Search

You may also like

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert
International Neiegkeeten Sport

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert

A ville Gemengen uechtert d‘Land sinn d‘Verwaltungen an d‘Bierger gutt

What the Fakt – Den Internationalen Dag vum Pinguin!
International Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Den Internationalen Dag vum Pinguin!

Um 25. Abrëll feiert d’Welt de Villchen, deen net fléie

Berlin enthüllt „Exit-Covid19“ Strategie
International Neiegkeeten Sport

Berlin enthüllt „Exit-Covid19“ Strategie

Nodeems sech d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel mat de Ministerpresidente vun de

UEFA: „Wat mir decidéieren ass Gesetz!“

Europäesch Fussballmafia dréit de Länner déi hir Championnater ofbrieche mat Ausschloss vun der Championsleague

UEFA: „Wat mir decidéieren ass Gesetz!“

D‘UEFA, déi europäesch Filial vun der FIFAde facto eng kriminell Vereenegung mat legalem Statut – verléiert a Pandemie-Zäite masseg Geld. Net datt si dees net genuch hätte fir dëser Kris Stand ze halen, mee op déi Milliarden déi si vun den Iwwerdroungsrechter asäckelen, wëllen si och net verzichten. Si sinn zudeem iwwerzeegt dat Profi-Sportler net vum Virus bedreet sinn.

An esou huet déi europäesch Fussballmafia sech guer net gefreet, datt eis Belsch Noperen aus elo zimmlech gudde Grënn decidéiert hunn, hir Saison elo ofzebriechen an de Spillbetrib bis no der Kris auszesetzen. „Dat kann dach net sinn“ wäert de President Aleksander Ceferin sech geduecht hunn, wéi him d‘Informatioun zur belscher Decisioun virgeluecht ginn ass. A wéi dat bei der Mafia üblech ass, ass de Klabes gezéckt ginn, an eng däitlech „Warnung“ un d‘Verbänn erausgaangen.

De Bréif dee un déi national Verbänn weist, datt „en Uerder keng Diskussiounsbasis“ duerstellt. Esou heescht et do: „D‘Participatioun un de Club-Meeschterschafte vun der UEFA gëtt op der Basis vun de sportleche Resultater um Enn vun engem vollstännege Championnat festgeluecht. (…) En Ofbroch vun der Saison géif Zweiwel opwerfen ob dës Viraussetzung erfëllt ass. D‘UEFA behält sech d‘Recht vir, den Usproch vun de Veräiner op eng Participatioun ze beuerteelen“.

Am Kloertext heescht dat, datt net déi national Verbänn a schon emol guer net där hir Regierungen, eegemächteg ze entscheeden hunn, wéini ee Gesondheetsrisiko fundéiert ass. Wann also „Zaldoten sech weigeren an de Krich ze goen“ wëll de mafiéise Veräin de Feiglingen d‘Participatioun un der Champions- an Europa-League verwieren. Zu Nyon (bei Genève) gëtt iwwert dëse Wee indirekt Drock op Regierungen ausgeüübt, an déi sinn den Ament mat anerem beschäftegt, wéi sech mat sportleche Competitioune mussen ausenanerzesetzen. D‘Verbänn sinn op sech selwer agestallt.

Wann de Max dem Här géint Schinnebeen trëppelt

Déi belsch Profiliga ass sécherlech en „Zwerg“ am Kontext vum europäesche Fussball, mee ass net gewëllt engem Uerder nozekommen, deen d‘Spiller engem seriéis gesondheetlech Risiko aussetzt. An hirem Communiqué hu si matgedeelt, datt et eng telefonesch „Konferenz“ mat der UEFA ginn huet, an där si dësen ze verstoe ginn hunn, datt si sech dem Zwang ënnert de bestoenden Ëmstänn kengesfalls wäerte béien. Et wieren elo weider Gespréicher vereenbaart ginn, méi Detailer wollt de Virstand vun der belscher Profiliga, déi zur Stonn net vun der Politik gestäipt gëtt, net soen.

A wann ee weess – dat gëllt jo och fir eis Lëtzebuerger Veräiner – wat et masseg Goss fir dee Veräi gëtt, deen un enger vun de genannte Club-Meeschterschaften dierf deelhuelen, da muss een d‘Kand beim Numm nennen: et ass Erpressung. Gutt, d‘UEFA huet sech bei der europäescher Club-Vereenegung (ECA) an dem Verband „European Leagues“ souzesoe réckverséchert, déi sech trotz dem bekannten Noutstand, schlicht op den Artikel 4 vun de Reglementer bezéien. De Sënn deen derhannert stécht, ass et ze verhënneren, datt och aner Verbänn, et de Belsch kéinten nomaachen.

An den Aleksander Ceferin, huet an engem Interview mam ëffentlech rechtleche Sender ZDF den Nol nach emol ageschloen a kloer gestallt, datt de Belsche Wee net dee „richtegen“ a „Solidaritéit keng Sakgaass“ ass. Et kéint een net ëm Hëllef jäizen an eegemächteg decidéiere wéi et engem grad an de Krom passt. Op d‘Argument vum President vun der belscher Pro-Ligue, Peter Croonen, datt den Ofbroch vun der Saison eng fro vun der „sozialer Verantwortung“ ass, an d‘Land den Ament dofir Suerg droe muss, datt de Covid19 aus der Kris keng Katastroph mécht.

Et geet net ëm Fussball, et geet ëm Geld

Wann et ëm vill Geld geet, dat selbstverständlech nëmmen e puer Privilegiéierte virbehalen ass, da ginn esou vun der Politik (a Millioune Fans) toleréiert kriminell Strukture wéi UEFA/FIFA séi ganz béis. Mat aller Gewalt an ouni Récksiicht op Verloschter, wëllen den Aleksander Ceferin a seng Gesellen esouwuel d‘Champions- wéi och d‘Europa-League zu engem, wéi et heescht, sportlechen Enn bréngen. Et géif hinne jo och duer goe wann d‘Spiller just op der Tëlee iwwerdroe ginn. Et ass jo och do wou dat gréissten Akommes generéiert gëtt. Gesondheet ass do thematesch ausgeschloss.

Interessant awer u sech net verwonnerlech, eis däitsch Noperen, wou de Verband jo och bewisen huet datt hie vu vill krimineller Energie ugedriwwe gëtt, kënnen sech och Virstellen, datt d‘Tëlee als Medium duer geet an een eigentlech op d‘Zuschauer am Stadion verzichte kann. Dorunner ass jo och näischt verdéngt, an op d‘Milliarden aus de Iwwerdroungsrechter wëll een net verzichten, et brauch ee jo dat Geld fir sech beispillsweis eng Weltmeeschterschaft ze erschläichen. Hei gëtt ganz bewosst de Risk ausgeblend, datt sech och Profi-Sportler ustiechen an dorunner stierwe kënnen.

Wann ënnert dësen Ëmstänn d‘Politik der Fussballmafia weider fräi Hand léisst, dierft et richteg komplizéiert ginn. De Peter Croonen versicht awer och weiderhin, mat aneren (Holland huet och iwwert ee fréizäitegt Enn vun der Saison nogeduecht) dës quokeleg Situatioun „diplomatesch“ ze léisen. Un der Entscheedung net méi weiderzespille géif awer net méi gefréckelt. Kee Championnat op der Welt ass et wäert, Mënschen engem Gesondheetsrisiko auszesetzen, heescht et do. Mee wann et hei net endlech zu engem „Signal“ aus der Politik kënnt, wäert sech d‘UEFA net genéieren…

mat indymedia/lgg/dtb/gva/fra/ams

Illustratioun: © Milad B. Fakurian / unsplash

Related topics Aleksander Ceferin, Championsleague, Europa League, Pandemie, Peter Croonen, Pro-League, UEFA
Next post Previous post