Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“
International Meenung Neiegkeeten

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“

Am Kader vun de Campagnen zur Sécherheet op eise Stroossen,

dislike
Europa-Tournée fir den Donald Trump
International Meenung Neiegkeeten

Europa-Tournée fir den Donald Trump

Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass.

Alles am Bléck: Zu Besuch am Cargozenter
International Meenung Neiegkeeten

Alles am Bléck: Zu Besuch am Cargozenter

Jo, mir si spéit un, an awer: Um vergaangene Freideg

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)

Dem Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) seng kritesch Siicht op de „Rapprochement“ vun Israel an de Vereenegten Emirater (UAE) ass wuel respektabel, trëfft awer mat senger Argumentatioun net den Nol, mee Briet…

Géintiwwer dem Deutschlandfunk huet eisen Ausseminister den „iwwerraschende Rapprochement“ tëscht Israel an de Vereenegten Emirater (UAE) eppes méi differenzéiert wéi den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, kommentéiert. Esou géif dat nach net offizialiséiert Ofkommes tëscht Israel an den UAE, dat den US-President Donald Trump héchst perséinlech wëll „vermëttelt“ hunn, op déi gemeinsam „Angscht“ virum Äerzfeind Iran zeréckzeféiere sinn.

AsselbornHien ënnerstellt den Emirater (sunnitesch) hir Prioritéiten – gemengt ass hei d‘Solidaritéit mat de Palestinenser – nei ze uerdnen, an hält et fir méiglech, datt Abu Dhabi elo och kéint Jerusalem als déi ondeelbar Haaptstad vun Israel kéint unerkennen. Dat géif da bedeiten, wann een eisem Minister seng Wierder richteg interpretéiert, datt eng Zweestaateléisung, esou wéi se vun der internationaler Communautéit ugestrieft gëtt, quasi vum Dësch wier. Mee ganz esou einfach ass dat elo awer net.

Zum engem muss een dem Jean Asselborn an Erënnerung ruffen, datt Israel an déi Vereenegt Emirater zanter mindestens engem Joerzéngt hannert dem „Rideau“ matenaner kooperéieren, an d‘Bezéiung mat dësem Schratt eigentlech just offizialiséiert gëtt. Et gëtt längst zesummegeschafft, wann och iwwert „Ëmweeër“, esou an de Beräicher vun der Telekommunikatiounsiwwerwachung, am IT-Beräich an dem Gesondheetswiesen. An där Wirtschaftsinteresse gëtt et méi…

AsselbornDen israelesche Militärkomplex versicht säit Joren sech eng Plaz op der wichtegster Foire fir „Mord an Doudschlag“ IDEX (International Defence Exhibition & Conference) ze sécheren a géif sech och iwwer besser Bezéiungen zou Saudiarabien freeën. Mat engem Friddensofkommes mat den UAE, dem Opbau vun diplomatesche Bezéiungen a wier weess engem Handelsofkommes, kéint sech dës Dier nach e Sputt wäit weider opdoen. Och d‘USA geséichen dat gären, géif et si dach entlaaschten.

Mam vum Donald Trump am Januar virgeluechte FriddensplangPeace to Prosperity“, an deem hie Palestina als „Staat“ bezeechent huet, an de Palestinenser quasi eng revisionistesch Zweestaateléisung proposéiert huet, déi de Mahmoud Abbas kategoresch zeréckgewisen hat, an da konsequenterweis all Ofkomme mat Israel an den USA als beendegt erkläert huet, hunn d‘USA no anere Mëttel gesicht sech eppes Ieleboufräiheet am Noen Osten ze verschafen. Dat huet geklaapt.

AsselbornIllustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Ähnlech Sujeten Israel, Jean Asselborn, Palestina, UAE, USA, Vereenegt Emirater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel