Search

You may also like

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)
International Neiegkeeten

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)

Zanter enger Rei Woche sinn an der Stad, méi spezifesch

Een neie Pompjeesbau zu Menster
International Neiegkeeten

Een neie Pompjeesbau zu Menster

Um vergaangene Freideg gouf den éischte Spuedestéch fir de Bau

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter
International Neiegkeeten

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter

An den europäesche Länner steet de 25. Mäerz ganz am

US-Wahlkampf: Wat ass fir d‘Amerikaner dran?

Trump oder Biden… wien an de nächste véier Joer Hausmeeschter vum Wäissen Haus gëtt ass bis ewell nach oppen – hei ee puer Zeenarien, déi unhand de Berechnunge vun der New York Times als Méiglechkeet ze envisagéiere wieren

US-Wahlkampf: Wat ass fir d‘Amerikaner dran?

Et gi keng dausend Méiglechkeeten, mee fënnef sinn der och scho vill, wa beduecht muss ginn, datt vill Leit op der Welt, et gäre geséichen, wann den Donald Trump ofgewielt géif. Dat ass allerdéngs alles wéi net geséchert. Zudeem ass de Joe Biden, och wann hie wuel eppes besser Manéieren huet, och keen Deit besser (politesch) a mat 78 Joer – wann hie sollt d‘Amt untrieden – eppes vill al…

Wéi eng Zeenarie kann et am Kontext vun dëser Presidentschaftswahl ginn? Bezunn op dat sech aus de Berechnunge vun der New York Times ubitt, kann ee vu fënnef méigleche Varianten ausgoen. Et sinn déi realistesch Méiglechkeeten, net zwéngend dat war sech déi meeschten, egal op zu wéi engem Kandidat si tendéieren, wënschen. Ob een vun den Zeenarien Zoutrëfft ass och net gewosst.

Däitlech Victoire fir den Trump

Am 1. Zeenario géif den Donald Trump kloer gewannen. An dësem Fall wier dat eng riseg Victoire fir d‘Republikaner an eng ganz schmäerzlech Néierlag fir d‘Demokraten. Dat géif bedeiten, datt déi meescht Wieler dem Milliardär trei bleiwen, a seng Wal 2016 keng Iwwerraschung war. Dofir muss den Donald Trump awer emol d‘Wal an de sougenannten „Swing-States“ fir sech entscheeden.

Eng kloer Wahlvictoire vum misogynen an homophoben Donald Trump géif allerdéngs och déi vill Wahlpropheten a sonstege Sondageinstituter eppes op d‘Plaz setzen. Déi ginn den Ament dovunner aus, datt den amtéierende President eng 10% Chance huet, nach emol gewielt ze ginn. Dat heescht si gesinn net, datt kéint méiglech sinn… Ausschléisse wëllen si eng Victoire awer dann och net.

Knapp, awer zou Gonschte vum Trump

Ugeholl de Milliardär behält Florida a kann sech a klenge Bundesstaaten wéi Nevada oder dem New Hampshire duerchsetzen. Dofir verléiert hien am Michigan, Pennsylvania an/oder Wisconsin. Dat géi bedeiten, datt d‘Majoritéit vun de Stëmme fir de Joe Biden sinn, mee wëll den Donald Trump an de „Swing-States“ knapp gewënnt, kann hien d‘Wahl fir sech entscheeden. Knapp Resultater bréngen zuweilen och Gestreits mat sech, wat dann d‘Geriichter op de Plang rifft.

Net gewënscht awer méiglech: ee Remis

Datt et méiglecherweis zu engem Gläichstand kënnt wëll keen, ass awer net auszeschléissen. De 6. Januar zielt de Kongress d‘Wielerstëmmen. Sollt et dann net zu enger Majoritéit vun 270 Wieler fir ee Kandidat kommen, muss dat ganzt un d‘Representantenhaus weidergeleet ginn. Mee et entscheet hei net d‘Majoritéit vun den Deputéierten, mee d‘Majoritéit vun den Deelstaaten…

Also: déi Deputéiert vun engem Deelstaat ginn zesummen eng Stëmm of, an dee Kandidat deen hei 26 Stëmmen erhält, dee gëtt dann och President. Onverständlech? Also den Ament verfügen d‘Demokraten iwwert d‘Majoritéit vun den Deputéierten am Kongress, net awer iwwert d‘Majoritéit vun de Bundesstaaten. Woubäi dat jo och no de Walen nees anescht kann ausgesinn.

Sollt et am Representantenhaus keng Majoritéit ginn, muss dann de frësch gewielte Senat mat enger einfacher Majoritéit de Vizepresident bestëmmen, deen dann iwwergangsméisseg d‘Presidence iwwerhëlt, bis ee sech am Representantenhaus op ee Kandidat verstännege kann. Wéi gesot, dat well eigentlech keen.

Esou just fir de Joe Biden

Eng knapp Néierlag fir den Trump ass eng knapp Victoire fir de Biden. Dësen Zeenario ass dee wou vun de meeschte Polit-Experten an Sondage prekoniséiert gëtt. An dësem Fall géif de Joe Biden vun enger grousser Wahlbedeelegung säitens de Latino an den Afroamerikaner profitéieren, bréicht awer och vill Zousproch vun de „Wäissen“. Et géif och bedeiten, datt de Biden nees de „Rust Belt“ fir D‘Demokraten zeréckeruewert hätt. Och hei dierften d‘Geriichter zimlech sollicitéiert ginn.

Alles fir de Joe Biden

Virstellbar ass alles, esou d‘Méiglechkeet, datt de Joe Biden déi 2016 verluere Bundesstaaten nees fir d‘Demokraten zeréckgewanne kann. Hie kéint och an deene Staaten, wou éischter op ee Gläichstand gewett gëtt, d‘Blat zu senge Gonschte wennen an zu gudder Lescht d‘Swing States Iowa an Ohio – déi éischter republikanesch orientéiert sinn – fir sech gewannen.

Dat setzt eng massiv Bedeelegung vun den Afroamerikaner an de Latinoe viraus, déi dann och hir Stëmm den Demokrate musse ginn. Un dësen Zeenario gleewen déi jonk Amerikaner, déi dann awer och vun hirem Wahlrecht musse Gebrauch maachen. Eng Äntwert ob dat Ganzt wäert et zum Deel scho Muer ginn, woubäi dann nach d‘Stëmme vun der Bréifwahl mussen ofgewaart ginn.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Josh Carter / unsplash

Related topics Demokraten, Donald Trump, Joe Biden, Republikaner, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post