Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen
International best dating sites to find marriage

nigerian female soldier dating site

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“

hot guys dating app
International best dating sites to find marriage

Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter

Wien gëschter Owend net zu Éileng am Centre de Rencontre

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen
International best dating sites to find marriage

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen

Um Méindeg huet den europäesche Geriichtshaff (EUGH) zu Lëtzebuerg entscheet:

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang

„Mir wäerte gesinn“ esou déi ongewinnt verhale Reaktioun vum Donald Trump op d‘Menace vu Pyongyang, de Sommet tëscht béide Staatsmänner ofzesoen.

Nodeems déi international Communautéit sech iwwer eng diplomatesch „Entspanung“ gefreet huet, huet Nordkorea zu senger traditioneller Rhetorik zréckfonnt, an ugedeit, datt een de fir Mëtt Juni ugesate Sommet zu Singapur kéint a Fro stellen. Schold dorunner wier de Militärmanöver deen d‘USA reegelméisseg mat der südkoreanescher Arméi ofhält.

„Näischt ass eis zougedroe ginn, a mir hunn och näischt héieren (…) mir wäerte gesi wat geschitt“, esou den Donald Trump aus dem „Oval-Office“. Erstaunlech, hien huet sech an dësem Fall net wéi gewinnt via Twitter geäussert. „Mir wäerte gesinn“ huet den US-President sech widderholl, dee keen Heel draus gemaach huet, datt hien sech op de Sommet freet.

Nom historeschen Handschlag op der Demarkatiounslinn, ass wéinst dem gemeinsame Militärmanöver vun der südkoreanescher an der amerikanescher Arméi, e wichtege Rendez-vous ofgeblose ginn. Dat als Zeeche vum Protest.

Den Ausseminister-Adjoint Kim Kye Gwan dozou: „Wann d‘USA de Versuch ënnerhuelen eis mam Réck widder d‘Mauer ze stellen, fir eis ze zwéngen en unilaterale Verzicht op Atomenergie unzehuelen, si mir un engem Dialog net méi interesséiert“.

Maximalen Drock

Washington fuerdert dann och net manner „wéi déi vollstänneg, iwwerpréifbar an irreversibel Denuklearisatioun“ vun Nordkorea. Bis zur Stonn huet Pyongyang awer nach net ëffentlech gemaach, wéi eng Konzessiounen si bereet sinn anzegoen. Et ass just gewosst, datt si sech fir eng Denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel wëllen engagéieren.

An der Vergaangenheet huet Nordkorea ëmmer nees den Ofzuch vun den US-Zaldote gefuerdert, déi zum Schutz vu Südkorea op der Hallefinsel stationéiert sinn. Domatter verbonnen, och den Ofzuch vum US-Atomwaffenarsenal.

China huet Nordkorea opgefuerdert de Sommet wéi virgesinn ofzehalen. De franséischen Ausseminister bitt Pyongyang seng „Bereetschaft ze verhandelen“ éierlech unzegoen. „Et kann zu Héichten an Déifte kommen, wéi et d‘Aktualitéit weist, mee en dierf een d‘zil net aus den Ae verléieren: déi vollstänneg an iwwerpréifbar Denuklearisatioun vun der Hallefinsel“.

D‘Sarah Sanders, Spriecherin vum Wäissen Haus, verséchert, datt een zouversiichtlech ass, an datt déi erwaarten Entrevue wéi virgesi wäert stattfannen. „Wéi et de President scho bei verschiddene Geleeënheete gesot huet, si mir prett fir dëse Sommet.

Fënnt dëse statt, ëmsou besser, falls net muss e gesi wéi et weider geet“, erkläert d‘Spriecherin géintiwwer Fox-News. Si versprécht dann och, datt d‘USA, ouni zefriddestellendem Accord mat Pyongyang, gewëllt sinn hir Campagne mat „maximalem Drock“ weiderzeféieren.

Nordkorea ass net Libyen

De Kim Kye Gwan ass dann och nach op de John Bolton, US-Beroder fir déi national Sécherheet, lassgaangen. Deen hat virgeschloen, datt een de „Libesche Modell“ fir d‘Denuklearisatioun vu Nordkorea kéint uwennen. Dat awer wier e „sinistere Versuch eiser wierdeger Natioun d‘Zukunft vu Libyen an dem Irak opzwéngen“, esou de nordkoreaneschen Ausseminister-Adjoint.

Erënnere mir drun, datt Nordkorea säin Atomwaffenarsenal ëmmer domatter gerechtfäerdegt huet, datt d‘Bedreeung vun enger US-Invasioun reell wier. Si weisen dann och drop hin, datt nodeems de libesche Leader Mouammar al-Kadhafi op säin Atomprogramm verzicht huet, bei engem vun der NATO ënnerstëtzten Opstand ëmbruecht ginn ass.

Den Diplomat hat dann och de Virschlag vum US-Ausseminister Mike Pompeo zréckgewisen, no deem d‘USA sech bereet geséichen, Nordkorea wirtschaftlech ënnert d‘Äerm ze gräifen, am Austausch géint déi vollstänneg Denuklearisatioun.

Den diplomateschen Techtelmechtel

An de leschte Wochen, ofgesi vum historesche Sommet mam südkoreanesche President Moon Jae-In an der demilitariséierter Zon (DMZ, huet de nordkoreanesche Leader Kim Jong-Un zwee mol eng Entrevue mam chinesesche President Xi Jinping gehat. Hien huet och annoncéiert, datt hien déi nächst Woch de Uerder gëtt, d‘Testanlage fir Atomwaffen ze zerstéieren.

Fir d‘Analysten aus dem Westen, ass dat ganzt e Manöver vu Pyongyang fir de Kontext vum Debat ze reorientéieren. „Et ass eng diplomatesch Taktik“, seet de Kim Hyun-Wook, Professer op der nationaler diplomatescher Akademie vu Korea. „Et ass d‘Politik vum Ofgrond, fir d‘Positioun vun den USA ze veränneren“.

De Joshua Pollok vum Middlebury Institut fir international Studien, ass de Norden duerch den triumphalisteschen Toun vu Washington irritéiert ginn. Och de Réckzuch aus dem iraneschen Atomofkommes, wier keng konstruktiv Grondlag fir en Accord, deen déi zwou Säite muss zefriddestellen.

mam Jérôme Cartillier an dem Sunghee Hwang/AFP

Foto: Den US-President Donald Trump huet sech, trotz der Menace vu Nordkorea, wéinst dem Militärmanöver mat Südkorea de Sommet falen ze loossen, beandrockend entspaant gewisen. © Jim Watson/AFP

Ähnlech Sujeten Atomwaffen, Donald Trump, Nordkorea, Pyongyang, Südkorea, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel