Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!
Money Neiegkeeten

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!

Mir maachen nees eng digital Rees duerch eist Land. Erkenns

Tierkei wëll seng Bezéiung zu Libyen verstäerken
Money Neiegkeeten

Tierkei wëll seng Bezéiung zu Libyen verstäerken

Den NATO-Partner Tierkei hat e Samschdeg annoncéiert seng militäresch Ënnerstëtzung

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann
Money Neiegkeeten

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann

Vum 11. bis den 28. Oktober fënnt een zu Stroossen

money

D‘Handelskummer begréisst TVA-Propose vun der Regierung

D‘Handelskummer begréisst TVA-Propose vun der Regierung

Nodeems den europäesche Geriichtshaff d‘Praxis vu verschiddene Länner a Punkto TVA a Fro gestallt huet, dat am Bezuch op déi autonom Gruppementer vu Persounen (GAP), huet d‘Regierung virgeschloen, en individuellen TVA-Grupp anzeféieren, deen der Direktiv 2006/112/CE entsprécht.

Säitens der Handelskummer, déi en Avis zum Gesetzprojet ausgestallt huet, gëtt d‘Propose vun der Regierung begréisst, well een der Meenung ass datt se der Kompetitivitéit vum Land entgéint kënnt. Op der Handelskummer kann een awer net einfach „zefridde“ sinn, firwat ee selbstverständlech der Regierung matgedeelt huet, datt den Text nach a verschidde Punkte verbessert ka ginn.

An et ass dann och richteg, datt d‘Regierung mat sengem Gesetzprojet 7278 op véier Unuerdnunge vum europäesche Geriichtshaff (EGH) aus dem Joer 2017 reagéiert. Den EGH hat d‘Praxis vun e puer Länner, wourënner och Lëtzebuerg, bei der TVA zu den autonome Gruppementer vu Persounen a Fro gestallt. Dat hat an engem éischten Ament zu Kappzerbrieches gefouert.

Et ass dann och esou, datt d‘Intentioun hannert dem GAP déi war, Gesellschaften déi matenaner verbonne sinn a sech Ressourcen deelen – dat ass meeschtens am Beräich vum Support, wéi dem IT-Service oder der Comptabilitéit, de Fall – vun der TVA exoneréiert sollte ginn. Mat sengen Unuerdnungen huet den EGH dëse Regimm op wéineg Aktivitéiten ageschränkt.

An et ass festgehale ginn, datt d‘Membere vum Gruppement, déi gläichfalls imposabel Aktivitéiten ausféieren, nëmmen da vun der Exoneratioun profitéiere kënnen, wann hir Déngschtleeschtung noutwenneg ass fir déi exoneréiert Aktivitéit vu senge Memberen. Dat heescht, datt d‘Banken an d‘Assurancen ausgeschloss sinn, an déi hunn dat extensiv genotzt.

Wann sech d‘Regierung asetzt

No dësen Unuerdnunge vum EGH, hunn d‘Autoritéiten an engem éischten Ament entscheet, dat groussherzoglecht Reglement vum 21. Januar 2004 zu de GAP ausser Kraaft ze setzen. Den nächste Schratt war dann d‘Introduktioun vum Gesetzprojet 7278, mat deem d‘Fro vum differenzéierten TVA-Regime soll gekläert a juristesch definéiert ginn.

An de groussen Zich verhält et sech esou, datt de neien TVA-Regime et soll méiglech maachen, datt ënnerschiddlech juristesch Entitéite vun engem selwechte Grupp, als eng eenzeg Entitéit betruecht gëtt, déi TVA muss offéieren. Domatter falen Transaktiounen, Déngschtleeschtungen a Liwwerunge vu Gidder ënnert de Membere vun engem Grupp, als „intern Operatiounen“ net méi ënnert d‘TVA.

E System deen esou schonn an 18 Länner vun der EU ugewannt gëtt. Mat der Aféierung vum „Grupp TVA“, geet d‘Regierung op en dréngende Problem vum Finanzsecteur an, deen no der Veruerdnung vum EGH, net méi vum GAP-Regime profitéiere konnt.

An aus dem Avis deen d‘Handelskummer zum Gesetzprojet 7278 ofginn huet, ass ze enthuelen, datt ee frou ass gehéiert ze ginn. Also wéinstens deelweis. Schonn am September 2017 war empfuele ginn en eenheetlechen TVA-Regime, den equivalent zum Grupp TVA, anzeféieren. Dëse Prinzip ass vun der Politik berécksiichtegt ginn, am wäitste Sënn och seng Modalitéiten a Konditiounen.

D‘Handelskummer ass dann och méi wéi zefridden dierfe festzestellen, datt géintiwwer aner TVA-Gruppen an aner Länner, de Lëtzebuerger Projet sech ervirdeet. De Grond heifir ass den Equiliber deen den d‘Regierung, tëscht den Erwaardunge vun den Entreprisen, an der Noutwennegkeet fir d‘Administratioun ze kontrolléieren, hiergestallt huet.

Wat fir deen ee gutt ass…

Säitens der Handelskummer gëtt dann och nach begréisst, datt de neie Regime net op eleng de Finanzsecteur reduzéiert ginn ass, wéi dat beispillsweis a Schweden, Finnland oder Malta de Fall ass. An datt och wann de Finanzsecteur de gréissten Interessi huet, esou hunn déi aner Secteuren och en natierlecht Recht drop d‘Virfinanzéierung vun der TVA tëscht Membere sinn ze loossen.

Als besonnesch begréissenswäert, dann och nach d‘Feststellung, datt de Grupp keng Obligatioun ass, entgéint der Prozedur wéi se an Däitschland, Éisträich oder Holland ugewannt gëtt. Hei huet d‘Handelskummer leedeglech drop higewisen, datt d‘Méiglechkeet vun engem „opt-out“ (also mat ze maachen oder och net) a senger aktueller Form net glécklech ass.

Et ass am Gesetzprojet nëmme virgesinn, datt een entweder ganz mat dran, oder ganz dobaussen ass. Zudeem hätt et d‘Handelskummer begréisst, wann am Exposé vun de Motiver, net nëmmen e Negativbeispill genannt gi wier. Als gutt, gëtt betruecht, datt ee sech op dat modifizéiert Gesetz vum 10. August 1915 bezunn huet. Do ass de Kader genee definéiert an awer flexibel genuch.

Am grousse Ganzen ass een also zefridden, woubäi d‘Handelskummer fuerdert, datt verschidden Dispositiounen am Gesetzprojet mussen iwwerschafft an/oder preziséiert ginn, fir esou juristesch Onsécherheeten auszeschléissen. Zudeem sollt et och eng kloer Definitioun vun den Aktivitéite vun engem Grupp TVA ginn, fir den Entreprise d‘Méiglechkeet ze ginn, sech drop anzestellen.

Bleift nach festzehalen, datt trotz dësem Gesetz, déi eng oder aner Bank/Assurance net kënnen oder wëlle matmaachen. Dat huet seng Ursaachen an der interner Organisatioun, mee och an der Lokalisatioun vun hiren Operatiounen. Am Kontext vum Brexit, sollt een dës Kategorie net vergiessen a sech iwwerleeë wat ee fir déi Leit an Entreprise maache kéint.

Ähnlech Sujeten Gesetzprojet 7278, Handelskummer, Regierung, TVA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel