Search

You may also like

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert
Neiegkeeten

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert

D‘Parteie vun der Oppositioun hunn de Koalitiounsprogramm ëmfänglech studéiert an

US-President mat Däitschland onzefridden
Neiegkeeten

US-President mat Däitschland onzefridden

Däitschland wier ee vun de wéinegen NATO-Partner dee sech net

„Connecting Lives goes On Stéitsch“
Neiegkeeten

„Connecting Lives goes On Stéitsch“

Den ekologesch-gesellschaftleche Wandel ass keng Optioun, mee eng Noutwennegkeet. Datt

Accident a Brand am Tunnel Markusbierg: De CGDIS trainéiert den Eeschtfall

Gëschter hunn de CGDIS, zesumme mat der Police, der Ponts et Chaussées an der ITM eng gréisser Übung am Tunnel Markusbierg gehat. Am Fall vun engem Accident an engem domat verbonnene Brand an „ënnerierdesche Verkéiersanlagen“ sollen d’Rettungsdéngschter effikass agräifen a schnell Hëllef bidde kënnen.

„Dësen Exercice, dee gesetzlech virgeschriwwen ass, déngt dozou déi verschidde Prozedure vun der Alerte vun de Rettungsdéngschter iwwert d’Zesummenaarbecht vum CSU 112 mam CITA vun der Ponts&Chaussées bis hin zu den technesche Sécherheetsinstallatiounen am Tunnel selwer ze testen“, erkläert de CGDIS.

Ënnert reale Konditioune gouf wärend dem ganzen Dag d’Standart-Taktik an den Oflaf vun dësem Zeenario getest. D’Erfarung ass net nëmmen nëtzlech bei engem Virfall an engem (Autobunns)Tunnel, mee och an engem ënnerierdesche Parking.

E Sécherheetsexercice vun dëser Aart muss all Joer trainéiert ginn.

Galerie © CGDIS

Related topics CGDIS, Feier, Inspection du Travail et des Mines, ITM, Police, Ponts et Chaussées, Tunnel Markusbierg, übung
Next post Previous post