Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Expo am CNL: Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich
International Neiegkeeten

Expo am CNL: Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich

Nach ëmmer si verschidden Aspekter zur Geschicht vu Lëtzebuerg wärend

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I
International Neiegkeeten

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I

Während de Porsche Mobil 1 Supercup, dat eigentlecht Zil vun

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter
International Neiegkeeten

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA)

Ukrain: E Komiker gëtt President

Ukrain: E Komiker gëtt President

Et hat sech beim éischten Tour ofgezeechent, datt et bei der Presidentschaftswahl an der Ukrain zu engem Novum komme géif. De Petro Porochenko hat wuel nach emol an déi politesch Trickkëscht gegraff, konnt déi etabléiert Tendenz awer net méi kippen.

Um Sonndeg hunn se gewielt an der Ukrain, an no den éischten Auszielungen a Prognose steet fest, datt de Schauspiller a Komiker Volodymyr Selenski net méi vum amtéierende President ageholl ka ginn. Esou ginn dem „Polit-Debutant“ 73% vun de Stëmmen zougestanen, de Petro Porochenko ka grad emol déi 25% zesummekrazen. Deen huet seng Néierlag dann och „prophylaktesch“ ugeholl.

Ukrain

Interessant um „Neie“ President: den 41 Joer jonke Volodymyr Selenski huet Ufank des Joers aktiv an d‘Politik ubruecht. Bis dohinner hat hien sech weder enger Partei verschriwwen, nach soss als Kandidat ugebueden. Zanter Januar ass de Schauspiller elo ganz äerdeg. Säin zentraalt Thema am Wahlkampf war d‘Korruptioun a politesch Bedeelegung. Dat schéngt bei de Leit ukomm ze sinn.

Als onbeschriwwent „Blat“ werft de „Komiker“ allerdéngs och Rei Froen op: wéi eng politesch Ziler huet hien, ugesiichts dem Konflikt am Oste vum Land? Wéi geet hie mat der Annexioun vun der Krim ëm? Gewosst ass eigentlech nëmmen, datt de Volodymyr Selenski sech och fir eng Ubannung un de „Westen“ staark mécht. Wat de ganze Recht ugeet, ass dee Neien eng Virwëtztut.

Net nodroend

Kuerz nodeems säitens der Wahlkommissioun gemellt gouf, datt de Volodymyr Selenski dës Wahle gewonnen huet, ass dem amtéierende President op dësen duer gaangen, an huet him zur Victoire gratuléiert. Et géif sech esou gehéieren, dat wier an Demokratien esou üblech, huet de Petro Porochenko senge Supporter zougeruff. De 53 järegen huet awer och versprach weider ze maachen.

Säi politesche Grupp „Ons Ukrain“ (Blok Nascha Ukrajina) huet scho bekannt ginn sech elo op déi am Oktober virgesinne Parlamentswahl ze konzentréieren. Si wëllen sech fir weider Ustrengunge staark maachen, déi zur Verdeedegung vum Land bäidroen. De Petro Porochenko huet säi Mandat verluer, net awer d‘Loscht sech géint de russeschen „Aggressor“ zur wier ze setzen.

Ukrain

A Russland hu se d‘Informatioun vum „Muechtwiessel“ a gewësser Weis begréisst. Aus Moskau awer heescht et, datt een elo emol misst ofwaarden, wat dee „Neien“ fir eng Richtung aschléit. De President vum auswäertegen Ausschoss am russesche Federatiounsrot, Konstantin Kossatschow, hofft datt de Volodymyr Selenski e staarken, eegestännege President vun der Ukrain gëtt.

mat indymedia/mow

Foto: (v.l.n.r.) Volodymyr Selenski / petro Porochenko – Maxim Stoyalov, Claude Truong-Ngoc, Alexander Krassotkin / Wikimedia Commons / CC BY-SA 3.0

Ähnlech Sujeten Petro Porochenko, Presidentschaftswahl, Ukrain, Volodymyr Selensky
Nächsten Artikel Virrechten Artikel