Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun
International Neiegkeeten

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun

Op de Choix e gudde war, dat léisst sech op

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert
International Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert

Um 20. Oktober 1818 eenegen sech d’USA a Groussbritannien mam

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?
International Neiegkeeten

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet eng Authentifizéierungsflicht fir Annonceuren agefouert, déi d‘Netzwierk notzen, fir „sensibel Reklammen“ ze schalten. Esou soll den ongezielte Campagne vun Desinformatioun a Manipulatioun, déi an de leschte Méint fir vill Opreegung gesuergt hunn, d‘Grondlag entzu ginn.

Dat neit Reglement zwéngt notamment d‘Annonceuren eng Passfoto an zouverlässeg Moyene zur Verfügung ze stellen, déi et erméiglecht mat hinne Kontakt opzehuelen. Twitter verbitt elo och staatleche Medie politesch Reklammen, ausserhalb hire Länner, am Netzwierk ze verëffentlechen. Sënn an Zweck heivunner ass et, d‘Annonceuren ze „zertifiéieren“, déi eng Rei Kritären ze erfëllen hunn, an d‘Reklamme selwer, ginn als „Message mat politeschem Charakter“ identifizéiert.

Wat muss sinn, muss sinn…

Et ass eng Entscheedung zu där sech Twitter huet missen duerchréngen, no de Desinformatioun- an Manipulatiounscampagnen déi an de sozialen Netzwierker gefouert goufen. Ausléiser sinn d‘Aktivitéite vu Russland am Kader an der Wahlcampagne zur US-Presidentschaft 2016 – déi nach ëmmer vir Opreegung suergen an eng Enquête duerch de Spezial-Procureur mat sech bruecht huet – an dem Iran, deem seng Propagandaaktivitéite vun Twitter a Facebook denoncéiert goufen.

„Et geet bei dësem neie Reglement drëms bei dëse Reklamme méi Transparent géintiwwer dem Public ze sinn, där hiren eenzegen Zweck et ass, d‘Meenung vun de Leit esou ze beaflossen, datt et en Impakt op Walen huet“, hunn den Del Harvey an Bruce Falck vun Twitter op Internet erkläert. Déi Reegele betreffen all gebühreflichteg Message déi Politiker betreffen, oder déi sech mat Legislatiounen zu Theme vun nationalem Interessi beschäftegen.

Twitter nennt Beispiller: Schwangerschaftsofbroch, Immigratioun, Biergerrechter, Waffen an de Klimawandel, mee och wann et ëm Pensiounen, Steieren, Handel oder national Sécherheet geet, wëll sech Twitter „amëschen“ an all Form vu Propaganda oder Manipulatioun am Kéim erstécken. Déi Verantwortlech vu Facebook, Google an Twitter hunn och nach e Rendez-vous virum Kongress (5. September), wou se sech zu der Manipulatioun duerch auslännesch Regimmer erkläre mussen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Manipulatioun, Politik, Propaganda, Richtlinnen, Twitter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel