Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amazon keeft d’Rechter fir eng Herr der Ringe-Ëmsetzung – a mécht sech prett fir e Showdown mat Netflix
shopify dating website Neiegkeeten best hookup bars st louis

dating scene new orleans

Ech hu schonn e puer mol op dëser Plaz iwwert

https://moien.lu/blow-off-valve-hookup/
shopify dating website Neiegkeeten best hookup bars st louis

Geschicht méi no bei Iech

Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen
shopify dating website Neiegkeeten best hookup bars st louis

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen

Eng schwéier Explosioun huet en Dënschdeg d‘Secouriste gezwongen hir Aarbecht

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!

Wann d'Konscht gewënnt!

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!

No enger Rei Plainten ass de Lëtzebuerger Rapper Turnup Tun um vergaangene Mëttwoch fräigesprach ginn. Dëst Uerteel hätt hie selwer eegenen Aussoen no net erwaart, woubäi hie sech elo immens erliichtert an houfreg fille kann! A wéi geet et elo weider?

Nodeems d’Lidd „FCK LXB“ no senger Verëffentlechung fir immens Diskussioune – souwuel positiver wéi och negativer – gesuergt hat, duerft de Museker sech mat dräi Plaintë ronderëm schloen. Engersäits war et de Joe Thein vun déi Konservativ, deen den Text als perséinlech Beleidegung empfonnt huet an hei d’Grenz zur kënschtlerescher Fräiheet kloer iwwerschratt gesinn huet. Donieft haten awer och de Fred Keup vun der ADR an den Dan Schmitz sech zu Wuert gemellt, déi mat der artistescher Kombinatioun tëscht hirem eegenen Numm an dem béise F-Wuert, wat am Rapp eigentlech Usus ass, net averstane waren.

Hätt den Tun Tonnar verluer, esou wier de Konto wuel ëm eng fënnef-stelleg Zuel geschrumpft an d’Lidd hätt misse vum Internet geholl ginn. Fir de Museker sollt et allerdéngs onerwaart anescht kommen, an esou war d’Affär lescht Woch schonn no wéinege Minutte gekläert. An alle Punkten huet den Turnup Tun sech iwwert e Fräisproch dierfe freeën.

Turnup Tun

Opgefall war et allerdéngs, datt trotz enormer Mediepresenz an dem massiven Zerrappe vum Thema, weder de Rapper, nach d’Kleeër um Geriicht waren. A vir den Tun hei a Schutz ze huelen: hie war zu Berlin op der Uni an huet sech ëm seng schoulesch Karriär gekëmmert! Net nëmmen de musikaleschen Erfolleg mee och ee gudden Ofschloss sinn dem jonke Kärel nämlech wichteg, woubäi een hie fir des motivéiert Astellung jo just luewe kann.

Méi Musek, méi Medien-Wirbel?

An Zukunft kann ee sech op dem Turnup Tun säi Solo-Album freeën. Momentan si well 10 Lidder fäerdeg, woubäi um Schluss minimum 15 Songs um Disk ze fanne solle sinn. De Museker selwer erkläert, datt hien dobäi vun der Sprooch hir heiansdo méi, heiansdo manner vulgär virgeet. Am Allgemenge soll den neien Album allerdéngs méi nuancéiert ginn. A vläicht gëtt esou den normale Sproochgebrauch vum Rapp, deen een an der englescher Versioun jo eigentlech net kritiséiert gëtt, jo och emol zu Lëtzebuerg etabléiert.

A wien nach net eragelauschtert huet, dee sollt sech emol d’Lidd „Freeturnup“ duerch d’Oueren zéien. Mat Kreativitéit gräift hien hei d’Problematik op, der hie selwer nach viru kuerzem visàvis stoung. Meenungs- an Expressiounsfräiheet ginn am Lidd vun zuelräichen nationalen Artisten ënnerstëtzt. An och de Video sollt engem hei net entwutschen: Wou generell éischter alles monochrom gehale gëtt, esou sollen Akzenter aus Mof a Rosa déi schéin a liewenswäert Säit ervir hiewen. „Ouni Konscht hätte mir een zimlech trauregt Liewen op eisem Planéit. Figurativ kann et och fir d’Konscht stoen, déi sech virum Geriicht duerchgesat huet¨“, sou den Tun.

Kuerz beschriwwen

De modernen Hip-Hop an d’Land bréngen ass säin Ziel, an dobäi muss een eben heiansdo schockéieren. Mat frëschem Trap an Dancehall Beats, déi mat kriteschen Texter bestrach sinn, sollen seng Fans danzen, laachen an nodenken. An dobäi gëtt och op d’Hëllef vun anere Museker, wéi dem Skinny J zeréck gegraff.

Schliisslech ass Revolutioun eng ustrengend Saach! Mat sougenanntem „Luxrap 2.0“ soll déi national Rapp-Zeen moderniséiert ginn. An no der éischter Single „Grand-Duc“ (Feat. Luk.), dem „FCK LXB“ Skandal an dem bänzegen Erwaarde vum neien Album wäert dat wuel och net all ze laang daueren.

Opmaacherfoto: Ausschnëtt aus dem neie Video “Freeturnup” © Turnup Tun

Ähnlech Sujeten adr, déi Konservativ, FCK LXB, Fräisproch, Fred Keup, Joe Thein, Musék, Rapp, Tun Tonnar, Turnup Tun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel