Search

You may also like

Muss sech d‘LSAP erneieren?
International Neiegkeeten

Muss sech d‘LSAP erneieren?

Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“
International Neiegkeeten

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“

Ei wat ass dat eloten e lecker Kärel, dréif Blond

Terror zu Lugano
International Neiegkeeten

Terror zu Lugano

An engem Shoppingzenter zu Lugano (Tessin – CH) huet eng

Trump iwwer iranesche Sanktiounsverstouss liicht veriergert

Éischte vu fënnef perseschen Tanker ass um Samschdegowend am Venezuela ukomm

Datt dierft dem US-President zolidd géint de Stréch goen: Den Iran huet, trotz Sanktiounen an net manner Warnunge säitens Washington, fënnef Tankschëffer déi Bensin gelueden hunn a Richtung Südamerika geschéckt, fir dem Land seng Energieversuergung – esouwäit dat ënnert de bestoenden Ëmstänn méiglech – nees eppes ze stabiliséieren. Sécher awer och fir d‘USA ze provozéieren.

Op alle Sender sinn d‘Biller iwwerdroe, gi wéi um Samschdegowend (Lokalzäit) den éischten Tanker an d‘Gewässer vum Venezuela agedrongen ass. D‘Marine an d‘Loftwaff haten hir Kräfte vereent fir d‘Schëffer ze begleeden. Aus guddem Grond, schliisslech wollt de Milliardär déi iranesch Tanker dovunner ofhalen hir Destinatioun ze erreechen. Mee si hunn et gepackt…

TrumpDe venezuelaneschen Energieminister Tareck El Aissami war méi wéi ze zefridden an huet op Twitter verkënnt: „Mir heeschen d‘Schëffer aus de islamescher Republik wëllkomm, déi gläich an den Häfe vun eiser Heemecht ukomme wäerten“. Déi verbliwwe 4 Tanker sollten iwwert déi nächst Deeg hiren Zilhafen erreechen. Alles an Allem sollen 1,5 Millioune Barrel Sprit geliwwert ginn.

Vun enger Blockad gouf ofgesinn

Zu Washington, wou een zäiteg vun dëser Aktioun wousst, gouf mat Konsequenze gedreet. Domat si wuel nees weider Sanktioune gemengt, mee dat si béid Natioune säitens den Amerikaner längst gewinnt an et schéngt se net weider ze belaaschten. Méi geféierlech huet sech do déi erhéichten US-Marinepresenz an der Karibik ugesinn. Dat ass awer „offiziell“ en Asaz géint Drogeschmuggler.

TrumpOp der Tëlee hat de venezuelanesche Staatschef Nicolas Maduro schonn de leschte Mëttwoch der iranescher Regierung zu Teheran Merci gesot. Duerch déi vun den USA operluechte Sanktiounen, mat deene Washington e Regimewiessel wëll erbäiféieren, leit Venezuela schon zanter Joren ënnert enger zolitter Wirtschaftskris. Dobäi verfüügt dëst Land eigentlech iwwer gesond Pëtrolsreserven.

Duerch d‘Sanktioune kann d‘Land de wichtege Sprit net selwer hierstellen an ass op Liwwerungen aus dem Ausland ugewisen. Déi politesch wéi kommerziell Relatioun tëscht béide Länner ass gutt. Et hält een zesummen, wéi schon 2010/11, wou d‘Venezuelaner dës Operatioun an ëmgedréinter Richtung duerchgefouert haten. Och deemools ass géint bestoend Sanktioune verstouss ginn.

Wéi geet et weider?

Um Sonndeg huet de venezuelaneschen UN-Ambassadeur Samuel Moncada an enger ganzer Rëtsch Tweets d‘Ukomme vun de Schëffer begréisst. Hien huet a senge Kuerznoriichten aus engem un de US-President geriichten oppene Bréif zitéiert, dee vu 14 pensionéierten Experten aus der US-„Geheimdéngscht-Community“ verfaasst ginn ass, a wou virun enger Aggressioun gewarnt gouf.

TrumpDe Samuel Moncada resuméiert säi Point de Vue: „Den iranesche Bensin dee Venezuela erreecht ass ee wichtegt Zeechen am Kampf fir Souveränitéit, Onofhängegkeet a Fridden. Den Trump a seng Minions hunn iwwert ee militäresche Schlag géint d‘Tanker nogeduecht. Seng Experten hunn him dovunner ofgeroden“. D‘Iraner hunn sech net verstoppt an och via Twitter „matgeschwat“.

Esou huet e Sonndeg déi iranesch Ambassade zu Caracas e Video op Twitter gepost, op deem een den iraneschen Tanker gesäit wéi dëse vun der Marine begleet gëtt. Den iranesche President Hassan Rohani huet um Samschdeg d‘Amerikaner virun engem oniwwerluechte Schratt gewarnt. Sollten d‘USA sech un den Tanker vergräifen, missten si sech de Konsequenze stellen…

mat indymedia/ccs

Karikatur: © Hassan Ahmadi (courtesy)

Related topics Iran, Petrol, Tanker, US-Sanktiounen, USA, Venezuela
Next post Previous post