Rotondes: Den offizielle Programm bis den 12. Januar 2020
Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren
Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren
De Klimawandel huet schonn en Impakt op d‘US- an d‘Weltwirtschaft.
Dir huet e Mëssel mat engem Geschäft, Sträit mat enger
Twitter war dem Donald Trump säi wichtegst Kommunikatiounsmëttel. Heit huet de charismatesche President vun de Vereenegte Staate vun Amerika, seng Frënn an déi ganz Welt all Dag iwwert déi wichtegst Themen informéiert, déi d‘Weltpolitik beschäftegt. Hei huet de Milliardär sengen treien an houfrege Jongen erkläert wat Lifestyle an den „american way“ sinn…
87 Millioune Follower… och d‘Plattform selwer huet maximal vun der trumpscher Handschrëft profitéiert. Elo ob emol, de Wand huet sech gedréit. Et schéngt net emol gehollef ze hunn, datt den Donald Trump verséchert, datt et zu enger doucer Transitioun komme wäert, och wann hien net un der Vereedegungszeremonie vum Joe Biden deelhuele wëll. Dat gouf iwwregens kloer begréisst.
Fir de gewieften Diplomat ass dëse Maulkuerf en Affront. Twitter wéilt hien a seng Follower zum schweige bréngen. Dat wier een däitlechen Ugrëff ob de „free speach“ (Riedefräiheet) an den USA, an esou eppes dierft een net hinhuelen. A sengem wierklech leschten Tweet – iert de Stecker dunn endgülteg gezu gouf – huet de 45. US-President seng lescht Cartouche ofgeschoss:
„Haut den Owend hu sech Twitter-Mataarbechter mat Demokraten an der radikaler Lénker zesummegedoen, fir mäi Konto vun hirer Plattform erofzehuelen, fir mech an iech 75 Millioune groussaarteg Patrioten, déi mech gewielt hunn, zum schweigen ze bréngen“, esou den Trump. Den Tweet gouf vun Twitter quasi esou séier geläscht wéi en online gaangen ass, an awer…
An enger „Message“ déi de Milliardär da via Journaliste verbreede gelooss huet, huet hie wësse gedoen: „Mir wäerten net zum Schweige bruecht ginn“. Et géif een – esou dee Mann deen d‘USA nees zu allem Glanz verhëllefe wollt – mat anere Plattforme verhandelen, och den Opbau vun enger eegener Plattform wier eng Optioun, iwwert déi zur Stonn intensiv géif berode ginn.
Den Donald Trump stellt nach bäileefeg fest, datt et Twitter ni ëm Riedefräiheet oder „Fräiheet“ am grousse Ganze gaangen. Sënn an Zweck vun dësem Netzwierk, wier et eng lénksradikal Plattform am Häerze vun der Demokratie ze bedreiwen. Hei dierften ee puer vun de béisaartegste Mënschen op der Welt fräi spriechen. Dat ass richteg, mee och déi dommst dierfen sech zum beschte ginn…
Datt Twitter sech zu dësem ultimative Wee entscheet huet, huet emol ganz primär finanziell Grënn. Ee wéi den Trump, deen zu allem Iwwerfloss och nach seng ganz Muecht an den Afloss verluer huet, ass schlechte Karma a Twitter muss Profit maachen, d‘Aktionäre befriddegen. Politik mécht Twitter jo keng, hei ass een Objektiv an et respektéiert een d‘Meenungsfräiheet esouwäit et geet.
Elo steet de Virworf am Raum, datt den Donald Trump via Twitter zum Stuerm op d‘Kapitol geruff hätt. Dat stëmmt zwar esou net, mee zu gudder lescht geet jo och dorëms, wéi een „Aussoen“ dann interpretéiere kann. Datt fënnef Mënsche bei dësem demokrateschen Ausrutscher verstuerwe sinn, soll elo awer dem US-President seng Schold sinn. Och dat ass awer eng „emotional“ Aschätzung.
Ganz interessant, well erwisenermoosse mat den Hoer erbäigezunn, d‘Argument vun Twitter, datt den Hiwäis vum Trump net un der Vereedegung vum Joe Biden deelzehuelen, eng Ermonterung un d‘Adress vu senge gewalttätegen Unhänger, d‘Zeremonie ze stiermen, well hie jo net selwer op der Plaz wier. Op Twitter solle Pläng fir „bewaffent Protester“ gesi ginn, bestätege kenne mir dat net.
Dem Donald Trump seng spär huet Kollateralschied mat sech bruecht. Esou sinn dem Michael Flynn an dem Sidney Powell hir Konten och gespaart ginn. Eng Moossnam déi sech am Kader vun der „grousser Botz“ bei Q-Anon Inhalter opgedrängt hätt, esou Twitter. De Flynn war den éischten nationale Sécherheetsberoder ënnert dem Trump, d‘Powell ass eng Trump-Affekotin.
An net nëmmen Twitter huet keng Loscht méi op den Donald Trump. Och Facebook huet entscheet bis op Weideres den US-President un d‘Léngt ze huelen. Zudeem dierf den Held vu Mar-a-Lago elo 14 Deeg laang näischt op Instagram posten. An der tëscht wollt de Milliardär zur Plattform „Parler“ wiesselen oder huet esouguer gemaach. Dat huet dann awer eng Reaktioun vu Google erzwongen.
Well Google behaapt, datt den Donald Trump a seng Unhänger elo op „Parler“ géifen zu Gewalt an anerem opruffen, huet sech de Konzern derzou entschloss, d‘Applikatioun bis op Weideres net méi an sengem „Shop“ unzebidden. Datt mir eis hei gutt verstinn. d‘Applikatioun „Parler“ selwer ass natierlech selwer net verbueden a Google ass och net den Internet. Google huet awer Muecht…
mat indymedia/sfo/was