Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äre Projet (m)am Naturpark
International Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark

Déi dräi Naturparken: Uewersauer, Our a Mëllerdall ruffen an Zesummenaarbecht

surprise
Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot
International Neiegkeeten

Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot

De Mëttwoch war de Regierungsrot, ënnert der Leedung vum Premierminister

Paradisesch Kläng aus Metz
International Neiegkeeten

Paradisesch Kläng aus Metz

Bei „Burin Musique“ zu Metz, direkt nieft dem Theater hu

Ugrëff op ZDF-Journaliste beim Prozess géint ee Rietsextremist

Justizbeamte gëtt handgräiflech well hien net wollt gefilmt ginn; dat hunn d‘Glatzkäpp als „Aluedung“ verstanen an d‘Kamerateam hirersäits an d‘Zaang geholl

Ugrëff op ZDF-Journaliste beim Prozess géint ee Rietsextremist

Berlin um Donneschdeg: virum Landgeriicht zu Berlin-Charlottenburg hat e Kamerateam vum ZDF sech opgestallt, fir iwwert de Prozess géint de Rietsextremist Sven Liebich ze beriichten. Dëse muss sech viru Geriicht fir d‘Verbreedung vun enger Karikatur veräntwerten, déi d‘Presidentin vun der Amadeu Antonio Stëftung, Anetta Kahane, duerstellt.

De Mann, deen och vum Verfassungsschutz vum Bundesland Sachsen-Anhalt iwwerwaacht gëtt, ass mat Gläichgesënnte virum Landgeriicht opgetaucht an huet emol als éischt, de Justizbeamten drop opmierksam gemaach, datt d‘Kamerateam um Trottoir, also am „ëffentleche Raum“ stoe géif. De Beamten ass op d‘Journalisten duer gaangen, déi fir hir Reportage eng Akkreditéierung haten.

ZDFHei huet de Justizbeamte gefuerdert net gefilmt ze ginn, wourop de Journalist Arndt Ginzel dësen opgefuerdert huet dach einfach aus dem Bild ze goen. Deen ass allerdéngs net vun de Plaz gewach an en zweete Beamte kënnt derbäi. Dat hunn dem Sven Liebich seng Akolythen als Aluedung sech anzemësche verstanen an hunn d‘Kamerateam agekesselt. D‘Lëns vun der Kamera war ofgewannt.

De Beamten huet weider gefuerdert si sollen ophalen hien ze filmen an huet sech selwer nees an d‘Bild gestallt, gräift no der Kamera an dréckt ze ewech. De beholl vun de Glatzkäpp muss awer och de Beamten net ganz geheier gewiescht sinn, well nodeems déi däitlech Unzeeche vu Gewalt gewisen hunn, hunn sech déi an d‘Geriichtsgebai verfuusst. D‘Journaliste goufe weider bedrängt.

ZDFStänneg kënnt et hei zu klenge, vermeintlech „onschëllege“ Tätlechkeeten, et gëtt no der Kamera gegraff a geschloen. Wéi de Journalist Arndt Ginzel en Interview féiere wëll, zitt en „Held“ um Mikrofonkabel. Och bannent dem Geriicht geet et un Gank weider. Och hei ass ee Justizbeamten op der Plaz a kuckt dem Gedirängels amuséiert no. Elo wäert sech de Senat äussere mussen…

De Journalist iwwerleet elo juristesch géint de Virfall virzegoen a schléisst net aus, och déi uwiesend Justizbeamten anzebezéien. De Spriecher vum Berliner Justizsenateur, Dirk Behrendt (déi Grünen), huet mam Hiwäis op dat bestoend Filmmaterial gemengt, datt een der Saach nogoe wëll. Eng Ausso déi dem President vum Journalisteverband (DJV) net wäit genuch geet.

ZDFAn engem Bréif un de Justizsenateur, huet den DJV-President Christian Walther den Iwwergrëff als Frechheet beschriwwen an drop higewisen, datt am presente Fall, méi noutwenneg ass, wéi eng intern Enquête. Et géif wuel kee Grond all d‘Beamten ze verdächtegen, mee et misst zumindest kloergestallt ginn, datt esou Virfäll net akzeptabel sinn, firwat se sech net widderhuelen dierften.

Hei dierf nach drop higewise ginn, datt de Beschëllegte Sven Liebich, en Dag virum Prozess an engem Video op YouTube seng „Fans“ a „Supporter opgefuerdert hat, sech virum Landgeriicht zu Berlin-Charlottenburg ze treffen an hie beim Prozess ze begleeden…

indymedia/ber

Foto: Schonn am November 2018 ass de Sven Liebich „negativ“ Opgefall. D‘Police huet de Mann missen opfuerderen säin „SA-Aarmband“ ofzeleeën. © Michael Trammer (Archiv)

Ähnlech Sujeten Anetta Kahane, Antisemitismus, Berlin-Charlottenburg, Journalisten, Kamerateam, Landgeriicht, Rietsextremismus, Sven Liebich, ZDF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel