Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
International Neiegkeeten

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent

dislike
Sträit an der Gemeng Schëtter: Gräift den Innenminister elo an?
International Neiegkeeten

Sträit an der Gemeng Schëtter: Gräift den Innenminister elo an?

***UPDATE*** Mëttlerweil huet sech d’CSV vun der Koalitioun distanzéiert!*** D’Demokratesch

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!
International Neiegkeeten

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun

D‘USA stiechen an enger „humanitärer Sécherheetskris“

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun

Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem politesche Lager e sech grad als US-Bierger befënnt, dem US-President Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun. Déi ass den Ament net grad déi bescht: Shutdown, Klima, Handel, Migratioun, asw… näischt huet de Chef am Grëff.

Mee den US-President heescht Donald Trump, a Schold si souwisou d‘Demokraten. Op der Tëlee huet de Milliardär mam Bléck op déi „illegal Awanderung“ vun enger humanitärer Sécherheetskris op der US-mexikanescher Grenz geschwat. Hei wier et ganz schlëmm, all d‘Bierger vun Amerika géifen duerch déi onkontrolléiert an illegal Awanderung a geschiedegt.

Fir sengem nationalistesche Geschwätz Nodrock ze verléinen, huet den US-President eng ganz Lëscht vu Verbrieche virgedroen, déi alleguerten exklusiv vun illegalen Awanderer begaange gi sinn. Zudeem wier eng oppe Grenz dofir verantwortlech, datt et Drogeproblemer gëtt, Minoritéite keng Schaff fannen. Dat alles wier eng Kris vum Häerz an der Séil.

Een huet d‘Absicht eng Mauer opzeriichten

Natierlech huet den Donald Trump op e neits no senger „Mauer“ gejaut. „Nëmmen eng physesch Barrière un der Grenz kann d‘USA retten“, esou den US-President, dee bereet schéngt sech op e Kompromëss anzeloossen: dës Barrière dierft och en Zonk aus Stol sinn, et muss also net méi zwéngend Bëtong sinn. Haaptsaach, d‘Grenz ass zou…

Natioun

Well de Milliardär awer fir dëse Projet, eppes iwwer fënnef Milliarden US-Dollar an de Budget androe gelooss huet, an d‘Demokraten him dëse Montant net wëlle bewëllegen, befënnt sech déi amerikanesch Administratioun op federalem Niveau am „Shutdown“, also enger Haushaltsspär. Wéini et hei zu enger Léisung kënnt, steet an de Stären.

An d‘Demokrate waren an der Ried zur Lag vun der Natioun, d‘Feindbild Nummer 1. „Meng Regierung muss op Drogen an illegal Awanderer reagéieren, just well d‘Demokrate mir hir Zoustëmmung, Geld fir eng Grenzmauer bereetzestellen, verweigeren. Déi ass awer absolut entscheedend fir d‘Grenzsécherheet“, esou den Donald Trump.

Op den nationalen Noutstand gëtt verzicht

Et hat een domatter gerechent, datt den US-President a senger Ried zur Lag vun der Natioun, op d‘Méiglechkeet, den nationalen Noutstand auszeruffen, géif agoen. Ugesiichts der Situatioun un der mexikanescher Grenz, wier dat duerchaus eng Optioun, déi sech dem Donald Trump ugebueden hätt. Hien hätt sech seng Milliarden also kënne beschafen.

Mat engem Noutstandsgesetz hätten sech also Méiglechkeeten erginn, den US-Kongress ze ëmgoen an de Projet „Grenzofsécherungsmauer“ awer nach ze realiséieren. Woubäi esou eng Aktioun mat Sécherheet zu den heftegste juristeschen Ausenanersetzunge féiere géif, déi d‘Land bis ewell ënnert dem Donald Trump erlieft huet. A mat der Justiz huet hien et grad net esou…

D‘Demokraten hunn dem Milliardär geäntwert

Nom US-President huet sech dann den demokrateschen Tandem Pelosi/Schumer op der Tëlee zur Ried vum US-President geäussert. Fir si ass de bau vun enger Mauer reng Geldverschwendung. Mee och si trieden an, fir méi sécher Grenzen. D‘Moossname sollte gutt iwwerluecht an virun allem effikass sinn, an et bréicht méi Interventioun an den Hierkonftslänner.

Natioun

Esou wéi den US-President et hei géif ugoen, wier brandgeféierlech. Hei géif eng Kris kënschtlech erbäigefouert, et géif eng Angscht verbreet ginn, déi sech duerch näischt berechtege léisst. An et wier dann och den Donald Trump, dee mam Shutdown d‘Bierger als Geisel hëlt. Si hu vum „Chef“ verlaangt de Stëllstand ze beendegen, an d‘Grenzsécherung separat ze verhandelen.

Dat dierft komplizéiert ginn, well déi ominéis Mauer op der mexikanescher Grenz, ass eent vun den zentrale Wahlversprieche vum Donald Trump. Hie kann an dësem Dossier net einfach esou noginn, an et ass och net dovunner auszegoen, datt hien den Demokraten e politesche Kaddo mécht. Hei wäert et zur Konfrontatioun kommen. Mat ongewëssem Ausgank.

Foto: © pool/Getty Images/indymedia

Ähnlech Sujeten Donald Trump, mexikanesch Grenz, Ried zur Lag vun der Natioun, Shutdown, US-President
Nächsten Artikel Virrechten Artikel