Search

You may also like

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!
International Neiegkeeten

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!

D’Vakanzenzäit steet kuerz virun der Dier. Soumat erënnert de Ministère

D‘Revendicatioune vum SNPGL
International Neiegkeeten

D‘Revendicatioune vum SNPGL

No der rezenter Ëmsetzung vun zwee Arrêten vum Verwaltungsgeriicht vum

Dräi Deeg „Asien-Tour“ fir de Romain Schneider
International Neiegkeeten

Dräi Deeg „Asien-Tour“ fir de Romain Schneider

De Minister fir Kooperatioun an humanitär Aktiounen, Romain Schneider war

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch

Et ass e klengt Äerdbiewen datt d‘Washington um Dënschdeg getraff huet: De Gary Cohn, dem Donald Trump säi wichtegste Wirtschaftsberoder, huet seng Kënnegung matgedeelt. Schold un dësem Schratt ass dem US-President seng Entscheedung Stol an Aluminium ze besteieren.

De Gary Cohn, fréier Nummer 2 bei Goldman Sachs, steet an dësem Dossier net hannert dem Milliardär aus dem Wäissen Haus. Mat senger Kënnegung huet hien sech eng Plaz op der beandrockender Lëscht vum Trump sengen enkste Mataarbechter gemaach, déi d‘Schëff an de leschte Méint verlooss hunn.

Interessant dierft et ginn, sech d‘Reaktioun vun de Mäert unzekucken. Esou en Ofgank, grad zu engem Ament wou den US-President et op eng isolationistesch Politik ukomme léisst, wierkt sech op de Welthandel aus. Dem Trump seng Entscheedung ass dann och onverständlech an erféiert esouguer d‘Leit aus sengem eegene Lager.

An et war dann och net déi éischte Kéier, datt sech Cohn an Trump an d‘Hoer kritt hunn. Am August 2017 hat de Gary Cohn den US-President, wéinst senger Haltung no de rassisteschen Onroue vu Charlottesville (Virginia), kritiséiert. Et war deemools dann awer net zum Broch tëscht dem Beroder a sengem President komm.

„Et war mir eng Éier mengem Land gedéngt an dozou bäigedroen ze hunn, mat enger Wuesstemspolitik zu Gonschte vun den Amerikaner, an dat besonnesch mam Vote vun enger historescher Steierreform“, esou de lakonesche Communiqué vun deem Mann, deen den aflossräichen nationale Wirtschaftsrot (NEC) geleet huet.

De Chaos hannerléisst Spueren

Mat engem Tweet um fréie Moien, hat den Donald Trump e chaotescht Fonctionnement vum Wäissen Haus bestridden. Hien huet verséchert, datt dat „kommen a goen“ bannent senger Equipe, näischt anescht wéi de normale Rhythmus am „West Wing“ ass. „Et gëtt kee Chaos, just eng fantastesch Energie“, esou d‘Formuléierung vum US-President.

„De Gary (…) huet eng aussergewéinlech Aarbecht geleescht, fir eise Programm op d‘Plaz ze setzen. Hien huet dozou bäigedroen, datt mir eng historesch Steierreform konnten ëmsetzen an op e neits déi amerikanesch Wirtschaft befreit hunn“, esou den Donald Trump betount, nom Depart vun engem enkste Mataarbechter. Op d‘Differenzen déi bestinn ass den US-President net agaangen.

Dem Donald Trump seng Entscheedung, den Import vu Stol an Aluminium mat Douanestaxen ze beleeën, ass den zentrale Sträitpunkt. Mat enger „Strofsteier“ vu 25% fir de Stol an 10% fir den Aluminium, wëll den Trump en Industriesecteur beschützen, deen als „Relevant“ fir déi national Sécherheet betruecht gëtt.

Beim Empfang am Wäissen Haus vum schwedesche Premierminister Stefan Löfven, huet den Donald Trump sech dann och nees un den Europäer vergraff. „Si“ géifen et „onméiglech gestalte, mat hinne Geschäfter ze maachen. (…) D‘EU huet eis net gutt behandelt. Et ass eng ganz ongerecht Handelsbezéiung“, esou den Trump.

Fir den Donald Trump ass kloer: En Handelskrich ass einfach ze gewannen

Mat dëser neier, diplomatesch gewoter Ausso, verdeedegt den US-President seng Positioun a seng Siicht op d‘Welt. Nach virun en puer Deeg hat et den Donald Trump fäerdeg bruecht, zum Schrecke vun allen Ekonomisten an Historiker ze behaapten: „Handelskricher si gutt an einfach ze gewannen“. Eng Ausso déi bestëmmt net dozou bäidréit, de Weltmaart ze berouegen.

An de groussen Deel vun den Handelspartner hu Washington scho wësse gelooss, datt si net gewëllt sinn, sech alles gefalen ze loossen. Esou huet Bréissel däitlech gemaach, datt och d‘EU mat Douanestaxen agéiere kann. Dat wier sécherlech eng schlecht Aart a Weis mateneen ëmzegoen. Mee et wier och déi logesch Reaktioun, déi esou enge Mesure mat sech bréngt.

Um Dënschdeg huet Mexiko – dat zesumme mat den USA a Kanada am nordamerikanesche Fräihandelsaccord ALENA verbonnen ass – ugekënnegt, datt sech virbehale gëtt, Douanestaxen op amerikanesch „politesch sensibel“ Produkter ze erhiewen, sollte Steieren op mexikaneschem Stol oder Aluminium gefuerdert ginn.

Dem Donald Trump säin Haaptzil, dat hie mat den Douanestaxen erreeche wëll, ass China. Fir vill Experten an Ekonomisten onverständlech well Stol an Aluminium grad emol 2% vun den US-Importer duerstellen. E Fakt deen den Donald Trump kontestéiert well laut him en Deel vum China-Import iwwer aner Länner kënnt.

De Onmutt mécht sech breet

„Et kann e gesinn, datt e Land dat net emol een eenzegen Héichuewen huet, eis 3% Stol liwwert, an dee kënnt aus China“, esou den Trump. Den US-President huet dann awer net insistéiert an och kee „Fournisseur“ mam Numm genannt.

Mee dem Locataire aus dem Wäissen Haus säin Drang, alles an allem Steieren opzëerleeën, kënnt och an den Reie vun de Republikaner net gutt un. Si hunn nach d‘Majoritéit am Kongress, a stinn traditionell dem Fräihandel ganz favorabel géinteniwwer. Et brauch dann och vill Iwwerzeegung a Gedold fir d‘Rou ze behalen.

Esou huet um Dënschdeg den President vum Representantenhaus, Paul Ryan, en Appell un den Donald Trump geriicht. Hie gëtt gebuede, op seng Entscheedung ze verzichten. Hie leet dem US-President no, „chirurgesch“ a „geziilten“ Mesure virzezéien. En Handelskrich wier e grousse Risiko, deem ee sollt aus de Féiss goen.

De Paul Ryan mengt, datt et „klore Mëssbrauch“ duerch Dumping gëtt. Et wier awer de falschen Usaz, mat protektionistesche Mesuren e gréissere Kollateralschued ze provozéieren. Hie géif et begréissen, wann ee sech hei op Handelsaccorde géif bezéien a beschränken.

mam Jérôme Cartillier/AFP

Foto: De Gary Cohn (hei en Archivbild vum September 2017) war Direkter vum nationale Wirtschaftsrot. Hien huet dem Donald Trump wou hie konnt de Réck gestäipt. Mat der Entscheedung Douanestaxen op Stol an Aluminium ze erhiewen, huet den US-President eng rout Linn iwwerschratt. © Brendan Smialowski/AFP

Related topics Donald Trump, Gary Cohn, Handelskrich, USA, Wirtschaftsberoder
Next post Previous post