Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil
International Neiegkeeten

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil

D’Noriichte wat d’Aarbechtslosegkeet an der EU ugeet bleiwe weider relativ

Koalitiounsaccord: fir eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis
International Neiegkeeten

Koalitiounsaccord: fir eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis

Déi dräi Koalitiounsparteien (DP, déi gréng an LSAP) hu bei

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou
International Neiegkeeten

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou

Et ass nees ee waarme Summer an deen huet folgerichteg

De G7-Sommet: Mat engem Tweet torpedéiert den Trump den Ofschloss-Communiqué

De G7-Sommet: Mat engem Tweet torpedéiert den Trump den Ofschloss-Communiqué

Et ass e Fiasko: mat engem „rosenen“ Tweet huet den Donald Trump de gemeinsame Communiqué, deen ënner gréisster Péng zustane komm war, torpedéiert. Dat hien dësem Communiqué eng Zoustëmmung misst entzéien, esou den US-President, wier eleng dem kanadesche Premierminister Justin Trudeau seng Schold, deen hien als „Onéierlech“ bezeechent huet.

De Locataire aus dem Wäissen Haus huet säin Tweet aus der „Air Force One“ lassgelooss: „Well de Justin Trudeau bei senger Pressekonferenz falsch Deklaratioune gemaach huet, a Kanada eise Landwirt, Aarbechter an Entreprisen enorm Steieren imposéiert, hunn ech eis amerikanesch Vertrieder gebieden dem Communiqué d‘Zoustëmmung ze entzéien. Mir envisagéieren elo Taxen op Autoen ze erhiewen, déi den amerikanesche Maart iwwerschwemmen“.

Dëse Gesënnungswandel ass spektakulär. Schonn ënnerwee a Richtung Singapur, wou hien sech en Dënschdeg mam Kim Jong-un trëfft, hat den Donald Trump de Journalisten, déi mat him an der „Air Force One“ reesen, matgedeelt, datt hien dem Communiqué géif zoustëmmen. Nëmmen e puer Stonne méi spéit, nodeems hie Kenntnis vun den Aussoe vum Justin Trudeau hat, huet den Trump seng Meenung geännert. Aus dem Wäissen Haus huet et geheescht: „De President war rosen“.

D‘Douanestaxen „sinn eng Beleidegung“

Zwee Deeg laang hat et zu Malbaie schwiereg Debatte ginn. De kanadesche Premierminister huet bei ofschléissender Pressekonferenz op e neits d‘Douanestaxen, déi d‘US-Administratioun fir den Import vu Stol an Aluminium festgeluecht huet, als „eng Beleidegung“ bezeechent. An de Justin Trudeau huet versprach deem „ouni mat der Wimper ze zucken ze begéinen“.

Aus dem Cabinet vum Premierminister gëtt et op d‘Reaktioun eng éischter pragmatesch Äntwert: „Mir konzentréieren eis op alles wat mir hei beim G7-Sommet erreecht hunn. De Premierminister huet näischt gesot, wat hien net schon däitlech zum Ausdrock briecht hätt. Dat esouwuel ëffentlech wéi bei private Gespréicher mam US-President“. De franséische President huet d‘Noriicht erhale wéi hien ofgeflunn ass. Seng Servicer wollten et zu deem Ament dann och net kommentéieren.

Dem Donald Trump säin Tweet mécht déi gemeinsam Deklaratioun zum Commerce, mat deem de Grupp vun de „Siwen“ (USA, Kanada, Frankräich, Däitschland, Italien, Groussbritannien a Japan) d‘Gesiicht ware wollten, hifälleg. Och déi aner Staatscheffe waren zu dësem Zäitpunkt um Retour an hir Länner, an konnten net méi ëffentlech reagéieren. Den Text hat de Protektionismus, deen den US-President duerstellt, kritiséiert. Et war festgehale ginn, datt een d‘WTO wéilt reforméieren.

Schlag fir Schlag

Et dierf ee sech an dësem (G7-Sommet) Kontext dann awer d‘Fro stellen, wat dës puer Zeilen, déi ënner grousse Schmäerzen ausgehandelt goufen, fir e Gewiicht hätte kënnen hunn? Dat géintiwwer engem Donald Trump, dee bereet ass all Konflikt anzegoen, fir den Handelsdefizit vun den USA ze reduzéieren. Ëmmerhin ass den US-President bereet en Handelskrich ze féieren, wéi et seng Menace, Douanestaxen op Autoen ze erhiewen, verdäitlecht.

Sollten dës Douanestaxen tatsächlech erhuewe ginn, da befannen sech d‘USA an hir Alliéiert an engem oppenen Handelskrich. E Konflikt dee vu kenger Säit ze gewannen ass, an Repercussiounen op d‘Zesummenaarbecht bei der „Léisung“ vu bewaffenten Ausenanersetzungen huet. Beim engem „aktiven“ Handelskrich, gëtt et schwéier d‘Zaldoten an enger Allianz vir- an nieftenaner kämpfen ze loossen. Zudeem wier et onméiglech weiderhi vun engem G7-Grupp ze schwätzen.

Den Donald Trump viséiert déi europäesch Douanestaxen op den Import vun Autoen déi net an der EU hiergestallt ginn, a bei 10% leien, während déi amerikanesch Douanestaxe bei 2,5% leien. „Mir sinn d‘Spuerschwäin dat déi ganz Welt schluecht. Dat wäert ophalen“ hat den US-President scho bekannt ginn, nach iert hien de G7-Sommet verlooss huet. An de Justin Trudeau, deen sech de Milliardär als Zilscheif erausgesicht huet, ass net deen eenzegen deen all Schlag „zréckgëtt“.

D‘Géigemoossname vun der EU

De franséische President Emmanuel Macron huet sengersäits, bei senger Pressekonferenz zu Malbaie, gewarnt, datt et „keng Verännerunge gëtt“ wat déi europäesch Géigemoossname betrëfft, déi op de Bourbon oder d‘Motorrieder aus den USA ugewannt wäerte ginn. Dat als Äntwert op d‘Douanestaxen op Stol an Aluminium.

En esou ergëtt sech, datt trotz de „laachende Gesiichter“ vun de Staatscheffen um Enn vum G7-Sommet, keen Zweiwel méi ka bestoen, datt schlecht Zäiten op eis duer kommen. Dat mannst woumatter mir ze rechnen hunn, ass datt villes wäert méi deier ginn, a schlëmmstefalls gerode mir an eng nei kris, där hir Auswierkung net ofzeschätzen ass. Dat alles well en onberechenbaren US-President eng bilateral Konfrontatioun, laangwierege multilaterale Verhandlunge virzitt.

Et dierf en och drop hiweisen, datt den Donald Trump als leschte Staatschef zu Malbaie ukomm war, sech dofir awer als éischten duerch d‘Bascht gemaach huet. Dofir gëtt et allerdéngs e Grond: den US-President huet ni en Heel dorausser gemaach, datt seng Entrevue mam nordkoreanesche Leader, Kim Jong-un, absolut Prioritéit genéisst. „Et ass eng eenzegaarteg Geleeënheet zum engem Nuklearofkommes mat Pyongyang ze gelaangen, déi sech esou ni méi ergëtt“, esou den Trump.

mam Aurélia End/AFP

Foto: Den US-President kuerz viru senger Ofrees vum G7-Sommet zu Malbaie an der kanadescher Provënz Québec. Zu deem Ament hat den Ofschloss-Communiqué nach dem Donald Trump seng Zoustëmmung. Déi huet hien no der Pressekonferenz vum kanadesche Premierminister Justin Trudeau, zréckgezunn. © Leon Neal/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, G7-Sommet, Handelskrich, Justin Trudeau, Kanada
Nächsten Artikel Virrechten Artikel