Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Snapchat erkläert trafikéierten iPhonen de Krich
dark souls remastered matchmaking weapon level https://moien.lu/speed-dating-in-salt-lake-city/

msn dating

De Messageriesdéngscht Snapchat huet deene Mënschen, déi als Unhänger vum

harry and hermione dating fanfiction
dark souls remastered matchmaking weapon level https://moien.lu/speed-dating-in-salt-lake-city/

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn

Um Sonndeg zu Steesel, beim Fräizäitzenter Norbert Melcher, war trotz

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht
dark souls remastered matchmaking weapon level https://moien.lu/speed-dating-in-salt-lake-city/

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht

Wéi ech da gëschter Owend héieren a gelies hunn, datt

Den Trump huet mat der Kënnegung vum Iran-Accord och d‘Kredibilitéit vun den USA zerstéiert

Den Trump huet mat der Kënnegung vum Iran-Accord och d‘Kredibilitéit vun den USA zerstéiert

Et war ze erwaarden an et ass geschitt. Um Dënschdeg huet den Donald Trump d‘Atomofkommes mam Iran gekënnegt a verséchert, nees all d‘Sanktioune géint Teheran ze retabléieren. Mat dëser Entscheedung gëtt och de Verhandlungsspillraum fir d‘Europäer, déi um Accord festhalen, vu Washington bestëmmt. D‘Europäer wëllen awer haut weider berode fir den Accord ze retten.

Zu Teheran huet den iranesche President Hassan Rohani misse reagéieren. Hie bezichtegt den US-President e „psychologesche Krich“ ze féieren. D‘Entscheedung vum Donald Trump kënnt dann och bei deenen „aneren“, déi dësen Accord mat ënnerschriwwen hunn, net gutt un, woubäi déi net soe kënnen, dat wier „iwwerraschend“ geschitt. Dat war laang am Viraus ugekënnegt ginn.

Datt d‘Entscheedung vum Milliardär eng mat wäitreechende Konsequenzen ass, léisst sech och dorunner erkennen, datt säi Virgänger sech mat engem Communiqué zu Wuert gemellt huet. Dat ass an den USA net üblech, wou et Traditioun ass, datt de fréiere President sech net zu den Entscheedunge vu sengem Nofolger äussert, et sief dann, d‘Integritéit vum Land wier betraff.

„America First“

„Ech kënnegen haut un, datt sech d‘USA aus dem iraneschen Atomofkommes zréckzéien“ huet den Donald Trump am Wäissen Haus sengem Vollek matgedeelt. Domatter hält hien, 15 Méint nodeems hien d‘Muecht iwwerholl huet, e weidert Wahlverspriechen: dësen Accord, d‘Fruucht vun 21 Méint haarde Verhandlungen, mat deem verhënnert sollt ginn dat den Iran eng Atomwaff kritt, ze kippen.

„Haut hu mir den endgültege Beweis, datt dat iranescht Verspriechen eng Lige war“, esou den Donald Trump. „D‘Zukunft vum Iran hänkt vu sengem Vollek of. E Vollek dat eng besser Regierung verdéngt huet“, behaapt den US-President a mécht der Welt onverhuele kloer, datt Washington d‘Absicht huet, den iranesche Regimm ze stierzen.

An esou trieden och mat „effet immédiat“ d‘Sanktioune géint déi islamesch Republik nees a Kraaft. An den Trump huet den Iraner och versprach déi nach ze verschäerfen. Et sollen déi schlëmmst méiglech Wirtschaftssanktioune géint den Iran ugewannt ginn, déi et an der Geschicht bis zum haidegen Dag ginn huet. An dat gëllt fir jiddereen dee mam Iran Geschäfter mécht.

„E grousse Feeler“

De Barack Obama bezitt Stellung an deelt mat: „Ech mengen datt d‘Entscheedung den JCPOA (Joint Comprehensive Plan of Action) a Fro ze stellen, ouni dat den Iran op iergendwellech Aart a Weis den Accord gebrach hätt, e grousse Feeler ass“. Ouni dësen Accord kann et séier geschéien, datt sech d‘USA an engem Konflikt erëmfannen, deen sech net Regional begrenze léisst.

„D‘Realitéit ass onmëssverständlech“, esou de Barack Obama. „Den Accord ass dat beschte Beispill fir dat wat d‘Diplomatie erreeche kann. En huet funktionéiert a war am Interessi vun Amerika“. An de fréieren US-President bedauert dann och nach, datt den Trump mat senger Entscheedung den enksten Alliéierten an de Réck fält.

An enger Demokratie kënnt et ëmmer erëm zu politesche Verännerungen, an och d‘Prioritéite veränneren sech vun enger Administratioun zur anerer. Mee systematesch all Ofkommes dat dëst Land ënnerschriwwen huet, an esou eng Verflichtung agaangen ass, ze zerrappen, zerstéiert um Enn d‘Kredibilitéit vun den USA. D‘Debaten an eisem Land sollten sech op Fakte bezéien“.

„No business ass usual“

A wann d‘Bedreeung fir den Iran ganz real ass, esou weien d‘Menacen op d‘EU-Wirtschaft net manner schwéier. An deem all d‘Sanktioune géint den Iran nees a Kraaft getruede sinn, gëtt den Europäer verbueden, mat Teheran Handel ze bedreiwen. Fir nei Verträg gëllt dat ab „direkt“ fir eeler Verträg oder Firmen déi am Iran aktiv sinn, gëtt et eng Frist vun dräi bis sechs Méint.

Wien sech bis dohinner net aus dem Iran zréckgezunn, oder d‘Verträg gekënnegt huet, muss mat der ganzer Häert vun der US-Administratioun rechnen. En éischter Linn bedeit et, datt Entreprisen den Zougang zum US-Maart verspaart gëtt. „All Land dat den Iran ënnerstëtzt fir eng Atomwaff ze bauen, gëtt och vun den USA sanktionnéiert“, esou d‘Warnung vum Milliardär.

Domatter ass et kloer, datt all d‘Entreprisen déi rezent am Iran investéiert hunn, an och an den USA Geschäftsverbindungen ënnerhalen, vum Donald Trump a senger Administratioun erpresst ginn. Eng Situatioun, déi fir d‘Regierunge vun den Ënnerschrëftslänner bedeit, datt si sech entweder dem US-President ënnerwerfen, oder hir Wirtschaftskraaft op d‘Spill setzen.

Wéi eng Entreprise si betraff?

Nieft de Fligerkonstrukteure Boeing (US) an Airbus (EU), dem industrielle Mëschkonzern General Electrics, ass an éischter Linn d‘Automobilindustrie betraff. Hei Volkswon (D) an de franco-japanesche Konzern Renault-Nissan. Den US-Botschafter an Däitschland fuerdert déi däitsch Entreprisen op, elo direkt hir Aktivitéiten an a mam Iran ofzebriechen.

Heibäi ass et wichteg drun ze erënneren, datt och nom Ofkommes, europäesch Entreprise vum US-Wirtschaftsministère hu missen d‘Erlaabnis erhalen, fir mam Iran Handel ze bedreiwen. Fir US-Entreprise war den Embargo – mat wéinegen Ausnamen – bäibehale ginn. Boeing konnt dann awer 80 Fliger, an Airbus 100 Fliger „verkafen“. Déi dierfen elo net méi ausgeliwwert ginn.

Och de „Pëtrol-Gigant“ TOTAL, Partner vum chinesesche Grupp CNPC, dee Gas an Ueleg am Iran fërdert a raffinéiert, muss sech op Uweisung aus Washington aus dem Iran zréckzéien. Renault déi zwar keng Autoen an den USA verkafen, Nissan awer schonn, muss och dem Uerder vum Trump follegen. PSA (Peugeot/Citroën) kann dogéint op den US-Maart verzichten.

Wéi reagéiert Teheran?

Bis ewell geet den Hassan Rohani net op d‘Provokatioun vum „mächtegste“ Mann op der Welt an. Hie wëll emol fir unzefänke mat den Europäer, de Russen an de Chinese schwätzen, vun deenen et wäert ofhänken, op et fir den Iran sënnvoll ass, um Accord festzehalen. Den iranesche President stellt dann och kloer, datt säi Land, sollt ee sech net eens ginn, de „Programm“ nees ophëlt.

„Vun dësem Ament un, besteet den Accord nach just tëscht dem Iran a fënnef Länner. (…)Mir mussen ofwaarde wat déi fënnef Länner wëlle maachen. Ech hunn den Ausseministère ugewisen an de nächste Woche mat den Europäer, Russland a China d‘Lag ze sondéieren. Wann déi sécher stellen, datt d‘Interesse vum iranesche Vollek berécksiichtegt ginn, bleift den Accord erhalen“.

Den Hassan Rohani betount awer: „ech hunn déi iranesch Administratioun fir Atomenergie opgefuerdert Mesuren ze ergräifen (…) fir dat falls noutwenneg, eng industriell Beräicherung vum Uran nees opzehuelen“. Mam Accord hat den Iran zougestëmmt iwwer 15 Joer, nëmme Brennstoff fir „zivil“ Atomzentralen hierzestellen. Dat gouf kontrolléiert an eigentlech net a Fro gestallt.

Moskau schwéier enttäuscht

De russeschen Ausseministère deelt mat, datt ee „schwéier Enttäuscht“ wier vun der Entscheedung déi den US-President getraff hätt. Moskau denoncéiert dann och „e krasse Verstouss vum internationale Recht“. A weider: „Mir si besuergt, datt d‘USA géint den Avis vun de meeschten Natiounen handelen (…) Washington net méi amstand ass ze verhandelen“.

Et geet een a Russland esouwäit festzestellen, datt et dem Trump net géif drëms goen déi zivil Notzung vun der Atomkraaft a Fro ze stellen, mee „politesch Differenzen“ ze klären, an déi eege Bierger mat falschen Aussoen ze iwwerzeegen dat richtegt ze maachen. Am Kreml gesäit een „d‘Anhale vun engem Verspriechen“ och éischter als Virwand fir e neie Konflikt ze schafen.

„Et gëtt keng Ursaach déi de Vertragsbroch rechtfäerdegt. Den Accord huet sech bewäert an den Iran respektéiert seng Engagementer. Dat bestätegen esouwuel IAEA wéi och d‘Vereenten Natiounen“ heescht aus dem russeschen Ausseministère. Moskau an Teheran ënnerhale gutt wirtschaftlech an diplomatesch Bezéiungen.

Europa an d‘UNO „bedaueren“ d‘Entscheedung

Wann et ze begréissen ass, datt déi europäesch Länner (Däitschland, Frankräich a Groussbritannien) d‘Entscheedung vum Trump bedaueren, esou sinn si awer net géint eng „Reform“ vum Accord. Et géif dann och kollektiv un engem „méi breeden Accord“ geschafft ginn, esou de franséische President Emmanuel Macron.

D‘EU-Kommissärin fir auswäerteg Ugeleeënheeten, Frederica Mogherini, gemengt: „Esoulaang wéi sech den Iran u seng nuklear Verflichtungen hält – wat bis ewell de Fall ass – wäert d‘EU der voller Ëmsetzung vum Ofkommes verflicht bleiwen. Mir hu vollst Vertrauen an d‘Kompetenz an d‘Onofhängegkeet vun der IAEA (…) déi dem Iran bescheinegt den Accord anzehalen“.

De UN-Generalsekretär Antonio Guterres, ass och „besuergt“ a riicht en Appell un déi aner sechs Signatairë vum Accord sech voll a ganz un hir Engagementer ze halen. Dat ass dann awer éischter eng symbolesch Aktioun, och wann se eescht gemengt ass. Op et no der Decisioun vum Trump zu enger Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot kënnt, dat ass aktuell net ofzegesinn.

Luef fir den Trump

Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet dem Donald Trump seng Entscheedung begréisst. „Israel ënnerstëtzt voll a ganz déi haideg couragéiert Entscheedung vum President Trump“, esou de Netanyahu. Hei muss ugemierkt ginn, datt hien Ufank Mee „Beweiser“ virgeluecht huet, dat en Iran de „Programm“ net opginn huet.

Och aus Saudiarabien – den erkläerte Feind vum Iran – huet d‘Mesure déi d‘Wäisst Haus ugekënnegt huet begréisst. Dat sunnitescht Saudiarabien beschëllegt den Iran déi finanziell Virdeeler vum Atomofkommes ze notzen, fir d‘Regioun weider ze destabiliséieren. Béid islamesch Muechte streiden sech ëm d‘Virherrschaft am Noen Osten.

Op a wéi en Impakt d‘Entscheedung op d‘Verhandlungen tëscht den USA a Nordkorea huet, ass schwéier anzeschätzen. Pyongyang muss sech dann awer d‘Fro stellen, wéi e wäert en Ofkommes mat den USA huet, wann en Accord, dee vun der Autoritéit déi dësen Iwwerwaacht net a Fro gestallt gëtt, einfach esou gekënnegt ka ginn.

mat AFP

Foto: Den Donald Trump huet en Dënschdeg d‘Dokument ënnerschriwwen, mat deem d‘Sanktioune géint den Iran nees a Kraaft gesat ginn. Mam Réckzuch vun den USA aus dem Atomofkommes mam Iran, ginn och d‘Wirtschaftsbezéiungen tëscht Europa an dem Iran „faktesch verbueden“. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, Donald Trump, EU, Hasssan Rohani, Iran
Nächsten Artikel Virrechten Artikel