Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?
International Neiegkeeten https://moien.lu/online-dating-nottingham/

i'm dating a foreign exchange student

D’Éislek mécht e gudden Drëttel vun der Landesfläch aus, mee

how to tell someone you don't want to keep dating them
International Neiegkeeten https://moien.lu/online-dating-nottingham/

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt

Bal 40 Joer laang war et am Iran de Fraen

Mat 25 Joer, ass den Eric Thill de jéngste Bezierkspresident an der DP
International Neiegkeeten https://moien.lu/online-dating-nottingham/

Mat 25 Joer, ass den Eric Thill de jéngste Bezierkspresident an der DP

D‘DP-Norden huet mam Eric Thill e neie President. Um Regionalkongress

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun

Washington beschëllegt d‘Ajatollahe vun Teheran derhannert ze stiechen

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun

Sabotageaktioune kréien d‘Iraner regelméisseg ënnerstallt an elo sollen si sech dann och fir zwou Explosiounen op Uelegtanker am Golf vun Oman ze veräntwerten hunn. Zumindest behaapt sech Washington drop, Beweiser ze hunn, déi keng Zweiwel un den Täter géif loossen.

Fir den US-Ausseminister Mike Pompeo ass et erwisen, datt den Iran hannert den Ugrëff op zwee Uelegtanker stécht. „Et ass d‘Aschätzung vun der Regierung, datt déi islamesch Republik fir dës Attacken – déi haut am Golf vun Oman stattfonnt hunn – verantwortlech ass. Dës Eskalatioun vun der Gewalt ass net tolerabel“, esou den amerikanesche Chefdiplomat beim Presse-Briefing.

Am Iran, déi zum Zäitpunkt vun den Attacken de japanesche Premierminister zu Besuch haten, gëtt all Form vu Bedeelegung un dësen „Aktiounen“ dementéiert. Déi iranesch Vertriedung bei der UN zu New York huet op d‘US-Beschëllegunge geäntwert:

„Den ekonomesche Krich an den Terror vun den USA géintiwwer dem iranesche Vollek, esou wéi déi massiv Militärpresenz an der Regioun, bleiwen d‘Haaptursaache fir d‘Onsécherheet an d‘Instabilitéit an der persescher Regioun. (…) D‘USA mat hire Partner, musse mat der Krichshetz ophalen an déi schiedlech Verschwierungen, wéi och d‘Operatiounen ënnert falschem Fändel an der Regioun op en Enn bréngen“.

Et bléckt een net méi duerch

Mat dësem „Statement“ ginn net nëmmen déi Amerikanesch Virwërf dementéiert, mee et kloer den USA ënnerstallt, selwer hannert dësen Operatiounen ze stiechen. Dat ass dann och net emol aus der Loft gegraff, schliisslech sinn d‘Bezéiungen zu Saudiarabien, dem Äerzfeind vum Iran, beschtens a Washington mécht kee Geheimnis dorausser, de Regime vun den Ajatollahe stierzen ze wëllen.

Et muss een dierfen ervirhiewen, datt ënnert den zwee Tanker déi gëschter d‘Zil vun den Ugrëff waren, een derbäi war deen enger japanescher Entreprise gehéiert, och wann d‘Schëff ënnert däitschem Management steet. Deen aneren Tanker gehéiert enger norwegescher Reederei. Weise mir nach drop hin, datt s‘Schëffer wuel beschiedegt, d‘Mannschaften awer a Sécherheet sinn.

Säit Wochen ass an der Regioun, dank der nei ausgeriichten US-Aussepolitik, d‘Situatioun immens ugespaant. Den Donald Trump huet – ouni datt hie sech dofir groussaarteg hätt missen ustrengen – et fäerdeg bruecht, datt de Sträit tëscht dem sunnitesche Kinnekräich an dem schiitesche Gottesstaat ganz nei Dimensiounen erreecht huet. D‘Zeräisse vum Atomofkommes war dogéint „Geplänkels“.

Knallt et… da brennt déi ganz Welt

Et ass erwisen, datt Saudiarabien Terroristen ënnerstëtzt a finanzéiert, sech niewebäi och net ze schued ass e onbeléifte Kritiker „verschwannen ze loossen“ a mat amerikanesche Waffesystemer am Jemen op Fraen a Kanner schéisst. Mee si „kämpfen“ an éischter Linn géint d‘Ajatollahen a loossen – zumindest während dësem Partenariat – de Staat Israel a Rou, ee weidere Partner an der Regioun.

Grondsätzlech huet Washington en Interessi drun, datt d‘Regioun „onroueg“ bleift. Engersäits dréit et derzou bäi, datt den US-Militärkomplex hei grandios Geschäfter ofschléisse kann, anersäits kann et derzou féieren, datt d‘Weltgemeinschaft et fir „gerechtfäerdegt“ fënnt, wann d‘USA esouwuel de Golf vun Oman wéi och d‘Strooss vun Hormuz mat hirer Marine besetzen a kontrolléieren.

Dës „Strooss vun Hormuz“ ass aus wirtschaftlecher Siicht, ee vun de wichtegste Séi-Weeër op eiser Welt. Si verbënnt d‘Golfregioun mam oppene Mier an iwwert dëse Wee gëtt de gréissten Deel vum Ueleg per Schëff um Globus verdeelt. Wien d‘Strooss vun Hormuz kontrolléiert, huet och eng gewësse Muecht iwwert de weltwäiten Approvisionnement mat Pëtrolsproduiten an säi Präis.

Fir déi eege Muechtpositioun am noen Oste géintiwwer Russland, China an aus wirtschaftlecher Siicht och Europa auszebauen, muss ee befierchten, datt d‘USA bereet sinn d‘Welt a brand ze stiechen. Iwwert Konsequenzen denkt den US-President nëmmen dann no, wann et sech negativ op seng Wahlcampagne auswierkt. A géint e Krich mam Iran, hunn seng Unhänger gewëss näischt.

Eng erdréckend Beweislag

Natierlech kënnen d‘USA déi ganz Uschëllegunge mat Videomaterial – dat vun der US-Marine zur Verfügung gestallt ginn ass – „beweisen“ datt hannert den Ugrëff déi iranesch Revolutiounsgardiste stinn.

„Centcom“ den US-Commandement fir den noen Osten, erkläert (well soss net ze erkennen) datt um Video e Boot vun der Revolutiounsgard ze gesinn ass, dat op den Tanker Kokuka Courageous zousteiert. Et wier e Boot vum Typ „Gaschti“ an et kéint ganz däitlech erkennen, datt een iranesche Gardist, eng Haftminn vum Schëff ewechhëlt. Et gesäit ebe jiddereen dat wat e wëll gesinn…

Fir sécherzestellen, datt all Mënsch vun der iranescher „Provokatioun“ iwwerzeegt gëtt, an déi vill Waffesystemer, déi d‘USA an d‘Regioun verkaf huet, eenzeg zur Verdeedegung an dem Fridden an der Regioun déngen, betount de Mike Pompeo: „D‘USA an déi international Communautéit hu keen Interessi un engem neie Konflikt am noen Osten, wäerten awer hir Interesse schützen“.

E bëssegen a falschen Hond

Datt de Mike Pompeo grad wei de Sécherheetsberoder John Bolton duerchaus näischt en zolitte Konflikt an Regioun huet, kann een natierlech net einfach esou soen. Wann awer den US-Ausseminister sech dohinner stellt an erkläert, datt den Iran Tanker am Golf vum Oman sabotéiert fir d‘US-Sanktioune lass ze ginn, an dat dommt Geschwätz selwer gleeft, sollt een Angscht kréien.

Esou ass de milliardeschwéiere Waffendeal mam saudesche Kinnekräich, grad ewéi d‘Sanktioune géint den Iran – an all Land dat et wot Handelsbezéiunge mat Teheran ze ënnerhalen – net emol eeschthaft geduecht fir d‘Ajatollahen un de Verhandlungsdësch ze zwéngen. Zweck ass: de Regime stierzen an eng Marionettendemokratie ze installéieren, déi den USA de Pëtrol iwwerléisst.

An datt den Jonathan Cohen (nomen est omen) no der Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot nach emol muss betounen, datt eenzeg den Iran iwwer Ressourcen a Fäegkeete verfüügt fir esou Aktiounen duerchzezéien, ënnersträicht wéi lächerlech a geféierlech dat ganzt ass. Grad si hunn „villen“ Acteuren d‘Ressource „verkaf“ an dësen Acteuren déi Fäegkeete bäibruecht déi gebraucht ginn.

Wéinstens nach ee mat Wäitsiicht

De kuwaiteschen UN-Ambassadeur Mansur Ayyad al-Otaibi (Kuwait huet aktuell de Virsëtz vum UN-Sécherheetsrot) stellt sengersäits fest, datt net iwwert „Beweiser“ vun den USA geschwat gouf an och keng Moossname beschloss gi sinn. Hei misst et zu enger grëndlecher a virun allem onofhängeger Enquête kommen. Eng gutt Iddi déi sech awer als fromme Wonsch presentéiert.

An den UN-Generalsekretär Antonio Guterres kann nëmme virun enger Eskalatioun warnen, an d‘Uschléi op d‘Tanker veruerteelen. Recht awer huet hie wann e seet: „…wann et eppes gëtt, dat d‘Welt sech net leeschte kann, dann ass et eng grouss Konfrontatioun an der Golf-Regioun. Hei muss festgestallt gi wien derhannert stécht, an dee muss dann och zur Rechenschaft gezu ginn.“

Datt den Iran kee Beispill vun Demokratie ass an och weiderhin net dovunner Ofstand hëlt Israel vun der Landkaart tilgen ze wëllen, ass wuel bekannt a mécht d‘Ajatollahen net sympathesch. Et brauch dann awer eppes méi wéi eng oniwwerpréifbar Videoopnam, als Beweis dofir, datt et iranesch Revolutiounsgardiste waren, déi fir d‘Aktiounen am Golf vun Oman verantwortlech sinn.

mat indymedia/mow/nyc

Foto: Gerhard Traschütz/Pixabay

Ähnlech Sujeten Golfregioun, Iran, Mike Pompeo, Revolutiounsgarden, Sabotage, Uelegtanker, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel