Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
International Neiegkeeten

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt

Am ganze Land verdeelt gesäit ee bemoolte Fassaden, mee wie

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten
International Neiegkeeten

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten

En Dënschdeg huet den Munnerefer Deputé-Maire Lex Delles, als Rapporter

D’Working Poor, erkläert
International Neiegkeeten

D’Working Poor, erkläert

De Mëttwoch (24.05.2017) mécht den Députéierte Marc Baum (déi lénk)

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu Tunis géint d‘Deierecht am Land protestéiert. Dat no bal enger Woch vun zolitten Ausenanersetzungen, an der sozialer Oprou géint den Austeritéitsbudget. Dobäi steet d‘Land kuerz virum 7. Jubiläum vun der Revolutioun…

Et war also e rouege Freidegowend, keng Kläppereien tëscht der Police an de Jugend, wéi et an vill Stied, déi Deeg virdrun de Fall war. D‘Onrou huet vill Ursaachen, mee et sinn besonnesch de Chômage an d‘Steiererhéijung déi „d‘Faass zum iwwerlafe“ bruecht hunn. Zudeem ass d‘Kafkraaft wéinst der ongebremster Inflatioun an d‘Gette gaangen.

D‘Mobiliséierung vun der Bierger fir de Gebuertsdag vun der Revolutioun, huet an de leschte Joer Traditiounscharakter kritt. Den Diktator Zine el Abidine Ben Ali war de 14. Januar 2011 „bei der Däiwel“ geschéckt ginn. D‘Revolutioun, déi ganz am Zeeche vun „Aarbecht a Würd“ stoung, huet seng Ziler net wierklech erreecht. Dat huet de Grondstee geluecht, fir d‘Onroue vun dësem Joer.

Op wat gëtt gewaart?

Et war dann awer eng friddlech Manifestatioun, déi um Freideg am Zentrum vun Tunis e puer honnert Leit zesummebruecht huet. Si hunn am Numm vun der Beweegung „Fech Nestannew“ (Op wat gëtt gewaart“ der Regierung déi „giel Kaart“ gewisen. D‘Beweegung „Fech Nestannew“ ass den Initiateur vun de Kontestatioune géint d‘Deierecht.

An der Stad Sfax hunn och eng 200 Leit, schwéier bewaacht vun der Police, manifestéiert. Si hu Plakater héich gehalen op deenen ze liese war: „d‘Geld vum Vollek ass an de Palaisen an d‘Kanner vum Vollek sinn am Prisong“.

Tatsächlech sinn zanter e Méindeg offiziellen Zuelen no, ronn 780 Persoune verhaft ginn. De Spriecher vum Inneministère, Khelifa Chibani, bestätegt, datt nach um Donneschdeg, 151 Persoune bei heftegen Ausenanersetzunge mat der Police verhaft gi sinn. Amnesty International rifft déi tunesesch Regierung op „zréckhalend“ virzegoen.

Den Dialog ass méiglech

Den Henda Chennaoui vu „Fech Nestannew“ ënnersträicht: „Mir sinn iwwerzeegt, datt en Dialog a Reforme méiglech sinn. Déi giel Kaart ass fir der Regierung däitlech ze maachen ‚Opgepasst‘. Déi muss sech haut de wierkleche Problemer unhuelen. Dat si primär d‘Wirtschaftskris, d‘Deierecht an de Chômage (besonnesch fir déi Jonk) . Revendicatiounen déi säit Jore bekannt sinn“.

Vun der Regierung, dann d‘Äntwert via Communiqué: „Et huet keng Manifestatioune ginn, mee en Opstand vu Klatzkäpp tëscht 17 an 21 Joer, déi alles wëlle futti schloen. Si sinn et net, déi den Impakt vum Finanzgesetz ze erdroen hunn“, esou dem Premierminister säi Spriecher Mofdi Mseddi. „Am Gesetz ginn déi direkt Subventioune fir déi Aarm, mee och d‘Mëttelschicht erhalen. Och d‘Politik zur Schafung vu Beschäftegung, besonnesch fir déi Jonk, gëtt duerch d‘Gesetz gestäerkt“.

De President Béji Caïd Essebi an de Premierminister Youssef Chahed, haten um Freideg dann och eng länger Entrevue. Op der Facebooksäit vun der Presidence war nozeliesen: „et ginn an de nächsten Deeg Mesure geholl, déi d‘Kafkraaft verbessere sollen“.

Fir de Politolog Hamza Meddeb, erkläert sech déi héich explosiv Mobiliséierung duerch eng „staark sozial Roserei“, opgrond verschiddene Welle vun der Kontestatioun, déi zu kenger Verbesserung gefouert hunn. Bedauert gëtt dann och, datt sech „déi politesch Klass vun der Bevëlkerung ofgekoppelt huet“.

Et ass nach net eriwwer

Amnesty International huet gefuerdert, datt sech Police zréckhält an keng exzessiv Gewalt uwennt. D‘Police sollt och ophale friddlech Manifestante wëllen anzeschüchteren. Ee Manifestant ass ënner nach net gekläerten Ëmstänn, leschte Méindeg zu Tebourba ëm d‘Liewe komm.

Reporter ouni Grenze veruerteelt d‘Behënnerung vun der Press, nodeem e franséischen an tunesesche Journalist, déi d‘Manifestatioune couvréiert hunn, verhaft gi sinn.

Hirersäits gëtt sech d‘UNO, via de Kommissariat fir d‘Mënscherechter, besuergt ugesicht de massive Verhaftungen. D‘UNO riicht en Appell un d‘Autoritéiten „sécherzestellen, datt d‘Bierger friddlech dierfen demonstréieren“. E sëllechen Organisatiounen, dorënner déi „lénks populär Front“ an déi mächteg Gewerkschaft UGTT, hunn dann och zu Versammlungen zum 7. Joresdag vun der Revolutioun opgeruff.

De Staat, deen no der Revolutioun, de soziale Revendicatioune mat engem enorme Rekrutement an der „fonction publique“ entgéint komm ass, ass finanziell an d‘Laberente geroden. Schold dorunner sinn och d‘Attentater aus dem Joer 2015, déi den Tourismussecteur zum erleie bruecht hunn.

An och den internationale Währungsfong (IMF), deen Tunesien e Kredit vun 2,4 Milliarden Euro ginn huet, ënnert der Bedingung, datt d‘Land säi Wirtschafts- a Budgetsdefizit reduzéiert, dréit en Deel verantwortung.

De Staatsbudget 2018, dee vum Parlament ugeholl ginn ass, gesäit vir: d‘Erhéijung vun der TVA, d‘Besteierung vun der Telefonie, eng Immobiliësteier a verschidden Importtaxen. Zudeem huet d‘Parlament eng „Solidaritéitssteier“ bestëmmt, déi d‘Keess vun der Sozialversécherung nees soll fëllen.

mam Kaouther Larbi/AFP

Foto: Tunesier ginn op d‘Strooss fir géint d‘Deierecht an d‘Austeritéitspolitik vun der Regierung ze demonstréieren. © Sofiene Hamdaoui/AFP

Ähnlech Sujeten Austeritéitspolitik, Revolutioun, Tunesien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel