Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert
International Neiegkeeten

No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert

Mindestens 20 Blesséierter, dorënner fënnef déi mat Schossverletzungen tëscht Liewen

Dramatesch Zeene viru Lampedusa
International Neiegkeeten

Dramatesch Zeene viru Lampedusa

E Samschdeg hunn déi italienesch Autoritéiten iwwer 20 Mannerjäreger vun

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!

A bemol war d’Welt giel! Um 19. Abrëll 1987 haten

Wann s de iwwert d‘Strengt schléis

Senat bremst US-President aus an de Justizminister ass och (offiziell) eppes saierlech

Wann s de iwwert d‘Strengt schléis

Déi eegemächteg Militäraktioune géint den Iran an dat stännegt amëschen an d‘Justiz freet zwar dem Donald Trump seng Fangemeinschaft, geet mëttlerweil awer och deenen eegene Leit zolidd géint de Stréch. Am Senat gouf elo versicht d‘Jalonen nei opzestellen…

Am US-Senat gouf gëschter eng Resolutioun ugeholl, mat deem eegemächteg Militäraktioune géint den Iran solle verhënnert ginn a bei zukünftegen Aktiounen d‘Parlament muss agebonne ginn. Dës Resolutioun war vun den Demokraten agereecht ginn an aacht republikanesch Senateuren hunn, an dat obwuel de Chef gewarnt a gedreet hat, dëst Dokument matgestëmmt. De Milliardär ass getouft.

SenatD‘Demokraten hunn hei ee clevere Schachzuch gemaach, andeems si sech op déi 1973 „War Power Resolution“ bezunn hunn, déi dem US-President virschreift an all méiglechem Fall de Kongress ze consultéieren, iert Zaldoten an de Krich geschéckt ginn. Well keng 2/3 Majoritéit zustane komm ass kann de Locataire aus dem Wäissen Haus géint dës Resolutioun säi Veto asetzen.

Keen Teamplayer

Wann de Senat hannert den Donald Trump steet, an him – zumindest op nationalem Niveau – villes duerchgoe léisst, esou gëtt et awer nach Grenzen. Mat sengem Militärschlag géint den Iran an allem wat domatter verknäppt ass, hätt hien en 3. Weltkrich bëllegend a Kaf geholl. Dat kënnen awer net emol Republikaner zouloossen, firwat der aacht vun hinnen, d‘Resolutioun matgestëmmt hunn.

SenatAn et ass net nëmmen am Senat wou sech doriwwer beschwéiert gëtt, datt den Donald Trump alles bis op en Teamplayer ass. Säi Frënd a Justizminister William Barr beispillsweis, ass guer net erfreet iwwer de Fait, datt den US-President via Twitter Afloss op d‘Onofhängegkeet vun der US-Justiz hëlt. Deen huet – an dat ass scho verwonnerlech – de Chef an der Kausa „Stone“ béis kritiséiert .

Näischt verstanen

Géintiwwer de Kollege vun ABC News, huet den US-Justizminister gemengt: „Dem Trump seng Tweets iwwer d‘Procureure vu mengem Ministère maachen et mir onméiglech meng Aarbecht ze maachen“. An dat ass dach awer eppes ongewinnt, datt een esou héije Regierungsmember esou Téin géint den US-President ëffentlech uschléit. Woubäi de William Barr eigentlech d‘Affer ass…

SenatTraditiounsgeméiss soll de Justizministère onofhängeg vu politescher Aflossnam agéieren an och wann de Justizminister de Chef kritiséiert huet, vun engem Feelverhalen huet de William Barr net geschwat. Vum Wäissen Haus heescht et, datt ee sech net un den Äusserunge vum Justizminister stéiert, dësen hätt schliisslech wéi all Amerikaner d‘Recht seng Meenung fräi ze äusseren.

Dat gewosst, an drun erënnerend datt de Donald Trump net dofir bekannt ass ëffentlech Kritik géint seng Persoun zouzeloossen, stellt sech hei eng wichteg Fro: „War dem William Barr säin Optrëtt a seng Ausso méiglecherweis ofgeschwat?“

mat indymedia/was/nyc

Foto: © Matt / unsplash

Ähnlech Sujeten Roger Stone, US-Justizminister, US-Senat, USA. Donald Trumo, William Barr
Nächsten Artikel Virrechten Artikel