Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou
International Money Neiegkeeten

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer
International Money Neiegkeeten

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer

Hien war ee franséische Moler, Matbegrënner an Haaptvertrieder vum Impressionismus.

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen
International Money Neiegkeeten

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass

money

Handelskrich: Den Trump stellt seng Fuerderungen un d’EU

Handelskrich: Den Trump stellt seng Fuerderungen un d’EU

Um Samschdeg huet den Donald Trump vun der EU verlaangt, datt si d’Douanestaxen an Reguléierung fir amerikanesch Produkter erofsetzt, falls si vun der Besteierung op Stol an Aluminium wëll ausgeholl ginn.

Den US-President hat dës Warnung via Twitter lassgelooss, nëmmen e puer Stonnen no der Reunioun zu Bréissel, bei där den Handelsvertrieder Robert Lighthizer invitéiert war. „D’EU, fantastesch Länner, déi beim Handel ganz schlecht mat den USA ëmginn, bekloen sech iwwer Douanestaxen op de Stol an den Aluminium“, esou de Message.

An den Donald Trump twittert weider: „Wann si hir schrecklech Hürden an Douanestaxen op déi amerikanesch Produkter opginn, verzichte mir op eis. Soss besteiere mir d’Autoen an esou weider. Éierlech!“.

D’Europäer haten um Samschdeg, bei enger scho laang virbereeter Entrevue, dem Robert Lighthizer hir Enttäuschung iwwert déi nei US-Handelspolitik matgedeelt. D’EU-Kommissärin fir den Handel, Cecilia Malmström, an de japanesche Wirtschaftsminister, Hiroshige Seko, haten hirersäits gefuerdert, vun den Douanestaxen ausgeholl ze ginn. Mexiko a Kanada profitéiere scho vu dëser Ausnam, an eng ähnlech Reegelung soll et och mat Australien ginn.

„Mir haten en oppent Gespréich, mee hu keng Kloerheet erhalen iwwert d’Prozedur, déi eis vun dësen Douanestaxe géife befreien. D’Gespréicher ginn déi nächst Woch weidergefouert“, erkläert d’Cecilia Malmström. „Mir sinn alliéiert an en Handelspartner vun den USA. Op dëser Basis muss d’EU vun den Ugekënnegte Mesuren ausgeholl ginn“.

Iwwerschneidungen

Bei de Gespréicher ass et och ëm d’Zesummenaarbecht tëscht den dräi Partner gaangen. Dat bezunn op de Kampf géint den Dumping, an d’Problemer déi duerch Iwwercapacitéiten an der Siderurgie bestinn. Bei béide Punkten hätt ee gutt Resultater virzeleeën, an et hofft een datt d’Efforten déi hei gemaach goufen, och vum Donald Trump gewierdegt ginn.

D’Europäer an d’Japaner haten sech allerdéngs keng Entscheedung um Samschdeg erwaart. Et war hinnen awer wichteg Drock op d’USA ze maachen. An nach um Freidegowend, hat de franséische President Emmanuel Macron, den Trump virun de Konsequenze vu senger Entscheedung gewarnt.

„Esou Mesuren déi alliéiert Länner an d’Viséier huelen, déi sech un d’Reegele vum Welthandel halen, sinn net dat richtegt Mëttel fir géint deloyal Praktike virzegoen“, esou de Macron. „Europa wäert op eng däitlech an ugemoossen Aart a Weis, op all net fundéiert Praxis, déi géint all Reegele vum Welthandel verstéisst, äntweren“.

Europäesch Géigemoossnamen

An d’EU huet dann och schonn emol Géigemoossname virbereet, de Fall gesat den Donald Trump géif op Sanktioune géint d’Siderurgiste bestoen. Déi kuerzfristegst, déi an dräi Méint scho kéinten ugewannt ginn, bestinn doranner eng ganz Rei renomméiert US-Produkter mat héije Steieren ze belaaschten.

Mee et gëtt zu Bréissel och envisagéiert, Mesuren ze ergräife fir d’EU-Industrie virum Import vu Stol an Aluminium ze schützen. Zudeem gëtt sech virbehalen, eng Plainte bei der Welthandelsorganisatioun (WTO) anzereechen. D’Argument: d’USA géife mat der Begrënnung vun der „nationaler Sécherheet“, nëmmen d’Avantage fir hir Entreprisë sécherstellen.

2017 hat d’EU fir 6,4 Milliarden, Stol an Aluminium an d’USA exportéiert. An d’Europäer sinn fir den Ament och nach vereent, woubäi d’EU-Kommissioun gutt drop uecht deet, wat sech d’Amerikaner alles virgeholl hunn, fir dës Eenheet ze zerrappen.

Däitlech Wierder

„Mir kënnen net akzeptéieren, datt d’EU vun der US-Administratioun ausenaner bruecht gëtt“, esou d’Warnung vum Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Jyrki Katainen. Eng explizit Ausso déi un d’Brite geriicht war, déi grad derbäi sinn déi grouss Famill ze verloossen. Hien si drun erënnert, datt „Groussbritannien nach ëmmer Member vun der EU ass, an dat Verflichtunge mat sech bréngt“.

Esouwuel d’Alliéiert vun den USA, wéi och d’Géigner, hu säit en Donneschdeg déi protektionistesch Mesure vun den Amerikaner veruerteelt. Et wier en Ugrëff op de fräien Handel. An Däitschland, eent vun de gréissten Exportlänner op der Welt, op dat den Donald Trump mam Fanger gewisen huet, gesäit d’Mesuren als en Affront géintiwwer de Partner vu Washington.

Fir de chineseschen Handelsminister, ass et en Abus. An och de chineseschen Ausseminister, Wang Yi, versprécht Washington eng ugemoossen Äntwert, sollt et zum Handelskrich kommen. China als gréisste Stolproduzent op der Welt, gëtt allerdéngs stänneg beschëllegt, d’Ursaach vun der Iwwercapacitéit ze sinn, wat op massiv Subventiounen zeréckzeféiere wier.

mam Olivia Hampton an dem Christian Spillmann/AFP

Foto: D’EU-Kommissärin fir den Handel, Cecilia Malmström (c) am Gespréich mam Robert Lighthizer (l), an a Begleedung vum japanesche Wirtschaftsminister Hiroshige Seko (r) virun der Entrevue zu Bréissel. © Stephanie Lecocq/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Aluminium, EU, Handelskrich, Japan, Stol, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel