Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keng Alternativen zum Wuesstem !
International Neiegkeeten

Keng Alternativen zum Wuesstem !

Zu Lëtzebuerg hunn mir zënter längerem een iwwerduerchschnëttlech héije Wuesstem. Dëse kennt vun eiser dynamescher demographescher

Am Schluechthaus: Wéi Vergaangenheet a Géigewaart faarweg verbonne ginn
International Neiegkeeten

Am Schluechthaus: Wéi Vergaangenheet a Géigewaart faarweg verbonne ginn

Bierger aus der Stad Lëtzebuerg, sou wéi déi grouss Ëffentlechkeet

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
International Neiegkeeten

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

Den Zar an de Sultan hunn d‘TurkStream-Pipeline ageweit

Duerch déi 930 Kilometer laang Leitung kritt d‘Tierkei all Joer 15,75 Milliarde Kubikmeter Gas

Den Zar an de Sultan hunn d‘TurkStream-Pipeline ageweit

An engem feierlechen Akt hunn de russeschen an tierkesche President déi nei Gaspipeline erëffent. Déi iwwer 900 Kilometer laang Gaspipeline verleeft vun der russescher Küstestad Anapa, iwwert de Grond vum Schwaarze Mier bis an d‘Tierkei. Mat dëser Pipeline ka Russland d‘Ukrain ëmgoen.

E weidert Rouer gouf bis un déi bulgaresch grenz verluecht, vu wou aus – esou zumindest de Plang – dat russescht Gas weider a Richtung Serbien, Slowakei an Éisträich fléisse soll. De Vladimir Putin huet beim Festakt zu Istanbul nach emol ënnerstrach, datt och dës Gaspipeline hire Beitrag zur europäescher Energiesécherheet leeschte wäert.

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet sengersäits de Projet als eng gewënnbréngend Kooperatioun vu béide Länner presentéiert. De Sultan huet zudeem Ambitiounen, firwat et weider Projete soll ginn. D‘Zil vun Ankara wier et, d‘Tierkei zu engem globalen Energiezentrum ze maachen. An datt Geld sech esouguer iwwert de politeschen Dissens stellt ass och bewise ginn.

Pipeline

© Gazprom

„Mir hunn et net zougelooss, datt déi ënnerschiddlech Meenunge vun der leschter Zäit, eis géigesäiteg Interesse blockéieren“, esou den tierkesche President, dee domatter däitlech gemaach huet, datt mat „Interessi“ net dat tierkescht Vollek, mee schon éischte säi Bankkont gemengt ass. Beim Geld spillen d‘Géigesätz a Syrien oder Libyen keng Roll.

Wéi et säitens dem Bedreiwer vun der Gaspipeline heescht, gëtt d‘Leitung scho fir Liwwerunge genotzt. Gazprom soll esou ronn 3 Milliarde Kubikmeter Gas u Bulgarien liwweren. De russesche Konzern wëll zudeem och weiderhi Gas un Däitschland liwweren, wat Washington verhënnere wëll, fir Europa amerikanescht Flësseggas (LNG) opzezwéngen. Bis ewell klappt dat ganz gutt.

An et gëtt jo och Alternativen: mat der Gaspipeline EastMed, déi vun Zypern, Griicheland an Israel initiéiert ass an wou et elo zur Ausschreiwung kënnt, un där sech privat Investisseure bedeelegen dierfen. Déi Gaspipeline kéint schonn 2025 fäerdeggestallt sinn a bis zu 10% vum europäesche Gas-Bedarf ofdecken. Dat awer gefält dem Sultan nees net.

mat indymedia/tlv/mow

Foto: © Gazprom

Ähnlech Sujeten Gaspipeline, Gazprom, Recep Tayyip Erdogan, Russland, Schwaarzt Mier, Tierkei, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel