Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
International Neiegkeeten

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

laughinglove
Escher Kulturlaf mat 3.000 Leefer gutt besicht
International Neiegkeeten

Escher Kulturlaf mat 3.000 Leefer gutt besicht

“When sport meets culture”: dat ass de Motto vum Escher

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop
International Neiegkeeten

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet

D‘Trump-Administratioun hëlt den Handelskrich mat China eescht, an no der Aféierung vun enger éischter Tranche Douanestaxen, huet Washington eng weider Lëscht vu Produkter ausgeschafft, déi aus China importéiert ginn, an schonn ab September besteiert solle ginn.

Et soll den Drock op China erhéicht ginn, an engem Sträit, dee wéinst dem supposéierten Déifstall vun intellektuellem Eegentum an den Technologietransfert, och awer engem Handelsdefizit, vum US-President ausgeruff ginn ass. An enger éischter Mesure, ginn elo Wueren aus China, am Wäert vu 50 Milliarden US-Dollar, mat Douanestaxe beluecht. Dat ass de leschte Stand, wei e vum Robert Lighthizer, vun der USTR an engem Communiqué duergestallt ginn ass.

D‘Produkter déi vun der US-Administratioun ausgewielt gi sinn, géife vun dësem „erzwongenen Technologietransfert“ profitéieren. Elo huet sech Peking déi unilateral Entscheedung vu Washington net gefale gelooss a Géigemoossnamen ergraff. Moossnamen, déi zu 25% Douanestaxen op 540 US-Produkter gefouert hunn. Domatter ass den Handelskrich a seng éischt hëtzeg Phas geroden.

An et kënnt elo zum oppene Schlagaustausch. Washington dréit domatter d‘Douanestaxen op e Wuerewäert vun 200 Milliarden US-Dollar auszedehnen. „Als Konsequenz zur Vergeltung säitens de chineseschen Autoritéiten, a senger Onfäegkeet seng Praxis ze änneren, huet de President der USTR den Uerder ginn, d‘Prozedur zur Aféierung vun Douanestaxen an héicht vun 10% op den Import vu Wueren am Wäert vun 200 Milliarden, anzeleeden“, esou de Robert Lighthizer.

Well et dann awer och eng juristesch Prozedur gëtt déi agehale muss ginn, kënnen dës nei Taxen net virum September agefouert ginn. De Fall gesat et ass der Trump-Administratioun eescht, an si ass gewëllt all Register ze zéien an den Handelskrich mat alle Konsequenzen duerchzezéien. An den Trump huet gemengt, datt sollt China och dorops „äntweren“, hien nach emol verduebele kéint.

A China ass dann och nëmmen eng vun de ville Fronten, déi de Milliardär mat sengem onséilegen Handelskrich opgestallt huet. Nieft China sinn och déi nordamerikanesch Handelspartner Mexiko a Kanada vun den US-Mesure betraff. Mat Douanestaxen op Stol (25%) an Aluminium (10%) fir d‘Europäer, an dem „Verspriechen“ sech och den Automobilsecteur virzehuelen, ass net ofzegesi wouhinner dat féiere kann. Beim NATO-Sommet vun dëser Woch dierft et och net einfach ginn.

En Elefant zu Bréissel

Den US-President, deen en Dënschdeg zu Bréissel ukomm ass fir um NATO-Sommet deel ze huelen, huet d‘Memberlänner vun der Allianz beschëllegt, säit Jore bei hire Militärausgaben ze versoen. „Vill Länner vun der NATO déi mir ze verdeedegen hunn, verstoussen net nëmme géint hiert Engagement 2% vum BIP fir d‘Arméi opzebréngen, mee bezuelen och net hir Beiträg“.

An dat war dann elo emol en éischten Tweet. Den Donald Trump huet sech nämlech virgeholl den Europäer kloer ze maachen, datt si dat 2% Zil gefällegst bis 2024 ze erreechen hätten. Et versprécht e stiermesche Sommet ze ginn. Woubäi sech déi 29 NATO-Länner längst bereet erkläert hunn, hir Militärausgaben op 2% vum BIP ze hiewen. Bei véier Länner (USA, Groussbritannien, Estland a Griicheland) ass deem schonn esou, a bis Enn Joer kommen der nach emol véier derbäi.

De Generalsekretär vun der Allianz, Jens Stoltenberg, huet bestätegt, datt Litauen, Lettland, Polen a Rumänien nach virun 2019 dësen Taux erreeche wäerten. Keng Informatioun déi den US-President calméiere géif, deem et géint de Stréch geet, datt e Land wéi Däitschland, éischt europäesch Wirtschaftskraaft, ganzer 1,24% vum BIP vir Militärausgaben opwennegt.

Och Lëtzebuerg erfëllt dëse Wonsch vun den 2% net, an et ass gewosst, no Aussoe vum Etienne Schneider, datt een um Krautmaart och net gewëllt ass sech vum Milliardär bedrängen ze loossen. Den Donald Trump huet dann och emol am Virfeld seng „Partner“ gewarnt, datt de Sommet, deen haut a muer ofgehale gëtt, kéint „ustrengend“ ginn. Hien ass iwwerzeegt, datt seng Entrevue mam Vladimir Putin zu Helsinki (de 16. Juli) méi agreabel dierft ginn.

mat AFP

Foto: Den Donald Trump a seng Fra Melania bei der Arrivée op der Melsbroek Air Base zu Bréissel. Den US-President hëlt deel um NATO-Sommet, deen dës Kéier fir vill vun de Partner keen einfachen dierft ginn. Den Donald Trump fuerdert „rembourséiert“ ze ginn, a verlaangt datt all Land vun der Allianz muss 2% vum BIP an d‘Militärausgabe muss stiechen. © Benoît Doppagne/Belga/AFP

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Handelskrich, NATO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel