Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Réimech seet d‘Kavalkad of
Kultur Neiegkeeten

online dating christchurch new zealand

No der „Escher Fuesent“ ass et och um Réimecher Fuesent-Comité

https://moien.lu/dating-carnival/
Kultur Neiegkeeten

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Cannabis duerchleeft aktuell eng Period vun der „gesellschaftlecher Toleranz“, gëtt

Internationalen Dag vun eelere Mënschen: Géint sozial Isolatioun
Kultur Neiegkeeten

Internationalen Dag vun eelere Mënschen: Géint sozial Isolatioun

Am Kader vum Internationalen Dag vun den eelere Mënsche well

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!

Schonn zënter 2003 ass de Rapper Uai, dee biergerlech Yves De Smedt heescht, musikalesch aktiv. Nodeems hien virun allem däitsch Wierker produzéiert huet, stoung fir den Artist eng länger Paus un. Wärend senger Auszäit, déi de Rapper als eng Aart „Reboot“ bezeechent, ass et virun allem dorëm gaangen, sech selwer virun ze entwéckelen an ze hannerfroen, wou hien als Mënsch steet a wat hie bis ewell erreecht huet. Genau dës Iwwerleeungen, wéi och Erlieftes verschafft den Uai a sengen Texter.

An awer geet et net nëmmen ëm verschidde Gedankegäng a Geschichten: Den Uai rifft zum pure Battle op, gräift dobäi zeréck op d’Urspréng vum Rap an hëlleft esou, zesumme mat senge Kollegen aus der Zeen, um Lëtzebuerger Terrain méi Dynamik a Gewiicht an dëse musikalesche Beräich ze bréngen. Dozou awer gläich méi.

Nach ëmmer den alen, mee nach besser

Mat „Upside Down“ ass e Freideg de Lëtzebuerger Rap-Fans neit Material geschenkt ginn. Säi massive Sprong no vir léisst sech weisen! Eiser Sprooch mech den Uai all Éier a beweist, datt hien mat Stäerkt, Motivatioun a Kreativitéit nees zeréck ass. D’Kombinatioun aus der eegener Selbstduerstellung, e puer Stëppelereien an dem Glëschtereg-Maachen no méi kann ee wuel als vollen Erfolleg wäerten.

Serienfans an Netflix-Junkies wäert wuel direkt opgefall sinn, datt och am Video esou munches a verdréite Parallelwelten ofleeft. Selwer begeeschtert vun der US-amerikanescher SciFi-Mysterie-Serie Stranger Things, wollt den Uai et sech net huele loossen, dem Matt a Ross Duffer säi Wierk als Inspiratioun ze notzen, Uewen an Ënnen schwanken ze loossen.

„Ech hu fonnt, datt et relativ gutt vergläichbar mat eiser Welt ass. Et gëtt engersäits déi schéin an normal Säit, an et gëtt och déi ‘twisted’, donkel an eekleg Säit. An eis, ronderëm eis, Dag fir Dag“, erkläert de Museker. Zënter gëschter kann ee sech dann och ee weidert Lidd – Delorean – eranzéien. Gefaangen an der Quarantaine kréie mir duerch de Beat ee Stéck Virfreed op Summer, Sonn an Erliefnisser gebueden.

Kreativ am Grupp

Zesummen ass ee méi staark, wéi eleng. Genee dëse Grondsaz huet sech och bei engem Team u Lëtzebuerger Rapper duerchgesat, deen gemeinsam mam Uai geformt huet. Museker aus de verschiddensten Altersgruppen an ënnerschiddlechsten Hannergrënn hunn sech zesumme gedoen, fir esou reegelméisseg an wiesselende Konstellatiounen, oder och Solo opzetrieden.

Eraus kommen dobäi kreativ Projeten, déi Beweegung an d’Land bréngen. Och an Zukunft kann ee sech soumat op nei Wierker vum Uai a senge Rapper-Kollege freeën. Ma, hoffentlech kënnt de Concert- a Festival-Summer dëst Joer net ze kuerz!

De Song „Upside Down“, wéi och weider Wierker vum Uai fannt Dir ënnert anerem op YouTube a Spotify. Natierlech ass de Rapper och op Facebook an Instagram ënnerwee.

Ähnlech Sujeten Delorean, Lëtzebuerg, Musék, Rap, Stranger Things, Uai, Upside Down, Yves de Smedt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel