Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati
International Neiegkeeten

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati

Anna – een einfachen Numm, et verbënnt een automatesch eng

Jemen: Nei Menace statt Friddensgespréicher?
International Neiegkeeten

Jemen: Nei Menace statt Friddensgespréicher?

Déi jemenitesch Regierung huet e Freideg domatter gedreet, sollten d‘Houthi-Rebellen

Krautmaart: Interpellatioun zu Europa
International Neiegkeeten

Krautmaart: Interpellatioun zu Europa

Wann eng Konferenz iwwert d‘Zukunft vun der europäescher Unioun geduecht

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran

Um Dënschdeg hunn den Donald Trump an den Emmanuel Macron hire Wëllen zum Ausdrock bruecht, mam Iran zu engem neien Accord ze fannen. Si sinn mam Text zum Nuklearofkommes, esou wéi e besteet net zefridden.

Den amerikaneschen an franséische President, déi sech widderholl ëmäermelt an oft d‘Hänn gerëselt hunn, waren allerdéngs net bereet och nëmmen d‘Ëmrëss, oder op d‘Konsequenze vun dësen neie Verhandlungen anzegoen. Gewosst ass awer, datt sech Teheran datt net wäert gefale loossen.

„Mir hunn de Wonsch elo un engem neien Accord mam Iran ze schaffen“, esou den Emmanuel Macron, deen d‘Méiglechkeet ugesprach huet, datt säin amerikaneschen Homolog d‘Verspriechen, den aktuellen Text – mat deem sech den Iran verflicht huet op Atomwaffen ze verzichten – einfach an d‘Dreckskëscht ze puchen, och géif anhalen.

„Et zerrappt een net en Accord ouni en kloert Zil am Bléck ze hunn. Et schafft een en neien Text aus, dee méi breet ausgeluecht ass“, seet de franséische President, deen nach ënnersträicht, datt am neien Accord all d‘Sujete mussen ugeschwat ginn. Dozou gehéieren dem Iran säin „Engagement“ a Syrien, an och déi ballistesch Aktivitéiten.

Den Donald Trump huet sech engem neien, méi breet ausgeluechten Text géintiwwer „oppen“ erkläert, wann dësen op enger zolitter Grondlag berout. Hie konnt awer net anescht wéi op neits den Accord, dee säi Virgänger, Barack Obama ofgeschloss huet, ze stigmatiséieren. De Locataire aus dem Wäissen Haus bezeechent den aktuellen Text als „lächerlech“.

„Mir wäerte gesi wat sech nom 12. Mee wäert doen“, esou den Trump, dee sengem Style als Moderator vun enger Tëlee-Realitéitsshow trei bliwwen ass. Den 12. Mee ass dann och als Stéchdatum ze gesinn, well hien da seng Entscheedung zum bestoenden Accord vun 2015 wëll bekannt ginn.

Den Accord war 2015 no jorelaange Verhandlungen tëscht dem Iran an dem Grupp „5+1“ (China, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Russland an USA) erreecht ginn, a sengerzäit vun alle Parteie begréisst ginn. Wann d‘Europäer sech hannert den Trump dierfte stellen, esou wäert dat mat China a Russland net esou einfach goen.

Begrenzte Méiglechkeeten

Fir de Rob Malley, fréiere Beroder vum Barack Obama, an elo President vun der „International Crisis Group“ ass d‘Ukënnegung vu béide Presidente limitéiert.

„Wann den Trump averstanen ass d‘Nuklearofkommes mam Iran ze respektéieren, an de Bestand vun dësem, net vum Ausgang vum separaten, méi breet ausgeluechten (awer zimlech onwahrscheinlechen) neien Accord ofhänkt, da géif et eppes bedeiten“ esou dem Rob Malley säin Tweet.

Al éischten auslännesche Staatschef deen eng Staatsvisite an den USA ënnert der Trump-Presidence mécht, huet den Emmanuel Macron alles dru gesat, eng enk a perséinlech Relatioun opzebauen. Dat mat engem Homolog, deem seng Siicht op d‘Welt awer a villen Hisiichten, senger Siicht diametral opposéiert ass.

Déi zwee Staatscheffen, hunn awer hir Frëndschaft, säit der Arrivée vum Macron e Méindeg, bestänneg ëffentlech affichéiert. „Hie wäert e grousse President fir Frankräich ginn, dat ass et wat ech virausgesinn“, huet den Trump de Press zougeruff, iert hien an den Oval-Office eragaangen ass.

E Méindeg, beim hirem privaten Owesiessen, solle béid Männer iwwert déi wirtschaftlech Situatioun vun den USA geschwat hunn. „Et war rieds vun de Sondage vum President Trump an der Virbereedung vun de ‚mid-terms‘ am November“, heescht et aus dem Elysée. Si sollen awer och de Sujet vun den Douanestaxen op Stol an Aluminium behandelt hunn.

An dësem Kontext huet den US-President a Géigewaart vum Macron oppe bedauert, datt hien d‘EU als Gespréichspartner fir Wirtschaftsfroen huet. „D‘Fro vun den Echange mat Frankräich ass komplizéiert wëll et d‘EU gëtt. Ech wéilt léiwer nëmme mat Frankräich verhandelen. D‘EU ass ganz haart mat eis. Si hunn Handelsbarrièren déi net akzeptabel sinn“.

mam Jérôme Cartillier an dem Laurence Benhamou/AFP

Foto: Si proste mateneen, den Donald Trump an den Emmanuel Macron. Am Iran-Dossier schéngen si sech eens. Wirtschaftlech géif den US-President léiwer „nëmmen“ mat Frankräich verhandelen, wéi mat der EU. Mat där ass den Trump onzefridden. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Emmanuel Macron, EU, Iran, Nuklearofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel