 Deeg fir Refugiéen aus der ganzer Welt. Dat bis datt d’Administratioun d’Prozedure vun der Auswiel redefinéiert huet.

Ze spéit

An der Konsequenz kéint eng genee Ënnersichung vum Text am Hiecht, eréischt nom Enn vu senger Uwennung intervenéieren. De faméisen Dekret hat dann och zwou Versioune kannt, déi vu Geriichter am Februar an am Mäerz blockéiert gi waren. Entscheedungen déi vum Trump als symptomatesch fir eng politiséiert Justiz gëllen.

Den Text hat eng breet Oppositioun verbonnen, hei an éischter Linn déi vun de Demokrate regéiert Staate, notamment op der West-Küste wou de President net gutt gelidden ass. De Justizminister vum Staat Washington, Bob Ferguson, huet aus senger Enttäuschung keen Heel gemaach.

Bei all Réckschlag, déi d’Riichter dem Trump opgezwongen hunn, war et besonnesch seng anti-moslemesch Rhetorik, déi de President ni ofgestridden huet, déi berécksiichtegt ginn ass. Enn Januar hat déi éischt Versioun vum Dekret op der ganzer Welt fir Opreegung an op de Fluchhäfen an Amerika fir Chaos gesuergt.

D’Organisatioun IRAP (International Refugee Assistance Project) huet dann och ee Méindeg drun erënnert, datt dausenden Amerikaner sech géint den Dekret erhuewen haten an „der Welt gewisen hunn, datt et net dat wier wat si wären an wat si wéilten“.

Dat den Trump elo zu gudder Läscht dach zum Deel sollt Recht kréien huet och domadder ze dinn, datt hien den Neil Gorsch als neie Riichter ernannt hat. Déi dräi „konservativ“ Riichter Clarence Thomas, Samuel Alito an Neil Gorsch hunn zudeem matgedeelt, datt si déi Tëscheléisung net guttheeschen. Si ware fir eng vollstänneg Ëmsetzung vum Dekret.

mam Sébastien Blanc/AFP

Foto: Manifestante mat „Today Refuse Fascism“ hu mat Plakater um Columbus Circle zu New York géint d’Entscheedung vun ieweschte Geriichtshaff demonstréiert. (© Timothy A.Clary/AFP)

Ähnlech Sujeten Immigratioun, Terrorismus, Trump, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel