Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden
Neiegkeeten

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng informéieren an engem Communiqué iwwert EU-Geneemegungsprozedure fir Pestiziden,

Keng Revolutioun a keng Experimenter
Neiegkeeten

Keng Revolutioun a keng Experimenter

Si si Staatspartei, äerzkonservativ an houfreg drop. Den Transfert vun

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen
Neiegkeeten

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel

Den amerikanesche President suergt op ee neits fir gelleg Opreegung, nodeems hien en Dënschdeg den James Comey, Patron vum FBI, mat Effet immédiat entlooss huet. Eng iwwerraschend Entscheedung déi bei villen Deputéierten Erënnerungen un de Watergate ervirbruecht huet. Et muss gewosst sinn, datt den FBI, dee jo och Inlandsgeheimdéngscht ass, d’Enquête iwwert eventuell Verbindungen tëscht dem Trump senger Wahlcampagne-Equippe a Russland leed. Dat huet fir Spannunge gesuergt an de President huet dann elo mat senger Entscheedung eng net onëmstridde Mesure geholl.

An engem Communiqué deelt den Trump dann och mat: „Den FBI ass eng vun deene respektabelsten Institutioune vun eisem Land et den haidegen Dag markéiert ee neien Depart fir déi wichtegst Agence vun eisem Justizapparat.“ An engem Bréif un den James Comey, deen ëffentlech gemaach ginn ass, signaléiert him den amerikanesche President: „Wann ech och appreciéiert hunn, datt dir mech bei dräi Geleeënheeten informéiert hutt, datt ech net den Objet vun enger Enquête sinn, esou sinn ech dann awer mat der Analyse vum Justizministère averstane, no där dir net amstand sidd de Büro anstänneg ze leeden.

Als offizielle Grond fir dem Trump seng Entscheedung gëtt ugefouert, datt den Comey den Dossier „Hillary Clinton“, a wellechem et ëm déi ominéis Email-Geschicht geet, net uerdentlech geréiert hätt. De President beschëllegt säin FBI-Chef der Press Detailer vun der Enquête zougespillt ze hunn. Erstaunlech, wann ee bedenkt datt grad hien dës Informatioune benotzt huet fir der demokratescher Kandidatin während der Campagne d’Liewe schwéier ze maachen.

Erënnere mer eis un den 28. Oktober 2016, wou den James Comey fir ee richtegen Eclat gesuergt hat, wéi hie matten an der Campagne dem Kongress matgedeelt huet, datt seng Agence nei Messagen entdeckt hätt, déi eng Relance vun den Investigatioune géint d’Hillary Clinton géifen néideg maachen. Eréischt den 8. November, also zwee Deeg virun der eigentlecher Wal, huet de Comey dunn erkläert, datt näischt fonnt gi wär wat juristesch verwäertbar wier. D’Clinton huet dann och kierzlech dorops higewisen, datt ouni dës Initiative – awer och d’Verëffentlechung vun den Emails duerch Wikileaks – si Presidentin gi wier.

De Kongress iwwerrompelt

Déi onerwaarten Entloossung huet am Kongress zu Washington ageschloe wéi eng Bomm. Eng Reaktioun déi wéi et schéngt vum Wäissen Haus ënnerbewäert gëtt. Esou sot den Chuck Schumer, demokrateschen Oppositiounschef, nodeems hie vum President informéiert ginn ass: „Här President, mat allem Respekt deen ech iech schëlleg sinn, dir maacht do ee grousse Feeler.“ Am Kader vun enger Pressekonferenz am Kapitol huet den Chuck Schumer dann och gefuerdert, datt een onofhängege Magistrat misst agesat gi fir d’Enquête am „russeschen Dossier“ weiderzeféieren. Hien ass der Meenung, datt dës Mesure ee Versuch ass d’Affär ënnert den Teppech ze kieren.

D’Entloossung weist a wéi enger Hisiicht d’Trump-Administratioun sech bezüglech der Enquête am russeschen Dossier Suerge mëscht.“ sot den Tim Kaine, deen am fréieren Team Clinton mat kandidéiert hat. Hie fäert dat d’Trump-Administratioun den amerikanesche Bierger d’Wourecht wëll verstoppen.

Den demokratesche Senator Patrick Leahy sengersäits qualifiéiert d’Justifikatioun vum Trump als „Absurd“ laut där d’Hillary Clinton onbefaange behandelt gi wier. „Dat ass net manner wéi nixonien“ huet hie sech erbloost, an mécht domadder Allusioun un d’Entscheedung vum Richard Nixon am Joer 1973, deen den onofhängege Magistrat Archibald Cox entloss hat, deen d’Enquête iwwert de Watergateskandal geleet huet, wat schlussendlech zum Récktrëtt vum President gefouert hat.

Schlecht Stëmmung och bei de Republikaner

Wat dem Trump sollt ze Bedenke ginn, ass de Constat, datt seng Entscheedung och an de Réie vun de Republikaner fir schlecht Stëmmung suergt. Esou huet de Chef vun der staarker Geheimdéngschtkommissioun am Senat, den Richard Burr, sech verwonnert gewisen, am besonnesche wat den Timing an d’Ursaache fir d’Mesure betrëfft.

Vizejustizminister an der Obamaadministratioun, ass den James Comey laang Zäit als pro-republikanesch ugesi ginn, mee hie gouf awer vum demokratesche President Obama op dëse Posten ernannt. Enn Mäerz, während enger vun de seelen ëffentlechen Auditioune virum Kongress, hat de Chef vum FBI dem Trump béis Virwërf gemaach. Do gouf ënner anerem bestätegt dat Enn Juli 2016 eng Enquête opgemaach ginn ass fir eng eventuell Koordinatioun, tëscht de Membere vum Trump senger Equippe an der russescher Regierung, opzeklären. Eng Affär déi ëmmer nees als „fake-news“ vum aktuelle President ofgedoe gëtt.

Hie gëtt et sech dann och net midd ofzestreiden, datt Moskau hien an während der Campagne géint d’Hillary Clinton ënnerstëtzt hätt. Anersäits war et awer den Trump, deen eng Rumeur gestreet hat, no där den Barack Obama hien den Trump-Tower op „écoute“ gesat hätt. Wéi och ëmmer, d’Sich no engem neien Direkter fir den FBI dierft elo eng Prioritéit sinn.

(via AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, FBI, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel