Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Budget 2018 an 9 Tweets
International Neiegkeeten

De Budget 2018 an 9 Tweets

D’Presentatioun vum Budget ass eng vun de wéinegen Occasioune, bei

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch
International Neiegkeeten

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch

Laut dem „Wall Street Journal“ an der „New York Times“

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch
International Neiegkeeten

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch

Bei de Verhandlungen tëscht de jemenitescher Regierung an den Houthi-Rebellen,

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis

Eng Demo fir de Klima, eng géint d‘Rentereform an vill Giel Gileten hunn e puer dausend Poliziste beschäftegt

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis

Bei der Demonstratioun fir de Klima, där sech gewaltbereet Anarchisten ugeschloss haten, ass zu Ausschreidunge komm. Och d‘Giel Gileten haten sech nees „organiséiert“ an natierlech huet et zolidd Konfrontatioune mat der Police ginn. Bei der Maniff géint d‘Rentereform war et dogéint ganz friddlech.

Paräis

Dräi Demonstratiounen: Beim „Marsch fir de Klima“ an der uschléissender Kundgebung „Fir de Klima a sozial Gerechtegkeet“ solle laut Organisatioun 50.000 (offiziell 16.000) Mënschen zesummekomm sinn. Bei der Demo vun de Giele Gileten – Akt XXXV – ginn d‘Autoritéite vun „e puer Dausend“ Participanten aus. Ronn 2.000 Leit hu géint d‘Rentereform demonstréiert…

Vill Gewaltbereetschaft bei der Klima-Demo

Bedauerlech mee leider net méi verwonnerlech: de Marsch fir de Klima huet e puer Honnert richteg Idioten a Klatzkäpp ugezunn, déi eenzeg an eleng mam Zil ugereest waren, sech mat der Police unzeleeën an méiglecht vill vreckt ze schloen. Déi haten sech dann och scho virdrun ënnert déi Giel Gilete gemëscht, wou se uerdentlech randaléiert hu bis d‘Police agegraff huet.

Laut dem bericht vun der Police hunn eng 150, deels maskéiert, Toperte mat Pavésteng a sonstegem wat hinnen an de Grapp komm ass beworf. Zwou Bankfiliale sinn „ugegraff“ ginn, Dreckskëschten a Scooter goufen a brand gestach. D‘Police huet sech mat massivem Tréinegas-Asaz a „Befreiung-Granaten“ (LBD) „gewiert“. Déi Leit wou friddlech demonstréiert hu sinn tëscht d‘Fronte geroden.

Paräis

Interessant: zu Paräis hunn d‘Polizisten eng Smartphone Applikatioun zur Gesiichtserkennung agesat. Dësen Asaz ass ëmstridden, well d‘Leit déi esou „enregistréiert ginn“ liewenslänglech an engem Fichier „ënnerbruecht“ ginn, dee sech bei der geréngster Routinekontroll „zu Wuert mellt“. Et ass dobäi egal, ob e „fotograféiert“ gouf well een un der Maniff deelgeholl huet, oder éischter ee „Spectateur“ war, dee vun de Beamten iwwerpréift ginn ass.

An dësem Kontext huet d‘Police beim uschléissende „Marsch fir de Klima“ déi friddlech Aktivisten opgeruff sech vun de gewaltbereete Gruppen ze distanzéieren. Zwee veranstalter déi zur Demo opgeruff haten (Greenpeace a Youth 4 Climate) hunn ugesiichts den Ausschreidungen hir Leit gebueden nees Heem ze goen. „Si hunn eis Manifestatioun iwwerholl an d‘Aktioun sabotéiert“.

Massiv Policepresenz a Verhaftungen

Laut dem Inneministère waren 7.500 Polizisten a Gendaarmen zu Paräis am Asaz, fir der Gewalt déi ze erwaarde war, entspriechend ze begéinen. Eng Mesure déi net vu Muttwëll war. Den Nomëtteg war gepräägt duerch punktuell Attacken, wat d‘Beamte gezwongen huet an de Cortège anzegräifen.

163 Persoune goufen interpelléiert, géint 395 Leit ass Protokoll erstallt ginn, dat wëll si sech am verbuedene Perimeter opgehalen hunn. Hei notamment d‘Champs-Elysées. Vun der Prefektur ass informéiert ginn, datt eng 90 Persoune verhaft goufen. Eng gréisser Zuel vun de Klatzkäpp hat sech entspriechen ausstafféiert: Himmer, Petanque-Bullen an esouguer Bensinskanen haten si derbäi.

mat indymedia/par

Foto: © F. Faure (via twitter)

Ähnlech Sujeten CRS, giel Gileten, Marsch fir de Klima, Paräis, Police, Rentereform, Tréinegas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel