Search

You may also like

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international
International Neiegkeeten

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international

Wéi mer vun der Fondatioun Jonk Fuerscher matgedeelt krute, war

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
International Neiegkeeten

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!
International Neiegkeeten

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!

Vun deene villen Anime-Adaptéierungen, déi een sech am Joer 2017

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock

Wëll den internationale Geriichtshaff géint US-Zaldoten ermëttelt, deene Krichsverbriechen am Afghanistan virgeworf ginn, ass den US-President mat der Institutioun op Krichsfouss. Et ass net dem Donald Trump seng éischt Attack op den ICC.

Ermëttlunge géint US-Zaldoten, dat ass déi rout Linn, déi net dierf iwwerschratt ginn. Fir déi ze verhënneren huet den Donald Trump elo Sanktioune géint d‘Mataarbechter vum ICC geneemegt. Sollten si et woe géint US-Zaldote virzegoen, an dat ouni dofir d‘Erlaabnes vun der US-Regierung ze hunn, mussen si sech de Konsequenze bewosst sinn. An dat si keng „eidel“ Wierder.

ICCSollt also den ICC dru festhalen an d‘Saach net fale loossen, kéint de Besëtz vun deene Leit, déi un dësem Dossier schaffen, an den USA „agefruer“ ginn. Esou ass et an der Verfügung, déi de Milliardär gëschter ënnerzeechent huet, festgehale ginn. Aus dem Wäissen Haus heescht et weider, datt de President och d‘Visa-Beschränkung géint d‘Mataarbechter an hir Familljen erweidert huet.

Begrënnt gëtt dat wéi follegt: „D‘USA ergräifen all noutwenneg Moossnam, fir hir Bierger an Alliéiert virun ongerechtfäerdegte Poursuitten duerch d‘Geriicht ze schützen“. Nei ass dëse Sproch net, dee gouf esou schonn ugewannt, wéi den ICC géint israelesch Krichsverbriechen a Palestina virgoe wollt. Sengerzäit hat den John Bolton däitlech Dreeunge géint d‘Riichter ausgeschwat.

Eppes zum Hannergrond

Den internationale Geriichtshaff zu Den Haag (Holland) hat am Mäerz geurteelt, datt am Kader vun den Ermëttlungen zu méigleche Krichsverbriechen, och kéint géint Mataarbechter vum CIA (den US-Auslandsgeheimdéngscht) kéint enquêtéiert ginn. Wat déi offensichtlech Krichsverbriechen a geheime Prisonge vun der Arméi baussent Afghanistan, esou dierf och hei offiziell ermëttelt ginn.

ICCHei hat d‘Procureure Fatou Bensouda, de riichterlechen Accord ugefrot, fir géint déi Persoune kënne virzegoen, déi verantwortlech fir Folter, willkürlech Ermordung, sexuell Gewalt an aner Krichsverbrieche sinn, déi am Zesummenhang mam Krich an Afghanistan zanter 2003 begaange goufen. Dorops hin huet d‘Trump-Administratioun dem Fatou Bensouda de Visa entzunn.

D‘USA sinn net Member vum 2002 gegrënnte Geriichtshaff a leenen dësen zanter Joren of. Mee och virun der Ära Trump, hunn d‘US-Regierunge méiglech Ermëttlunge géint Membere vun hirer Sträitmuecht „kritesch“ begleet. Dat wier net gutt fir d‘Moral vun de kämpfenden Truppen, a wann et sollt zu Verstéiss kommen, da géif dat intern gekläert ginn. Esou d‘Haltung vun den USA.

Den Haag eppes genervt

Elo huet den ICC-President O-Gon Kwon zur Verfügung vum US-President Stellung bezunn. „Den 11. Juni huet d‘Regierung nei Moossname géint den internationale Geriichtshaff annoncéiert. Esou Mesuren huet et nach ginn. Si behënneren eise gemeinsamen Effort fir géint d‘Impunitéit virzegoen an d‘Obligatioun sech fir Verbrieche mussen ze veräntwerten. Ech bedaueren d‘Moossnamen, déi sech géint Membere vun der Cour, sengem Personal an hir Famillje riichten“.

ICCHien huet a sengem Statement nach emol drop higewisen, datt den ICC onofhängeg an onparteiesch ass, deen am strikte Respekt vun den Dispositiounen, esou wéi am Statut vu Roum festgeluecht, agéiert. An dësem gëtt unerkannt, datt et als éischt un den USA ass, géint esou Verbrieche virzegoen an datt den ICC nëmmen am leschte Recours, komplementar zur nationaler Justiz agräift.

Et gouf och drop verwisen, datt d‘Assemblée vun de Memberstaaten ee grousse Reformprozess an d‘Wee geluecht hunn, fir eng effizient Obligatioun zur Verantwortung bei Krichsverbrieche sécherzestellen. Déi nächst Woch soll et zu enger aussergewéinlecher Sëtzung vum Büro vun der Assemblée, fir déi nei Situatioun ze beroden. Un de Sanktioune selwer wäert et näischt änneren…

mat indymedia/was/ams

Foto: De Sëtz vum internationale Geriichtshaff zu Den Haag. © ICC

Related topics Afghanistan, CIA, ICC, Impunitéit, Krichsverbriechen, Sanktiounen, US-Zaldoten, USA
Next post Previous post