Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet
International Neiegkeeten

Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet

Haut ass et esou wäit! Den Donald Trump hält seng

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
International Neiegkeeten

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al

D‘Mëttelalterfest vun Useldeng ass net dat eenzegt Fest a sengem

Wäert d’Hillary Clinton nach emol an d’Renne goen?
International Neiegkeeten

Wäert d’Hillary Clinton nach emol an d’Renne goen?

De Stephen Colbert kann sech net grad iwwert e Mangel

Ukrain-Telefonat: Alles nëmmen eng Propagandaschluecht

Whistleblower schwätzt vu Vertuschung, Demokrate sinn entsat a Republikaner sichen eng Hex

Ukrain-Telefonat: Alles nëmmen eng Propagandaschluecht

Alles huet domatter ugefaangen, datt ee Mataarbechter vum US-Geheimdéngscht sech, bezunn op den Inhalt vum Telefonat tëscht dem US-President an dem ukrainesche President, beschwéiert hat. Et ass am Inhalt ëm Amtsmëssbrauch gaangen, wat vum Donald Trump kategoresch dementéiert an als Hexejuegd am Kontext vum US-Presidentschaftswahlkampf veranstalt gëtt.

No zolittem politeschen Drock säitens den Demokraten an de Medien, huet de Milliardär, deen zum Telefonat zougehéierege Gespréichsprotokoll entklassifizéiert. En Dokument datt natierlech direkt ronderëm d‘Welt gaangen ass, an aus deem – bis op de Virworf Informatiounen zum Hunter Biden, Bouf vum enkste Wahlkampfgéigner, gefrot ze hunn – eigentlech näischt Verwerfleches ervirgeet.

TelefonatDat huet d‘Demokraten am Representantenhaus schlussendlech awer net dovunner ofgehalen, en Amtsenthiewungsverfaren ze fuerderen an och unzestriewen. An et schéngt sech hannert dësem „Gespréichsprotokoll“ méi ze verstoppen, wéi dat vum Wäissen Haus a sengem Locataire bis ewell wollt erkannt ginn. Den Informant werft dem Wäissen Haus elo och nach Vertuschung vir…

Esou zumindest steet et an der schrëftlecher Reklamatioun vum Geheimdéngschtmataarbechter, dee vum Geheimdéngschtausschoss verëffentlecht ginn ass. Hei heescht et, datt féierend Mataarbechter vum Wäissen Haus Enn Juli „beméit“ waren, den Zougang zur wuertwiertlecher Matschrëft ze verhënneren. Ass deem esou, da wieren déi vum „Team Trump“ gemaachten Aussoen eng Ligen.

Net virbildlech, net demokratesch

A senger „Reklamatioun“ huet de Whistleblower drop verwisen, datt „méi Regierungsvertrieder“ drop verwisen hunn, datt den US-President iwwer säi Büro versicht huet d‘Ukrain fir perséinlech Wahlkampfzwecker anzespanen. De Coordinateur vun den US-Geheimdéngschter, Joseph Maguire, huet sech elo schützend virun den Informant gestallt, a bestätegt dësen hätt d‘Gesetz respektéiert.

TelefonatFir d‘Cheffin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, ass dat ee klore Verstouss géint demokratesch Grondsätz an erwisenermoossen eng Vertuschung. D‘Demokraten hätten dann och keng Wiel méi gehat, wéi en Amtsenthiewungsverfare géint de 45. US-President anzeleeden. Ob d‘Prozedur dann och Aussiicht op Erfolleg kann hunn? Dat gëtt bis ewell nach ëmmer vun den Experte bezweiwelt.

Et kann een dogéint novollzéien, datt d‘Nancy Pelosi – déi ee ganz natierlecht Interessi dorunner huet de Milliardär bei der Däiwel ze joen – géintiwwer de Medie gemengt huet: „Et ass eng traureg Woch fir eist Land. D‘Traueregkeet wiisst all Dag, well d‘Mëssuechtung, déi de President fir eis Verfassung huet, ëmmer méi däitlech gëtt“. Dat eleng geet awer net duer fir senger lass ze ginn.

mat indymedia/was

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Amtsenthiewungsverfaren, Donald Trump, Impeachment, Joe Biden, Telefonsgespréich, Wolodymyr Selenski
Nächsten Artikel Virrechten Artikel