Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!
International Neiegkeeten

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!

D’Rees vu Plymouth op New York wäert fir d’Klimaaktivistin Greta

USA: Nationalen Noutstand ?
International Neiegkeeten

USA: Nationalen Noutstand ?

Op e neie Shutdown wollt et den US-President dann awer

Spionéiert de BND an Éisträich Institutiounen an Entreprisen aus?
International Neiegkeeten

Spionéiert de BND an Éisträich Institutiounen an Entreprisen aus?

Déi éisträichesch Exekutive huet um Samschdeg vun Däitschland Erklärunge gefuerdert,

Washington zitt 9.500 US-Zaldoten aus Däitschland of

Den Donald Trump huet sech mam Verdeedegungsminister Mark Esper op eng Quot gëeenegt

Washington zitt 9.500 US-Zaldoten aus Däitschland of

Zanter August 2019 denkt den US-President iwwert en Truppenofzuch aus Däitschland no a ganz rezent huet hien dës Decisioun nach emol eppes méi seriéis zum Ausdrock bruecht. Och am eegene Lager ass dëse Gedanken net wierklech begréisst ginn. Elo huet den Donald Trump enger Propos vu sengem Verdeedegungsminister Mark Esper zougestëmmt.

9.500 US-Zaldote sollen dann elo effektiv ofgezu ginn. En Deel vun den Zaldote sollen zréck an d‘USA, anerer kréien eng nei Affektatioun a Polen. Esou géif sech déi effektiv Truppestäerkt vun den USA an Däitschland op ronn 25.000 Mann reduzéieren. Eng gréisser „Operatioun“ mat vill logisteschen Erausfuerderungen. En Zäitplang ass aus dem Wäissen Haus net genannt ginn.

Dat wier d‘Saach vum Pentagon, esou ee Spriecher aus dem Wäissen Haus, dee preziséiert huet, datt den US-Kongress déi nächst Woch iwwert d‘Detailer wäert informéiert ginn. Ass dat gemaach sollen och d‘NATO-Partner iwwert d‘Modalitéite Bescheed gesot kréien. Einfach awer dierft et net ginn, well d‘Parlament kann dem Projet iwwert de Militärbudget zolidd Steng an de Wee leeën.

TrumpAn et sinn dës Kéier net nëmmen d‘Demokraten, déi sech dem Milliardär an de Wee stellen, och eng ganz Rëtsch Republikaner hu mat dëser Moossnam esou hir Problemer. Hei geet gefaart, datt iwwert dëse Wee d‘Allianz geschwächt gëtt, wouvunner eenzeg d‘Russe géife profitéieren. Hei muss sech den US-President op Widderstand astellen, wëll och d‘Grënn keen Zousproch fannen.

Wat wichteg ass bleift stoen

Et huet nämlech näischt mat grousser Strategie oder enger Restrukturatioun ze dinn. Den Donald Trump wëll mat dem Truppenofzuch Berlin bestrofen. Bestrofe well net genuch an Oprëschtung investéiert gëtt, mee och well seng „däitsch Frënn“ um russesche Gas – an net um US-Flësseggas – festhalen. D‘Polen awer wiere bereet bis zu 2 Milliarden US-Dollar fir d‘Stationéierung auszeginn.

Dat verhënnert allerdéngs net, datt Däitschland no Japan ee vun de wichtegste Standuerter fir d#US-Arméi ass. Esou hunn eng Rei US-Basen eng zentral Bedeitung am Geflecht, esou beispillsweis de Loftwaffestëtzpunkt Rammstein. Vun hei aus ginn net nëmmen déi déidlech Dronenasätz gestéiert, et ass och dat logistescht Dréikräiz fir Truppen a Material fir den Noen Osten an/oder Afrika.

Zu Landstuhl steet dann dat gréisse Militärspidol baussent den USA an och dorobber wëll keen am Pentagon, dem Senat oder dem Kongress eeschthaft verzichten. Zu Stuttgart sinn d‘Etat-Majore fir d‘Truppen an Europa an Afrika usässeg an am bayresche Grafenwöhr ënnerhalen d‘Amerikaner eng vun de gréissten Truppenübungsplazen an Europa. Wéi ee gesäit, et ass alles net esou einfach…

mat indymedia/was

Illustratioun: © White House

Ähnlech Sujeten Däitschland, Mark Esper, NATO, Pentagon, Truppenofzuch, US-Arméi, US-Kongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel