Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien: Faschistesch Bildungspolitik mat Niewewierkungen
International Neiegkeeten

san diego dating site

D‘Bildungspolitik vum rietse brasilianesche President Jair Bolsonaro stéisst bei senge

skiing singles dating
International Neiegkeeten

Déi duebel Tragedie vun den afghanesche Witfraen

Witfra a Groussmamm, d‘Janat Bibi huet keen erwuessene Mann méi

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal
International Neiegkeeten

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal

De Kommandant vun der amerikanescher Küstewaach, Paul Zukunft, huet haut

Dem Trump seng Ëmstridden „Trauer-Tournée“

Zu behaapten den Empfang zu Dayton an El Paso ass „häerzlech“ gewiescht wier vermoossen

Dem Trump seng Ëmstridden „Trauer-Tournée“

No de Masseschéissereie vum leschte Weekend huet den US-President d‘Stied Dayton an El Paso besicht. De Milliardär ass am Wahlkampf an huet zolidd domatter ze dinn, senge Fans an der Welt verständlech ze maachen, datt et net seng rhetoresch Versatilitéit ass déi zur Gewalt bäidréit.

Et ass net wat hie wéi seet, et ass déi ganz Persoun „Trump“, déi ëmmer méi abstrus gëtt. D‘Kritik hëlt zou an den Zäitpunkt ass net grad dee beschten. Mat Kritik kann den Donald Trump ëmgoen, d‘Medie verbreeden, bis op „Ausnamen“, Fake News an hien, als 45. President vun Amerika, géif d‘Natioun net splécken, mee zesummebréngen. „Amerika geet et ongleeflech gutt“, esou säin Avis.

No dëser virun auserwielte Journaliste gemaachte Feststellung, huet sech den US-President mat der „first Lady“ a Richtung Dayton opgemaach. Hei hat e jonke Mann vu 24 Joer am historeschen „Oregon Distrikt“ ronderëm sech geschoss an 9 Mënschen, dorënner déi eege Schwëster, ëmbruecht iert e vu Polizisten „onschiedlech“ gemaach gouf. Esou sinn an enger Nuecht 10 Leit gestuerwen.

TrumpDéi presidentiell Koppel déi sech an engem Spidol mat Affer getraff huet, war „erwaart“ ginn. Zu honnerten haten sech d‘Bierger vun Dayton versammelt. Et gouf e „Baby-Trump“ als Loftballon, op Plakater ass eng Verschäerfung vum Waffegesetz gefuerdert ginn… De Milliardär huet et erdroen an ass weider op El Paso geflunn, wou den Empfang och net „häerzlech“ war. Wëllkomm ass anescht.

Net de beschten Zäitpunkt fir eng Foto mam US-President

Et sinn dann och net, wéi een eigentlech sollt unhuelen, nëmme Politiker vun den Demokraten, mee och Vetrieder vun de Republikaner, déi ganz gutt op dem Donald Trump seng Optrëtter a béide Stied hätte verzichte kënnen. Besonnesch zu El Paso, wou d‘Bevëlkerung mëttlerweil de Kritiker zoustëmmt, an déi presidentiell Rhetorik géint d‘Migranten als Ursprong vum ganze Misär gesinn.

TrumpDéi demokratesch Deputéiert Veronica Escobar, huet zur Visite gemengt: „En ass hei net wëllkomm an hie sollt net heihinner komme während mir traueren“. Si war vum Wäissen Haus ageluede ginn, a wollt am Virfeld mam Donald Trump schwätzen. Den US-President misst sech entschëllegen an seng rassistesch wéi haasserfëllt Äusserungen zréckhuelen. Dofir hat de „Chef“ awer keng Zäit.

TrumpEsou huet d‘Veronica Escobar sech net un der Visite bedeelegt. Ähnlech huet et sech beim Beto O‘Rourke, texanesche Presidentschaftskandidat, zougedroen. Hie gesäit den Donald Trump an der Verantwortung an behaapt sech drop, datt dësen deen Haass eréischt geschafen hätt, deen zur Tragedie gefouert hätt. Wéi eescht et dem O‘Rourke ass? Och hien ass schliisslech am Wahlkampf.

Wou fänkt Trauer un an hält Wahlkampf op?

Op d‘Attack vum politesche Géigner reagéiert de Locataire aus dem Wäissen Haus wéi net anescht ze erwaarde via Twitter. Den Demokrat sollt d‘Affer an d‘Poliziste respektéieren, also de Mond halen. Et géif dem Beto O‘Rourke eenzeg an eleng drëms goen de Sujet politesch auszeschluechten. Hier selwer wéilt sech do eraus halen… Dat awer dierft kaum méiglech sinn, hien ass de President.

TrumpAn als dësen huet de Milliardär déi illegal Awanderung aus Südamerika zum Häerzstéck vu sengem Mandat gemaach. Op aus Mexiko oder soss engem südamerikanesche Land kéimen nëmme Mäerder, Drogendealer an aner kriminell Elementer an d‘USA. Esouguer demokratesch Deputéiert Frae mat Migratiounshannergrond huet hie mat rassistesche Parollen iwwerzunn. Net einfach…

Elo awer fuerdert den Donald Trump selwer eng Rei Gesetzesännerungen. Et soll zukünfteg sécher gestallt ginn, datt psychesch lädéiert Individuen, déi eng Gefor fir d‘Gesellschaft duerstellen, keen Zougang méi zu Waffe kréie sollen. Esou de Resumé vum oppene Bréif deen d‘Washington Post verëffentlecht huet. Vun der NRA koum prompt d‘Warnung, datt dat senge Fans net gefale kann…

Trumpmat indymedia/col/hou/nyc

Foto: El Paso huet dem 45. US-President en Empfang gebueden, deen dësem esou net dierft an säi Wahlkampf gepasst hunn. Hie weist awer all Virwërf zu senger „Rhetorik“ zréck an ass iwwerzeegt d‘Leit mat sengem Haass ze vereenen. © V. Escobar (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Dayton, Donald Trump, El Paso, NRA, Staatstrauer, Waffegesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel