Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haut schonn der Iwwerwaachungskamera zougewonk?
Kultur Neiegkeeten

Haut schonn der Iwwerwaachungskamera zougewonk?

Um haitege 16. August fënnt den internationalen Aktiounsdag, bei deem

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch
Kultur Neiegkeeten

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch

Am Juni 2018, hatt sech d‘CGFP mat der Regierung op

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën
Kultur Neiegkeeten

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën

A knapp enger Woch gëtt d‘Auer nees ëmgestallt, d‘Deeg si

UGDA: Europäesche Concours fir Sträicher a Kammermusek

UGDA: Europäesche Concours fir Sträicher a Kammermusek

D’Museksschoul UGDA organiséiert um Sonndeg, de 15. November 2020 am Conservatoire zu Lëtzebuerg een europäesche Concours an den Disziplinne Sträicher a Kammermusek (Sträicher).

Am Kader vum 37. Lëtzebuerger Jonksolisteconcours huet een decidéiert ee gréissert Evenement ze organiséieren a Form vun dësem europäesche Concours. Dobäi erwaart een Kandidaturen aus alle Länner vun Europa.

Sechs verschidde Leeschtungsniveauen erméiglechen et, d’Participanten vun Ufänger bis fortgeschratte Solisten ze empfänken. D’Altergrenz läit bei 26 Joer. Umelle soll ee sech bis zum 10. Oktober.

Weider Informatiounen (Reglement, Flichtstécker, Formularen,…) an d’Aschreiwung kritt Dir bei der UGDA (3 Route d’Arlon, L-8009 Stroossen, Tel.: 22 05 58-1, Fax: 22 22 97, Email: concours@ugda.lu) oder op www.ugda.lu.

Opmaacherbild: © call me hangry / Unsplash

Ähnlech Sujeten Appell zur Kandidatur, Concours, jonk Solisten, Kammermusek, Musék, Solist, UGDA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel