Search

You may also like

Covid19-Rekordwäerter an Europa
International Stories

Covid19-Rekordwäerter an Europa

Ëmmer méi Länner an der Europäescher Unioun mellen nei Héchstwäerter

Häerzkreeslafkrankheeten a Kriibs um nationalem Podium vun den Doudesursaachen
International Stories

Häerzkreeslafkrankheeten a Kriibs um nationalem Podium vun den Doudesursaachen

De Gesondheetsministère huet haut d’Statistiken zu de Stierffäll vum Joer

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!
International Stories

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A13 tëscht dem

US-President dreet Truppen aus Westpfalz ofzezéien

Dem Milliardär seng Iddi d‘US-Zaldote vu Rammstein an Polen ze verleeën ass blannen Aktivismus

US-President dreet Truppen aus Westpfalz ofzezéien

Och wann et richteg ass, datt sech den US-President um G7-Sommet zu Biarritz zur Ofwiesslung ganz manéierlech opgefouert huet, esou ass seng Léift zu Däitschland nach ëmmer net besser ginn. A well Berlin net esou wëll wéi hie dat verlaangt, dreet den Donald Trump domatter, US-Zaldoten aus Däitschland ofzezéien, fir déi a Polen ze stationéieren. Wat ass drun? Mécht et Sënn?

Also dee komesche Personnage mam doudegen Hond um Kapp, ka sécherlech seng amerikanesch Fans an bestëmmt och d‘Hardliner an der polnescher Regierung mat esou Annonce lackelen, mee op kengem Fall opgekläerte Bierger hannert d‘Liicht féieren. Zum engen ass gewosst datt d‘USA längst a Pole Fouss gefaasst hunn, et wëll ee jo dem russescher Bier méiglechst nostoen.

Elo kann ee Versteesdemech fir déi Bierger an der Westpfalz hunn, déi an iergendenger Form vun der US-Präsenz wirtschaftlech ofhängeg sinn, an duerch dem Milliardär seng Ukënnegungen dann och veronséchert sinn. Déi sollten sech dann awer nees agefaange kréien, well de misogyne Rassist erzielt villes wann den Dag laang ass. D‘Westpfalz opgi ka fir d‘US-Arméi keng Optioun sinn.

Wier Polen als „Ersatz“ fir Däitschland och bei de Generäl a soss krichsgäile Politiker eng seriéis Alternativ, misst et erlaabt nom Sënn ze froen, deen hannert dem Bau vum gréisste Militärspidol ausserhalb den USA steet, dat onwäit dem Duerf Weilerbach op enger Fläch vu 75 Hektar um entstoen ass. Gewosst ass och datt dëst Spidol der US-Airbase Ramstein soll ugeschloss ginn.

Einfach net realistesch an awer falen d‘Leit drop eran

Wieren d‘Leit besser informéiert, wat e Mindestmooss un Intelligenz viraussetzt, missten se sech net all kéiers wou den Immobiliëmogul „eng fléie léisst“ op Grondsätzleches opmierksam maachen. Et ass nämlech esou, datt de risege Militärstëtzpunkt an der Westpfalz „dat wichtegst Dréikräiz“ fir déi international Asätz vun der US-Arméi ass. Esou eppes léisst sech net einfach „verleeën“.

An esouguer ugeholl den Donald Trump hätt de Pouvoir seng Generäl „ëmzestëmmen“, esou dierf drop higewise ginn, datt och fir eng Weltmuecht wéi d‘USA, de Bau vum Spidol zu Weilerbach gigantesch Dimensiounen huet a gutt a gären eng Milliard US-Dollar verschlénge wäert. An net emol den US-President – deen ni Zaldot war – géif esouvill Goss an en doudege Projet stiechen.

Woubäi et natierlech richteg, datt den Donald Trump Berlin ënner Drock setze wëll. Hien erwaart datt d‘Bundesregierung wiesentlech méi Fric an den NATO-Verdeedegungshaushalt stécht, wat den Ament net op Zousproch stéisst. Den ëmstriddenen US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, hält en Ofzuch vun US-Truppen aus Däitschland zu Gonschte vu Polen, fir e gutt Drockmëttel.

Deem ass net esou, well ugeholl d‘Amerikaner géifen den Dissens mam däitschen NATO-Partner elo tatsächlech op d‘Spëtzt dreiwen, kéint et hinne passéieren, datt si hir drécks Atomrakéiten (déi och eng reell Gefor fir Lëtzebuerg sinn) direkt dierfte mathuelen. Mee och dëst Arsenal soll lues a lues erneiert ginn. D‘USA teste keng Mëttelstreckerakéite fir d‘Weltgemeinschaft ze beandrocken.

An et gëtt net nëmmen um Standuert Ramstein festgehalen

Egal wéi een et dréint a kéiert, eng substanziell Reduktioun vun der Truppestäerkt an Däitschland kann a wäerten sech d‘Amerikaner net leeschten. Dat huet och domatter ze dinn, datt een eng iwwer Joerzéngten ewech gewuesse Struktur net mir näischt dir näischt ad acta leeë kann. Et géif zudeem am krasse Widdersproch zu de Pläng vum nationale Verdeedegungsgesetz stoen.

An dësem qass wéi schonn ugekënnegt déi al Atomrakéiten ze erneieren an och soss sinn am Gesetz honnerte Milliounen US-Dollar virgesinn. Geld mat deem d‘Standuerter a ganz Däitschland sollen erneiert a deels esouguer Ausgebaut ginn. Zudeem sollen d‘Tank- an Transportfliger vun der Basis am britesche Mildenhall op Ramstein a Spangdahlem verluecht ginn. Och dat kascht Milliounen.

Nach esou e Fakt, deen eng Verlagerung vun Truppen als Nonsens entlarvt: Eleng a Rheinland-Pfalz si wäit iwwer18.000 US-Zaldote stationéiert an et schaffen och nach emol ronn 12.000 Amerikaner als sougenannt „Zivilpersonal“ an dësem Bundesland. Wann déi eis virleiend Zuelen nach aktuell sinn, da wieren den Ament – op ganz Däitschland bezunn – 35.000 US-Zaldote stationéiert.

Zudeem muss och dem NATO-Russland Grondsazaccord Rechnung gedroe ginn. Dësen Accord ass wuel Vëlkerrechtlech net verflichtend, stellt awer eng politesch Absichtserklärung duer. An dësem Dokument gëtt d‘Stationéiere vun Truppen an den neie Memberlänner vun der Allianz gereegelt a begrenzt. Aktuell hunn d‘USA 4.500 US-Zaldoten a Polen stoen, do awer net offiziell Stationéiert.

mat indymedia/btr/cgn/sxb/waw

Foto: Envato

Related topics Däitschöand olen, Donald Trump, NATO, US-Truppen, US-Zaldoten
Next post Previous post