Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer
International Neiegkeeten

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer

Et war erëm un der Zäit a bei beschtem Summerwieder

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland

E Freidegmoien ass op der Plëss d‘Ouverture vun der Lëtzebuerger

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck
International Neiegkeeten

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt muer mam Reamenagement vun der N34

Erfollegräichen Ukrain-Sommet zu Paräis

Erfollegräichen Ukrain-Sommet zu Paräis

Beim Ukrain-Sommet zu Paräis, wou et ëm eng Léisung fir de Konflikt an der Ostukrain gaangen ass, huet et Fortschrëtter ginn. Aus der Ofschlosserklärung, déi um spéide Méindegowend virgeluecht gouf geet ervir, datt et bis zum Joresenn soll zu enger vollstänneger Wafferou kommen.

Zudeem hu sech Russland an d‘Ukrain drop verstännegt, zum engen d‘Truppe vun der Front nees ofzezéien an zum aneren en ëmfaassende Gefaangenenaustausch an d‘Wee ze leeden. Erfreelech, well et Hoffnung op e Fridden an der Ostukrain mécht. No Jorelaangem hin an hir gëtt et zumindest konkret Fortschrëtter. Einfach waren d‘Verhandlungen zu Paräis allerdéngs net.

Véier Staats- a Regierungscheffen: de franséische President Emmanuel Macron, déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel, de russesche President Vladimir Putin an den Ukrainesche President Wolodymyr Selenski hunn sech aacht stonnelaang am Elysée beroden. Déi lescht Gespréicher hat viru gutt dräi Joer zu Berlin ginn, mee hate keng Léisung ervirbruecht.

Gemässegt zefridden

Et war dann awer de ukrainesche President deen nom Sommet kritesch Téin ugeschloen huet: „Meng Kollegen hu mir gesot, dat wier ee ganz gutt Resultat fir en éischt Treffen. Awer mir ass et éierlech gesot ze wéineg. (…) Zum Waffestëllstand: ech weess beim beschte Wëllen net wéi déi Situatioun ka kontrolléiert ginn“. Verständlech, zanter 2014 sinn 20 „Accorde“ gebrach ginn.

Ukrain-SommetWat elo den Echange vun de Prisonéier betrëfft, esou soll dësen nom Prinzip „Jidderee fir Jidderee“ ëmgesat ginn, dat méiglechst nach virum Joresenn. Et gëtt dobäi ëm ronn 250 Gefaangener aus Kiew, géint eng 100 aus Luhansk an Donezk. Woubäi hei nach ze notéiere wier, datt et näischt Konkretes gëtt, mee et den Ament nach eng Absichtserklärung ass. D‘Rout Kräiz soll hëllefen.

Déi däitsch Bundeskanzlerin huet begréisst datt d‘Zäit vum Stëllstand iwwerwonnen ass an vill realistesch „Saache“ vereenbaart konnte ginn. Op dësem Wee misst een elo weidergoen. Fir de Mann aus Moskau waren et gutt Verhandlungen, déi besonnesch den Awunner vun der Ostukrain zerguttst kommen, firwat et nei Iwwergäng un der Frontlinn soll ginn. Och de Réckzuch leeft…

Dat ass nach kee Fridden

Wann een elo zu Paräis reell Fortschrëtter notéiere kann, esou ass dat nach net de Fridden. Beim Sommet huet et awer wichteg Signaler ginn, déi drop hindeiten, datt den Dialog sech duerchsetze kann. Bis zu hirer éischter Entrevue zu Paräis, haten de Vladimir Putin an de Wolodymyr Selenski eigentlech nëmme matenaner telefonéiert. Sech géinteniwwer ze setzen huet awer Friichte gedroen.

Säit de Konflikt 2014 ausgebrach ass, sinn op mannst 13.000 Mënsche gestuerwen. En éischt Ofkommes 2015 zu Minsk huet wuel derzou bäigedroen, datt d‘Kämpf nogelooss hunn, mee et stinn sech op der 500 Kilometer laanger Frontlinn nach ëmmer 80.000 kampfbereet Männer géinteniwwer. D‘Hoffnung, datt déi sech elo zréckzéien, schéngt realistesch.

Aus dem Elysée heescht et dozou: „Mir brauchen eng Konsolidéierung vun der Wafferou an et mussen d‘Minne laanscht der Demarkatiounslinn entschäerft a geraumt ginn“. A véier Méint wëllen sech déi véier Parteien nach emol zu Gespréicher gesinn. D‘Truppenentflechtung soll weidergefouert ginn an et misst och zu weiderem Gefaangenenaustausch kommen, esou Paräis…

mat indymedia/par

Foto: En Treffe fir nei Impulser fir de Friddensprozess an der Ostukrain. © Steffen Seibert

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Emmanuel Macron, Paräis, Ukrain-Sommet, Vladimir Putin, Wolodymyr Selenski
Nächsten Artikel Virrechten Artikel